Evangeliar

Vu Wikipedia

En Evangeliar ass e liturgescht Buch mat de kompletten Texter vun de véier Evangelien. D'Evangeliaren aus fréimëttelalterlecher Zäit ware meeschtens ganz konschträich a mat wäertvolle Biller versinn. En Evangeliar ënnerscheet sech vun engem Evangelistar doduerch, datt am Evangelistar just déi Auszich oder Liesabschnitter (Perikopen) aus den Evangelie stinn, déi och an engem Gottesdéngscht gebraucht ginn. Den Ënnerscheed zu engem Lektionar besteet doran, datt am Lektionar all biblesch Liesunge vun all e Sonndeger a Festdeeg aus engem Kierchejoer stinn.

Besonnesch bekannt ass den Iechternacher Evangeliar, dat Gëllent Evangeliebuch aus dem 11. Jh. Aus der selwechter Zäit staamt och den Iechternacher Evangelistar.

Am November 2009 gouf en Evangeliar op Lëtzebuergesch verëffentlecht. An dësem Evangeliar fënnt een awer net déi ganz Evangelien, mä just d'Evangelientexter vun de Sonndeger a vun de grousse Festdeeg aus der kathoulescher Liturgie fir d'Liesjoren A, B an C an d'Evangelie fir d'Oktavzäit. Biller vum Jean-Marie Biwer illustréieren dëst Wierk, dat zwar Evangeliar heescht, méi richteg awer awer en Evangelistar ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Evangeliar op Lëtzebuergesch, Groussformat, gebonnen, 28 x 39 cm, 514 Säiten, éditions saint-paul, 2009, ISBN 9782879637655. Handformat, gebonnen, 14 x 19,5 cm, 518 Säiten, éditions saint-paul, 2009, ISBN 9782879637662.