Priister

Vu Wikipedia
E kathoulesche Bëschof erdeelt d'Priisterwei

E Priister (griich. πρεσβύτερος, presbyteros: Eelsten) ass eng Persoun, déi duerch eng reliéis oder gëttlech Kraaft ervirgehuewen oder geweit ass an dann als Vertrieder oder am Optrag vun enger Reliounsgemeinschaft, kultesch a rituell Handlunge vollzitt an doduerch als Vermëttler tëscht de Mënschen a Gott ugesi gëtt.

D'Amt, d'Funktioun an d'Verständnes vum Priister hänkt vun de verschiddene Reliounen a Konfessiounen of.

Am Juddentum an am Islam gëtt et keng Vermëttler tëscht Gott an de Mënschen, deemno sinn de Rabbiner an den Iman och keng Priister.

Kathoulesch Kierch[änneren | Quelltext änneren]

An der Kathoulescher Kierch gëtt et engersäits Diözesanpriister oder Weltpriister: Si sinn an engem Bistum inkardinéiert, d.h. se gehéieren zu deem lokale Klerus an ënnerstinn dem Bëschof. Op der anerer Säit gëtt et Uerdenspriister: Si sinn an engem Uerden inkardinéiert, liewen no den Uerdensreegelen a stinn am Gehorsam vis-à-vis vun hirem Uerdensieweschten.

  • E Priister gëtt op Lëtzebuergesch och e Geeschtlechen (lat. sacerdos) genannt. Priister gëtt een duerch d'Sakrament vun der Priisterwei. Doduerch huet een d'Recht eng Mass ze halen an d'Sakramenter ze spenden an et gehéiert een zum Klerus vun der kathoulescher Kierch.
  • E Priister, deen eng Par verwalt gëtt Paschtouer genannt.
  • E Priister, deen dem Paschtouer hëlleft eng Par ze verwalten, gëtt Kaploun genannt.
  • E Priister gëtt am franséischsproochege Raum dacks mat Abbé ugeriet.
  • En Uerdenspriister gëtt op Lëtzebuergesch och Pater genannt, woubäi en Uerdensmann, deen net Priister ass, Brudder genannt gëtt.

Orthodox Kierch[änneren | Quelltext änneren]

E Priister an der Orthodoxer Kierch gëtt Pope (Russesch: поп, pop) genannt. Dat russescht Wuert pop kënnt vum Griicheschen παππαζ, (pappas), vun deem Wuert och d'Wuert Poopst staamt.

Vill Pope praktizéieren hir orthodox Relioun a Kierchen oder Kapellen, mä anerer, och nach Mënche genannt, doe sech a klenge Gruppen zesumme fir sech a Kléischter z'isoléieren (z. B. d'Meteoren an Nordgriicheland).

Am Géigesaz zu kathoulesche Paschtéier musse se sech net obligatoresch un d'Zölibat halen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Priisteren – Biller, Videoen oder Audiodateien