Veianer Sessellift

De Veianer Sessellift am Ourdall zu Veianen ass den 2. Juli 1955 ageweit ginn, an ass deen eenzege Sessellift op Héichmasten am Grand-Duché.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Iddi fir de Bau vun der Anlag goung eigentlech vum Touristeveräin vun Dikrech aus, deen Ufank den 1950er Joren sou e Sessellift fir op den Härebierg baue wollt. Well dunn awer um Härebierg d'Militärkasäre gebaut goufen, konnt déi Iddi net realiséiert ginn. Vun där Iddi hate se zu Veianen awer och héieren an hu se fir hir Zwecker adaptéiert. De Raymond Frisch, President vum Syndicat d'initiatives, huet et tatsächlech fäerdegbruecht, datt de Sessellift zu Veianen gebaut gouf.
Iwwer de Wanter 2005-2006 gouf de Sessellift vun der Firma Bartholet Metallbau AG vu Flums an der Schwäiz komplett renovéiert, an et goufen dobäi 1.060 Meter nei Droseeler agezunn. Investéiert goufen dobäi 2,2 Milliounen Euro.
E gouf déi éischt 30 Joer vun der Société du télésiège bedriwwen. 1985 huet d'Gemeng Veianen en iwwerholl an e bis 2020 u verschidde Concessionnairë verlount. Zanter 2021 bedreift si e selwer.[1]
Streck a Passagéier
[änneren | Quelltext änneren]D'Streck vun der Dallstatioun an der rue du Sanatorium bis op d'Biergstatioun ass ronn 458 Meter laang.
Vun 210 m (NG-L) féiert de Lift mat sengen 42 duebele Sëtzer iwwer d'Our an d'Strooss Veianen - Biwels (d'rue du Vieux Marché, respektiv d'N10) op 370 Meter Héicht bei e Belvedère, deen op enger Fielsnues läit, wou de Millebierg an de Romebierg zesummekommen.
Vun do huet een e Panoramabléck op Veianen, d'Buerg an d'Staumauer.
De Sessellift transportéiert am Duerchschnëtt 70.000 Leit am Joer. A Spëtzendeeg fuere bis zu 1.500 Leit mat (Zuele vum Joer 2016).
Dee wuel bekanntste Passagéier war de Mick Jagger, dee bei Geleeënheet vum Concert vun de Rolling Stones, de 27. August 1995 zu Lëtzebuerg, e privaten Ausfluch mat engem vu senger Kanner bis op Veiane gemaach huet, an dobäi awer vun der automatescher Kamera, déi vun all Sëtz eng Foto mécht, déi een da kafe kann, erfaasst gouf. Kopië vun dëser Foto sinn doruechter zu Veianen ze gesinn.[1]
Technesch Donnéeën
[änneren | Quelltext änneren]
- Fest installéiert 2er-Sesselbunn (Sf2), no europäeschen Normen gebaut, an no der Direktiv 2000/9/EG CE-zertifiéiert Touristenanlag
- Undriff: Motorhaus am Dall, Ënnerfluranlag, mat engem Motor vu 55 kW an engem Diesel-Noutaggregat (45 kW)
- Spansystem: mechanesch
- Horizontal Längt: 429,6 Meter
- Schréi Längt: 458,9 Meter
- Héicht vun der Biergstatioun: 370 m
- Héichtenënnerscheed: 161 Meter
- Vitess: max. 1,5 Meter an der Sekonn (5,4 km/h)
- Transportleeschtung an der Stonn: max. 460 Persounen
- Sëtzer: 42 Duebelsëtzer, dovun zwéin, mat deenen ee ka Vëloe mathuelen
- Fuerzäit: minimal 5,5 Minutten
- Ëffnungszäiten: vun Ouschtere bis déi drëtt Woch am Oktober
Seeler
[änneren | Quelltext änneren]D'Seeler goufe vun der Firma Teufelberger vu Wels (Éisträich) fabrizéiert. Se hunn en Duerchmiesser vun 30 mm, a sinn an der Konstruktioun 6x19 Seale. Sou Seeler hunn eng Mindestbrochkraaft vun 59.400 Kilo.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Nico Muller: Viandens Draht nach oben am Luxemburger Wort vum 13. August 2016, S.30, och op wort.lu, 16. August 2016: Besuchermagnet Sessellift - Viandens Evergreen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Veianer Sessellift – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Der Sessellift op der Websäit vun der Veianer Gemeng (de)
- Seilbahn in Vianden Kuerze Film op Youtube mat der Vue vum Sessellift aus
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Nico Muller: "Was der Sessellift in Vianden mit Mick Jagger zu tun hat." wort.lu [w+], 18.08.2025.