Altor

Vu Wikipedia

En Altor ass ursprénglech e Steen oder en Assemblage vu Steng op deem engem oder méi Gëtter en (Déieren-)Affer duerbruecht gëtt (cf. Gn 22,9).

Altär gëtt et a ville Relioune mat ënnerschiddleche Verwendungen, sou gëtt et z. B. Altär op deene Statue veréiert ginn an dëse Wäihrauchaffer duerbruecht ginn.

Altär an der kathoulescher Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Den Altor ass, nieft dem Tabernakel, déi wichtegst Plaz an enger kathoulescher Kierch well op him d'Eucharistie gefeiert gëtt an deem no kathoulescher Opfaassung d'Affer vu Jesus Christus present gëtt.

Normalerweis gëtt en Altor virum éischte Gebrauch vum Bëschof geweit an et gëtt Reliquien dran agelooss.

Schema vun engem Héichaltor mat engem Triptychon am Retabel

Altär[änneren | Quelltext änneren]

  • De Volleksaltor ass den Altor, a Form vun engem Dësch, op deem hautdesdaags d'Mass gefeiert gëtt (dofir nennt een en och nach Zelebratiounsaltor); e gouf no der Liturgiereform an alle Kierchen opgestallt, fir datt de Priister sech de Leit kann zoukéiere wann en d'Eucharistie feiert. An neien oder frëschgemaachte Kierchen ass et den eenzegen Altor an der Kierch.
  • Um Héichaltor, deen hannen am Chouer steet, gouf virun der Liturgiereform d'Mass gefeiert, well de Priister virdru stoung (an de Leit de Réck gedréit huet) konnt dësen Altor en héijen Opbau (Retabel) hunn (dohier den Numm). An dësem Opbau war den Tabernakel an dodriwwer Statuen oder eng Molerei (meeschtens a Relatioun mam Patréiner vun der Kierch). Hautdesdaags gëtt dësen Altor net méi benotzt, steet awer nach a ville Kierche wéinst senger konschthistorescher Bedeitung.
  • Säiten- oder Niewenaltär gëtt et dacks méi an enger Kierch. Si stamen aus enger Zäit, an där nach méi Masse konnte gläichzäiteg an enger Kierch gefeiert ginn, also bis zur Liturgiereform. Vun der Form hier gläiche se staark dem Héichaltor, se si just méi kleng, well se meeschtens mateneen opgestallt goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Altär – Biller, Videoen oder Audiodateien