Raymond Schaack

Vu Wikipedia
Raymond Schaack
Gebuer 30. September 1936
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


De Raymond Schaack, gebuer den 30. September 1936 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller a pensionéierte Lycéesprofesser.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondairesstudium am Stater Jongelycée (LGL) huet de Raymond Schaack - ënner anerem - Geschicht, Franséisch a Latäin zu Lëtzebuerg op de Cours supérieurs (1955/56), a vun 1956 bis 1959 zu Paräis op der Sorbonne an op der École des chartes studéiert. Nom Militärdéngscht krut hien eng Bourse fir op Perugia Italieenesch léieren ze goen.

Duerno huet hien am LGL säi Stage pédagogique gemaach, woubäi hien eng gréisser Aarbecht iwwer Le tribunal criminel du Département des Forêts pendant les années IV à VII de la République geschriwwen huet (1963; ~285 Säiten). Vun 1963 bis 1965 war hie Professer am Escher Jongelycée (LGE), a vun 1965 bis zu senger Pensioun am Joer 2000 war hien erëm am Stater Jongelycée. Hien huet haaptsächlech Geschicht a Franséisch ginn.

Vun 1969 bis 1974 war de Raymond Schaack President vun der APESS, an zanter 2002 ass hien effektive Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.

De Raymond Schaack huet Gedichter, Erënnerungen, Essaien, sprooch- a kulturkritesch Iwwerleeungen a, mat sengem Jong Luc, Kriminalgeschichte geschriwwen a publizéiert. Hie schreift an den dräi Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geleefeg sinn. Zesumme mam Félix Molitor huet hien D'Psalmen op Lëtzebuergesch iwwersat (1996). De Raymond Schaack ass och bekannt fir seng kritesch Lieserbréiwer, an deenen hien, meeschtens am Luxemburger Wort, alles ënner d'Lupp hëlt, wat senger Meenung no géint de gesonde Mënscheverstand verstéisst.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Luxembourg ; mat Fotoe vum Marcel Schroeder, Benoît Roland, Jean-Charles Pinheira a Jean-Pierre Duval; Virwuert vum Victor Hugo (!); Paräis, Romain Pages Éditions (collection "Intime Europe"), 1991; 127 Säiten. ISBN 2-908878-11-9
  • Blieder ; Gedichter; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1993.
  • Onyx ; Gedichter a franséischer Sprooch; Lëtzebuerg, Eegeverlag (Drock & Diffusioun: St.-Paulus), 1996; 166 Säiten.
  • Runen ; Gedichter an däitscher Sprooch; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 1998.
  • Verwonsche Welten ; Geschichten op Lëtzebuergesch; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 1998. ISBN 2-87963-287-0
  • Eng autobiographesch Trilogie; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag:
  1. Éislécker Erënnerungen ; 1990.
  2. Stater Stëbs ; 1995; 296 Säiten. ISBN 2-87963-222-6
  3. Studente, Spunten a Stagiären ; 1999; 381 Säiten. ISBN 2-87963-320-6
  • L'ABC en vadrouille ; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2003; 463 Säiten. ISBN 2-87963-450-4
  • Das Atmen des Steins ; Gedichter an däitscher Sprooch; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2006; 110 Säiten. ISBN 2-87963-607-8
  • (mam Luc Schaack) E Fall fir de Charel - Kriminalgeschichten ; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2001; 203 Säiten. ISBN 2-87963-380-X
  • Le cimetière Notre-Dame: Rites et monuments funéraires - Vandalisme public au Luxembourg ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 24|2229, Ss. 5-6 (ill.); = Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 18. September 2008.
  • (mam Luc Schaack) Nei Fäll fir de Charel - Kriminalgeschichten ; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2010; 328 Säiten. ISBN 978-2-87963-771-6
  • Voyages dans l'imaginaire ; 21 Texter, mat Illustratioune vum Pierre Schumacher; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2011; 288 Säiten. ISBN 978-2-919903-98-6