Minettseelbunn Huttbierg-Rëmelenger Schmelz

Vu Wikipedia

D'Minettseelbunn Huttbierg-Rëmelenger Schmelz war déi éischt Seelbunn fir den Transport vun Eisenäerz zu Lëtzebuerg. 1875 hat den deemolegen Direkter vun der Rëmelenger Schmelz eng d'Seelbunn bei der Firma Pohlig vu Siegen bestallt.

Den Undriff an d'Spaanwierk stoungen um Huttbierg um Terrain vun der Minière. Si war sou gebaut datt d'Buggien d'Minett direkt an d'Giicht vum Héichuewe getippt hunn. De Kock gouf mat engem sonnere Lift eropgezunn.

D'Poteaue waren am Ufank aus Holz a goufen 1884 fir d'Fërderung an d'Luucht ze dreiwe mat stole Masten ersat.

Wéi d'HADIR nom Éischte Weltkrich d'Schmelz iwwerholl hat gouf se 1919 zougemaach an alles gouf verschrott.

Et war eng duebel Seelbunn a se huet iwwer eng Streck vu ronn 400 Meter gefouert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]