Lift Gronn-Uewerstad

Vu Wikipedia
Agank vum Lift um Helleg-Geescht-Plateau
Agank bei de Lift am Gronn

De Lift Gronn-Uewerstad ass - nieft dem Lift Pafendall-Uewerstad - ee vun den zwéi Lifter an der Stad Lëtzebuerg, déi e Quartier aus der Ënner- mat der Uewerstad verbannen. E gouf den 20. Mäerz 1987 a Betrib geholl; d'Baukäschte louche bei 60 Millioune Frang vun deemools.[1]

De Lift gouf, zesumme mam Parking Saint-Esprit, an der Mëtt vun den 1980er Jore gebaut. Nieft enger méi kamouder Verbindung fir Foussgänger tëscht den zwéi Quartiere sollt hie sou och d'Offer u Parkplaze fir Leit, déi am Gronn ze dinn hunn, erhéijen. D'Statioun am Dall läit um Enn vun engem klengen Tunnel, Op der Schmëdd, tëscht dem leschten Haus am Grënnerbierg (Nr. 28) an deem éischten an der Rue Saint-Ulric (Nr.4). Déi uewenop ass an engem Haischen tëscht de Gebaier vun der Cité judiciaire.

Zanter 1998 gi laanscht d'Mauere vum Tunnel reegelméisseg Mol- oder Bastelaarbechte vu Stater Schüler ausgestallt.[2]

En ass gratis, bewaacht an dofir an der Nuecht tëscht 2:00 a 6:30 net a Betrib (Freides a samschdes tëscht 4:00 a 6:30).

Nieft dësem Lift ass nach en zweeten, vu wou een awer just vum Plateau uewen déi verschidde Parkdecker vum ënnerierdesche Parking ufuere kann.

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Undriff: ?
  • Vertikal Längt: 45 Meter
  • Horizontal Längt vum Tunnel: 55 Meter
  • Héichtenënnerscheed: 45 Meter
  • Vitess vum Lift: 1.8 Meter an der Sekonn
  • Fuerzäit: 25 Sekonnen
  • Maximal erlaabt Charge: 1,875 Tonnen (ca. 25 Persounen)
  • Dimensioun vun der Kabinn: 2.40 x 1.60 Meter

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Lëtzebuerger Chronik 1986/87", in: Lëtzebuerger Almanach '88, S.254.
  2. "30 Jahre Aufzug Oberstadt-Grund: In 25 Sekunden in den 'Gronn'." wort.lu, 20. Mäerz 2017, 06:30.