Bibel

Vu Wikipedia
Eng Sammlung vu Bibelen a verschiddene Sproochen

D'Bibel (gr. τα βιβλια - Bicher) ass d'Helleg Schrëft vun de Chrëschten. Et handelt sech ëm eng Sammlung vu Bicher a Bréiwer, déi tëscht 1000 v. Chr. an 100 n. Chr. am Mëttelmierraum geschriwwe goufen. Den Inhalt vun dëse Bicher ass ganz verschidden, sou fënnt een z. B. Heldenepen, Gesetzsammlungen, Spréchwierder, Berichter, Erzielungen, Gedichter, Gebieder, Bréiwer. Meeschtens ass den Inhalt mat dem jiddesch-chrëschtleche Gott a Relatioun.

Déi chrëschtlech Bibel besteet aus zwéi groussen Deeler, dem sougenannten Alen Testament an dem Neien Testament. Dat Aalt Testament ass gréisstendeels op Hebräesch geschriwwen an entsprécht der jiddescher helleger Schrëft. D'Neit Testament, dat op Griichesch geschriwwen ass, gëtt just vum Chrëschtentum unerkannt an handelt haaptsächlech vum Jesus. Fir den Islam ass d'Bibel och e wichtegt Buch, awer laang net sou wichteg wéi de Koran, dee fir d'Muselmanen dat onverfälscht Wuert vu Gott verkierpert.

Am 4. Joerhonnert gouf d'Bibel integral op Latäin iwwersat (Vulgata). Am 16. Joerhonnert huet de Martin Luther d'Originaltexter op Däitsch iwwersat. Am Protestantismus hat d'Helleg Schrëft zanterhier en héije Stellewäert. An der kathoulescher Kierch gouf déi wichteg Roll vun der Bibel beim Zweete Vatikanesche Konzil ënnerstrach: D'Bibel soll net nëmmen als Zitatereservoir gëlle fir Léieren ze justifiéieren, mä als sollech an als Ganzt eescht geholl ginn.

D'Wëssenschaft, déi sech mat der Ausleeung vun der Bibel befaasst, gëtt Exeges genannt. Hei gëtt et verschidde Richtungen. Am bekanntsten ass déi historesch-kritesch Exeges, déi den historeschen Entstéiungshannergrond vun den Texter studéiert, sou wéi d'Entstoen an d'Wuesse vun den eenzelen Texter, déi a ville Fäll e puermol modifizéiert an ergänzt gi sinn.

D'Bibel op Lëtzebuergesch[änneren | Quelltext änneren]

Am Optrag vun der Kathoulescher Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Fir den Ufank vum neie Kierchejoer 2009/2010, dem 1. Adventssonndeg (29. November 2009), huet den Äerzbistum Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat den Éditions Saint-Paul en Evangeliar op Lëtzebuergesch erausginn. An deem Evangeliar, deen eigentlech en Evangelistar ass, fënnt een d'Evangelientexter vun de Sonndeger a vun de grousse Festdeeg aus der kathoulescher Liturgie. En ass mat 12 Biller vum Jean-Marie Biwer illustréiert. An der Aarbechtsgrupp "Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch", déi un dësem Evangeliar geschafft hunn, waren: Claude Bache, Fränz Biver-Pettinger, Jeannot Gillen a Carine Hensgen.

Op der Websäit vun der Kathoulescher Kierch ginn no an no all déi Texter zesumme mat engem "Schlëssel", "Weeweiser" a Kommentaren, déi den Zougank zum Bibeltext erliichtere wëllen, op de Spaweck gesat[1].

Am Joer 2018 sinn d'Evangelium nom Matthäus, d'Evangelium nom Johannes an d'Evangelium nom Markus op Lëtzebuergesch verëffentlecht ginn. 2019 ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vum véierten Evangelium, d'Evangelium nom Lukas, publizéiert ginn.[2]

Zur Zäit gëtt et awer nach ëmmer keng komplett Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch. Dofir gëtt et op d'mannst dräi Grënn:

  1. Däitsch war an ass d'Haaptsprooch vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. Et ass an där Sprooch, wou gebiet gouf a gëtt, wou d'Paschtéier d'Mass gehalen hunn, an 't ass bis haut nach ëmmer sou, datt däitsch Iwwersetzunge vun der Bibel a lëtzebuergeschsproochege Masse gebraucht ginn.
  2. Dat geschriwwent Lëtzebuergesch huet sech eréischt zanter dem Sproochegesetz vun 1984 emanzipéiert, wou et méi ëffentlech geschriwwe gëtt.
  3. Et gëtt keng Grupp, déi eng ganz Iwwersetzung vun der Bibel probéiert huet.

Et gëtt scho säit September 2020 eng komplett Versioun vun der Bibel, iwwersat vum RV1960 an d'Luxumburgues Sprooch. Iwwersat vum S. Palmer, mat technologeschen Iwwersetzungsinstrumenter. Dëst fannt Dir op: http://matew24.blogspot.com/2020/09/biblia-completa-en-luxemburguesdei.html

Aner Usätz[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt och nach aner Versich, d'Bibel oder Deeler vun der Bibel op Lëtzebuergesch z'iwwersetzen:

  • De Félix Molitor an de Raymond Schaack hunn 1996 d'Psalmen op Lëtzebuergesch iwwersat. Gréisstendeels si se vum Martin Buber senger däitscher Iwwersetzung a vun där franséischer vun der Bible de Jérusalem ausgaangen. D'Poesie vun dësen Texter op Lëtzebuergesch ukléngen ze loossen ass d'Uleies vun dëser Publikatioun. Eng Auswiel vun dëse Psalme fënnt een um Spaweck bei bibel.lu.
  • De Francis Hierzig huet an de Joren 2001-2003 "Dem Herrgott säin Wuert" erausginn, wou hien a 4 Bänn d'Liesunge vun de Sonndeger aus den 3 Liesjoren A, B an C, wéi och d'Liesunge fir d'Fester uechter d'Joer a fir aner Feierlechkeeten op Lëtzebuergesch iwwersat huet a jeeweils och op Lëtzebuergesch ageféiert huet.
  • Den Dieter Zimmer an den Oswald Oesch verëffentlechen zanter 2010 op evangelium.lu ënner den Titel Bibel fir alleguer eenzel Bicher aus dem Neien Testament op Lëtzebuergesch. Bis elo sinn dat d'Markusevangelium, d'Bréiwer un d'Galater, d'Epheser an d'Philipper. Et ass awer net gewosst, ob dee Projet weidergefouert gëtt, well den Domaine net méi aktiv ass.
  • Den Abt Emile Moinet huet 2012, no fënnef Joer Aarbecht, eng komplett Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch fäerdeg gestallt.[3] D'Iwwersetzung ass awer bis haut nach net publizéiert ginn an den Abt Emile Moinet ass 2019 verstuerwen.[4]
  • D'Bibel fir Lëtzebuerg a.s.b.l. huet am November 2014 d'Evangelium vum Johannes ënnert dem Titel De Jean op Lëtzebuergesch verëffentlecht. D'Auteursrechter vun dëser Iwwersetzung leie bei Bibles International ®, USA. Dësen Iwwersetzergrupp huet als Zil all 66 Bicher (aus dem protestantesche Kanon) vun der Bibel op Lëtzebuergesch ze verëffentlechen.
  • D'Bibel fir Lëtzebuerg a.s.b.l. huet am Oktober 2017 D'Neit Testament op Lëtzebuergesch verëffentlecht[5]. Zu dëser Verëffentlechung gëtt et e kritesche Kommentar vun der Dr Fränz Biver-Pettinger aus der Luxembourg School of Religion & Society[6].
  • D'RV1960 Bibel (D'Bibel RV1960). S.Palmer Iwwersetzer baséiert op technologeschen Iwwersetzungsinstrumenter.[1]

D'Bicher aus der Bibel[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Bicher aus der Bibel (no der Reiefolleg vun der TOB (traduction oecuménique de la Bible)):

Aalt Testament[änneren | Quelltext änneren]

Pentateuch[änneren | Quelltext änneren]

Genesis - Exodus - Levitikus - Numeri - Deuteronomium

Prophéitebicher[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Prophéiten[änneren | Quelltext änneren]

Josua - Riichter - Samuel 1 - Samuel 2 - Kinneken 1 - Kinneken 2

Lescht Prophéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Jesaia
  • Jeremias
  • Ezechiel
  • Hosea
  • Joël
  • Amos
  • Abdias
  • Jonas
  • Micha
  • Nahum
  • Habakuk
  • Zefania
  • Haggai
  • Zacharia
  • Maleachi

Aner Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Psalmen
  • Job
  • Spréchwierder
  • Rut
  • Lidd vun de Lidder
  • Kohelet
  • Lamentatiounen
  • Ester
  • Daniel
  • Esra
  • Nehemia
  • Chronik 1
  • Chronik 2

Deuterokanonesch Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Dës Bicher sinn op Griichesch geschriwwen an zielen dofir net fir de jiddesche Kanon a sinn an der Bibel vum Martin Luther dohier separéiert.

  • Ester (griicheschen Deel)
  • Judith
  • Tobit
  • Makkabäer 1
  • Makkabäer 2
  • Wäisheet
  • Jesus Sirach
  • Baruch
  • Bréif vum Jeremias

Neit Testament[änneren | Quelltext änneren]

D'Nimm sinn an de jeweilegen Iwwersetzunge verschidden, well et konnt ee sech leider nach net op eenheetlech Nimm verstännegen.

Evangelien[änneren | Quelltext änneren]

Apostelgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bréiwer vum Paulus[änneren | Quelltext änneren]

  • Réimer
  • Korinther 1
  • Korinther 2
  • Galater
  • Epheser
  • Philipper
  • Kolosser
  • Thessaloniker 1
  • Thessaloniker 2
  • Timotheus/Timothée/Timon 1
  • Timotheus/Timothée/Timon 2
  • Titus
  • Philemon

Bréif un d'Hebräer[änneren | Quelltext änneren]

Kathoulesch Bréiwer[änneren | Quelltext änneren]

  • Jakobus/Jacques/Jack
  • Péitrus/Pierre/Pit 1
  • Péitrus/Pierre/Pit 2
  • Johannes/Jean/Jang 1
  • Johannes/Jean/Jang 2
  • Johannes/Jean/Jang 3
  • Judas

Offenbarung[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Neit Testament op Lëtzebuergesch, gebonnen, Bibel fir Lëtzebuerg asbl, 2017, ISBN 978-99959-0-330-5.
  • Evangeliar op Lëtzebuergesch, Groussformat, gebonnen, 28 x 39 cm, 514 Säiten, éditions saint-paul, 2009, ISBN 978-2-87963-765-5. Handformat, gebonnen, 14 x 19,5 cm, 518 Säiten, éditions saint-paul, 2009, ISBN 978-2-87963-766-2.
  • Dem Herrgott säi Wuert, Aféierung an d'Liesunge vun de Sonndeger an de Festdeeg am Kierchejoer: mat engem Versuch vum Francis Hierzig, d'Liesungstexter op Lëtzebuergesch z'iwwersetzen, 4 Bänn, 2001-2003, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, Luxembourg, F. Quintus bibnet.lu
  • D'Psalmen op Lëtzebuergesch, iwwersat vun de Professere Félix Molitor a Raymond Schaack mat Psalmen-Illustratioune vum Marc Chagall, Eis Sprooch, Extra-Serie, Nr. 18, 1995/1996, Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
  • Verziel mir aus der Bibel, Dem Jesus säi Liewen, fir Kanner, Publications Zack, Info-Video-Center, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1996, ISBN 2-87963-253-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bibel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Texter a Kommentaren zu Bibeltexter op cathol.lu
  2. Elo um Bichermaart: D'Lukas-Evangelium. Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg. Gekuckt de(n) 2020-05-18.
  3. Diocèse de Namur - Grâce à l'abbé Moinet, la Bible se lit aussi en luxembourgeois. www.diocesedenamur.be Gearchiveerd op 2019-08-31. Gekuckt de(n) 2020-05-18.
  4. Il avait traduit toute la Bible en luxembourgeois. L'essentiel. Gekuckt de(n) 2020-05-18.
  5. D'Neit Testament op Lëtzebuergesch op bfl.lu
  6. Dr Fränz-Biver-Pettinger, Compte-rendu de: D'Neit Testament op Lëtzebuergesch, 16.05.2018