Rabbiner

Vu Wikipedia

E Rabbiner ass e Fonctionnaire vun der jiddescher Relioun. Dëse reliéisen Titel aus dem Juddentum ass vum hebräesche Rav oder dem aramäesche Rabbuni ("Meeschter") ofgeleet. Déi sephardesch Rabbiner gi Chacham genannt.

Rabbi war bis an d'Mëttelalter eran en Éierentitel fir besonnesch Tora-Geléiertheet. Souguer de Jesus vun Nazaret gëtt am Neien Testament als Rabbi ugesprach.

D'Rabbiner hunn e besonnesche Stand an der Bibel erreecht zanter der Zäit vum babyloneschen Exil am Buch Esra 7,6.11. De Priister Esra gëtt an där Iwwerliwwerung als erfuerene Geléierte vun der Schrëft ernimmt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rabbiner – Biller, Videoen oder Audiodateien