Dikrech
Dikrech Dikrich | |
---|---|
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Diekirch de: Diekirch |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Dikrech |
Buergermeeschter | Charel Weiler (CSV) |
Awunner | 7.295 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 195 m |
Koordinaten |
49° 52’ 05’’ N 06° 09’ 24’’ O |
D'Gemeng Dikrech (orange) am Kanton Dikrech (rout) | |
Dikrech (lokal: Dikrich[1]) ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Dikrech.
D'Stad ass den Haaptuert vum Kanton Dikrech, wéi och vum fréieren Distrikt. Dikrech bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbuer, entworf vum Bonifatius Stirnberg, an der Groussgaass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrecher Iesel.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]Hiren Numm huet d'Stad, dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no, aus der Zäit vum Karel dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéieren huet hien dunn zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm, deen d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch = Vollekskierch), ass am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstanen.
Et ass awer méi warscheinlech, datt Dikrech scho virum Karel dem Groussen zu de fréiste Paren am Land gehéiert huet, wéi Obeler, Hollerech, Weimeschkierch, Miersch, asw.[2]
Ënner der Bezeechnung Diecirke gouf d'Stad Dikrech fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schonn an der Réimerzäit gouf et op der Plaz vun der haiteger Alstad e grousse landwirtschaftlechen Haff. Do virdrun huet de Kiem Tongeren-Tréier iwwer d'Sauer gefouert.
Am Mëttelalter hunn d'Dikrecher sech mat Festungsmauere geschützt, mat 8 Tierm a 4 Paarten, virun deenen e Waassergruef war.
Dikrech ass och bekannt duerch säi fréieren Hippodrom, op deem 1895 déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg geridde gouf. D'Päerdscourssen, déi do bis zum Zweete Weltkrich, an nach eng Kéier duerno, geridde goufen, waren ëmmer staark besicht.
Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemools am Dezember 1944, wou de ganze Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv war, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.
Zanter 1955 ass zu Dikrech, um Härebierg, an der eenzeger Militärkasär vum Land, d'Lëtzebuerger Arméi stationéiert.
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Muséeën
[änneren | Quelltext änneren]- De gréisste Musée zu Dikrech ass den Nationale Militärgeschichtsmusée, de Musée national d'histoire militaire (MNHM), op Englesch National Museum of Military History. Nieft dem wichtegsten Deel, senger Sammlung aus der Ardennenoffensiv, behandelt d'Ausstellung och Theeme wéi d'Gefaangenschaft vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert oder d'Grënnung vun der Lëtzebuerger Arméi an hir Aufgaben nom Krich.
- De Geschichtsmusée vun der Stad Dikrech nieft der St Laurenz Kierch, de Musée d'histoire(s) Diekirch (MHSD), an deem e Réimermosaik aus dem 3. Joerhonnert ausgestallt ass. Vum Musée aus kann een d'Krypta vun där Kierch gesinn. De Musée ass de 17. September 2011 opgaangen.
- De Conservatoire national de véhicules historiques (CNVH) an der fréierer Kutschefabréck Jean-Wagner.
- De Geschichtsmusée vun der Dikrecher Brauerei: Musée d'histoire de la brasserie de Diekirch.
- De Beiemusée.
- Den Däiwelselter ass dat eelst Monument zu Dikrech. De 7 Meter héije Steebou ass awer keen Altor, mä et soll sech ëm e Graf handelen, dat vun 2000 v. o. Z. stame soll, dat 1892 zu engem Steebou zesummegesat ginn ass.
- Am Staddeel Al Dikrech steet déi fréier Parkierch St Laurenz Kierch aus dem 6. Joerhonnert, einfach Al Kierch genannt, an där reegelméisseg Concerte gespillt ginn. Déi nei St Laurenz Kierch ass aus dem 19. Joerhonnert.
- Den Ieselsbuer an der Groussgaass.
- D'Zockerfabrick vun der aler Dikrecher Brauerei, déi zanter 2011 op der Lëscht vun den immeubles et objets inscrits à l'inventaire supplémentaire[3] stoung, ass den 18. Abrëll 2021 duerch e Groussbrand staark beschiedegt ginn[4].
Verschiddenes
[änneren | Quelltext änneren]Lycéeën
[änneren | Quelltext änneren]- Dikrech huet 3 Lycéeën:
- de Lycée classique de Diekirch (LCD), mat zwee Gebaier: dem ale Gebai an der Avenue de la Gare, an dem neie Gebai an der Rue Joseph Merten;
- d'École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL), d'Hotelsschoul;
- den Nordstad-Lycée (NoSL).
- Dikrech war 1977 déi éischt Lëtzebuerger Stad mat enger Foussgängerzon.
Manifestatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen, déi am ganze Land bis iwwer d'Grenzen eraus bekannt sinn:
Bekannt Dikrecher
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph Bech (1887-1975), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg an ee vun de Grënnerpappe vun der Europäescher Union
- Yves Clausse (* 1969), Schwëmmer, huet bei den Olympesche Spiller vu Seoul (1988) a vu Barcelona (1992) deelgeholl
- Frank Engel (* 10. Mee 1975), Politiker (CSV), Deputéierten am Europäesche Parlament
- Paul Eyschen (1841-1915), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg
- Alexis Heck (1830-1908), Grënner vum Lëtzebuerger Tourismuswiesen, no deem d'Hotelsschoul ursprénglech genannt war
- Jos Herr (1910-1989), Affekot, Politiker, Historiker an Dikrecher Buergermeeschter
- Jos Kinzé (1918-2003), Organist a Komponist, Citoyen méritant vun Dikrech
- Michel Lentz (1820-1893), Lëtzebuerger Dichter a Verfaasser vun der Heemecht
- Mathias Mongenast (1843-1926), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg
- Dominik Constantin München (1763-1818, Theolog, Historiker, Paschtouer a Buergermeeschter zu Dikrech
- Claude Turmes (* 26. November 1960), Politiker (Déi Gréng), Deputéierten am Europäesche Parlament
- François-Julien Vannerus (1779-1850), Nottär a Buergermeeschter zu Dikrech
- François-Ernest Vannérus (1830-1908), Industriellen a Politiker
- Simon Vannerus (1746-1792), Nottär zu Dikrech
- Lucien Weiler (* 3. August1951), Politiker (CSV)
- Mathias Wolff (1779-1857), kathoulesche Priister a Jesuittepater
- Pascal Zeihen (* 18. Mäerz 1972), Mathematiker a Fuerscher
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Dikrech
- Ficellesbréck zu Dikrech
- Gare Dikrech
- Dikrecher Wéngerten
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Dikrech op enger Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
-
Zentrum an Härebierg ëm 1906.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Emile Donckel "Wenn der Ortsname auf Volkskirche gedeutet werden könnte, dann allerdings dürfte bereits vor der Einrichtung der Pfarrorganisation in der Merowingerzeit in Diekirch ein kirchlicher Stützpunkt bestanden haben". Unsere Pfarrer von 1326 bis 1793 - Ein Beitrag zu einer Pfarrgeschichte von Diekirch, in: 700 - Livre du 7ième Centenaire de l'Affranchissement de la Ville de Diekirch; Dikrech (Imprimerie du Nord), 1960; vgl. d'Ss. 69- 91.
- ↑ Liste des immeubles et objets classés monuments nationaux inscrits à l'inventaire supplémentaire, gekuckt den 19. Abrëll 2021
- ↑ Groussbrand an der aler Brauerei, Feier zu Dikrech war e Sonndegmëtteg nach emol ugaangen, gekuckt op rtl.lu den 19. Abrëll 2021