Nivellement général du Luxembourg


Den Nivellement général du Luxembourg, ofgekierzt NG-L, ass en topographesche Relevé vum Lëtzebuerger Land.
Den NG-L baséiert op engem geometreschen Nivellement, an ëmfaasst 3.800 Héichtepunkten am Land wat enger Dicht vun 1,8 Punkte pro km² entsprécht. De Referenzpunkt fir d'Héichten zu Lëtzebuerg ass op der Wemperhaart op enger Héicht vu 528,030 Meter.[1]
D'Referenz fir den Nullpunkt, oder d'Miereshéicht, ass de Peegel vun Amsterdam.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Meter iwwer Mier (Schwäiz)
- Meter iwwer Adria (Éisträich)
- Normalnull
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Kaart mat den Héichtepunkten op Geoportail
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ National Height Datum: NG95. act.public.lu (03.2021). Gekuckt de(n) 07.07.2021.