Cours supérieurs

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Cours supérieurs ware bis 1969 zu Lëtzebuerg en Enseignement um Niveau vum éischten Universitéitsjoer. No dësem Studiejoer hunn d'Studente sech op enger Universitéit am Ausland ageschriwwen.

1969 goufen d'Cours supérieurs a Cours universitaires ëmbenannt[1] an an deen nei geschaafte Centre universitaire de Luxembourg integréiert.

De Centre universitaire de Luxembourg (Cunlux) gouf 2003 vun der neigeschaafter Université du Luxembourg ofgeléist.

Studium no de Cours supérieurs[änneren | Quelltext änneren]

  • Bis 1967 hu sech d'Studenten no de Cours supérieurs als élèves libres op enger auslännescher Universitéit ageschriwwen. No hire 4 Joer Universitéitstudien hu si dann den Ofschlossexamen am Kader vun der Collation des grades zu Lëtzebuerg gemaach.
  • 1968 gouf d'Collation des grades ofgeschaaft an d'Studenten hu sech no de Cours supérieurs, respektiv de Cours universitaires, als élèves réguliers op enger Rëtsch auslänneschen Universitéiten, mat deenen de Lëtzebuerger Staat eng Konventioun ënnerschriwwen hat, am zweeten Universitéitsjoer ageschriwwen. Hir Examen hunn se also vun 1969 un op 'hirer' Universitéit gemaach.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

  • E Virleefer vun de Cours supérieurs war de Cours de philosophie, dee 1686, ënner dem Louis XIV., zu Lëtzebuerg agefouert gouf, an dee bis 1815 bestanen huet. No dësen eejährege Course konnte sech d'Studenten an der Faculté de théologie, de droit et de médecine op der Universitéit zu Louvain aschreiwen.
  • 1817 huet den hollännesche Régime de Kolléisch, dee kuerz virdrunn als Athénée royal de Luxembourg nei gegrënnt gi war, mat sougenannte Cours académiques versinn, dat well d'Stad Lëtzebuerg verkéierstechnesch ongënschteg am Verglach zu den Universitéite vu Léck, Léiwen a Gent loug. Duerch d'Reform Friedemann (~1836) sinn dës Coursen eng Zäit verschwonn, bis se als Cours supérieurs nei gegrënnt goufen.
  • 1848 (Gesetz vum 23. Juli) goufen d'Cours supérieurs nei ageriicht. Si hunn aus zwou Sektioune bestanen: Philosophie et Lettres a Physique et Mathématiques.
  • No hire Studien op de Cours supérieurs hu sech d'Studenten als élèves libres op enger auslännescher Universitéit ageschriwwen (si hunn also keng Examen op ‘hirer’ Universitéit gemaach, mee lafend, no all Joer, hir Exame - no engem virgeschriwwene Programm - virun engem lëtzebuergesche Jury ofgeluecht).

No der Universitéit hunn d'Studenten den Ofschlossexamen (dee sougenannte Doktorat) vun der Collation des grades zu Lëtzebuerg gemaach.

  • D'Collation des grades gouf 1968 ofgeschaaft. Vun do un hunn all lëtzebuergesch Studenten hir Examen op den auslänneschen Universitéite gemaach.
  • 1969 goufen d'Cours supérieurs a Cours universitaires ëmbenannt an an dee neigeschaafte Centre universitaire de Luxembourg (Gesetz vum 18. Juni 1969) integréiert.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche, 2000. Le Livre blanc de l'enseignement supérieur au grand-duché de Luxembourg. [1]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Art. 8. vum folgende Gesetz: Loi du 18 juin 1969 sur l'enseignement supérieur et l'homologation des titres et grades étrangers d'enseignement supérieur. Mémorial A Nr. 27 vun 1969: Les Cours supérieurs sont maintenus comme première année d'études universitaires et prennent la dénomination de Cours universitaires.