Edouard Marc Kayser

Vu Wikipedia
Edouard Marc Kayser
Gebuer 14. Februar 1954
Fontainebleau
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Auteur, Lycéesprofesser
Famill
Papp Robert Kayser

Den Edouard Marc (Ed) Kayser, gebuer de 14. Februar 1954 zu Fontainebleau, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur. Hien ënnerschreift meeschtens mat Edouard M. Kayser.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Edouard Marc Kayser ass als Jong vum lëtzebuergeschen Offizéier Robert Kayser a vun enger franséischer Mamm zu Fontainebleau (Seine-et-Marne) gebuer. No der Primärschoul zu Fontainebleau an zu Dikrech huet hie säi Secondaire an der École apostolique de Clairefontaine (deemools Gemeng Nidderelter, haut Arel) gemaach, a mat engem lëtzebuergesche Premièresexamen (A classique), deen am Lycée Michel-Rodange geschriwwe gouf, ofgeschloss.

No engem Ëmwee am Fach Droit huet den Edouard Marc Kayser op der Université libre vu Bréissel Geschicht studéiert. Hien huet sech staark am Cercle d'Histoire vun der ULB engagéiert an ass reegelméisseg a Virliesungen am Institut des Hautes Études de Belgique an am Institut Martin Buber gaangen. Seng Diplomaarbecht (Spezialitéit Mëttelalter) huet hien iwwer d'Uertschaft Gréiwemaacher (vun der Virgeschicht bis an d'14. Joerhonnert) geschriwwen. Am Kader vum dräijärege Stage pédagogique fir Geschichtsprofesser ze ginn, huet hien eng Thees iwwer d'18. Joerhonnert am Herzogtum Lëtzebuerg (sozio-ekonomesch, sanitär an administrativ Aspekter) verdeedegt an e pedagogesche Mémoire iwwer d'Vermëttlung vun der politesch-diplomatescher Evolutioun vum Groussherzogtum tëscht 1814/15 an 1867 am klasseschen Unterrecht geschriwwen.

No enger éischter Ustellung am Lycée technique d'Ettelbruck, huet hie sech der Rei no an de Lycée technique Nic-Biever zu Diddeléng, an de Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht an an de Kolléisch um Geesseknäppche versetze gelooss. Zanter dem 1. Oktober 2017 ass en Éiereprofesser vum Kolléisch.

Den Edouard Marc Kayser ass zanter Abrëll 2000 Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal an zanter 2012 ass hien am Redaktiounscomité vun der Kulturzäitschrëft récré - Ausbléck.

Hie wunnt an der Stad Lëtzebuerg, ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Edouard Marc Kayser intresséiert sech allgemeng fir d'Evolutioun vu Lëtzebuerg am geschichtlech gewuessene Raum tëscht Meuse a Musel, speziell am Mëttelalter, am spéiden Ancien Régime an am 19. Joerhonnert, awer och fir d'Historiographie, fir d'Vergaangenheet vum haitege Benelux, besonnesch vun de südlechen Nidderlanden (Pays-Bas méridionaux -> Belsch), a fir d'Geschicht vun der europäescher Integratioun. Donieft probéiert hien d'Aarbecht vun de lëtzebuergeschen Archeologen, speziell am gallo-réimesche Beräich, am A ze behalen. Och d'Literatur an d'Bildungspolitik gehéieren zu sengen Intressegebidder.

Artikelen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Un aspect méconnu de la réalité linguistique belge: la région d'Arlon (Areler Land); in: Eis Sprooch iwert all Grenzen ; Broschür vun Areler Land a Sprooch; Diddebuerg/Thiaumont & Heeschtert/Heinstert, Oktober 1979. = Neioplo vum Artikel, dee schonn am Abrëll 1979 an der Nr. 4 / 1978-1979 vum Bulletin du Cercle d'Histoire de l'ULB publizéiert gi war.
  • Quousque tandem Belgica...? Ou: Peut-on encore en rire dans la conjoncture actuelle? In: Die Warte - Perspectives Nr. 9 / 1283, Luxemburger Wort vum 11. Mäerz 1982; vgl. dozou: Eis Sprooch, erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch, Nr. 14 / Nei Folleg / XX. Joer / 1982, S. 48.
  • Le dénombrement général de 1784 dans les Pays-Bas autrichiens et l'état de la population luxembourgeoise à la fin de l'Ancien Régime (1766-1784); in: Hémecht, Jg. 36 (1984), Heft 1; Ss. 79-93.
  • Notre président d'honneur, Émile Krieps, ancien agent parachutiste; Interview in: 20 ans Cercle Para Luxembourg (1965-1985) ; Broschür fir den 20. Anniversaire vum Lëtzebuerger Fallschiirmveräin; Lëtzebuerg, Drock: rapid press, 1985; Ss. 16-20, Bibliographie.
  • Nippon 85 - Mon opinion sur le Japon; in: Annuaire de l'ALUC 1986 = Nr. 4/1986 vun nos cahiers, Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur (Supplément de l'ALUC); Ss. 161-165.
  • 1910, année zéro de notre lycée - En feuilletant les gazettes...; in: Lycée Hubert-Clément 1911-1986; Broschür fir de 75. Anniversaire ; Esch-Uelzecht, 1986; Ss. 41-46.
  • La réforme des usages en matière de sépulture dans le Duché de Luxembourg, en particulier dans la capitale-forteresse (1770-1784); in: Châteaux-forts, Ville et Forteresse, recueil édité en l'honneur de Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz; Les Amis de l'Histoire, Luxembourg et Jeunes et Patrimoine, Luxembourg, 1986; Ss. 59-67.
  • État, Nation, indépendance, dynastie... Les prétextes aux fêtes commémoratives de 1989 dans leur perspective historique; in: Ré-Création 4; Dikrech, APESS-Verlag, 1988; Ss. 5-10.
  • Le développement du quartier <<Insel>> - Un aspect de la croissance d'Esch-sur-Alzette; in: Galerie, Joergang 6 (Déifferdeng, 1988), Heft Nr. 1; Ss. 51-56.
  • Quand les jeunes filles en fleurs sortaient de l'ombre - Coups de projecteur sur une époque; in: Lycée de Jeunes Filles - Lycée Robert Schuman (1909-1989); Broschür fir den 80. Anniversaire vun der Grënnung vum Stadter Meedercheslycée; Lëtzebuerg, 1989; Ss. 61-66 (Bibliogr.).
  • Le phénomène épidémique dans le duché de Luxembourg à la fin du régime autrichien; in: Medizinhistorisches Journal - Internationale Vierteljahresschrift für Wissenschaftsgeschichte ; Band 24 (1989), Heft 1/2; Gustav Fischer Verlag, Stuttgart & New York, 1989; Ss. 65-78.
  • (zesumme mam Roger Petit) La Révolution belge: la dernière tentation de l'intégration; in: livre-catalogue de l'exposition De l'État à la Nation - 1839-1989 ; Lëtzebuerg, 1989; Ss. 71-77.
  • Grandeur et décadence du Pont d'Oye (XVIIe et XVIIIe siècles) - Note d'histoire socio-économique et littéraire; in: Ré-Création 7; Dikrech, APESS-Verlag, 1991; Ss. 107-132.
  • En marge d'un centenaire: Sherlock Holmes au Luxembourg; ou: Quand la fiction bouscule l'histoire; in: Reflets du Lycée Hubert-Clément - 1991; Esch-Uelzecht, 1991; Ss. 201-206. - Betrëfft dem Charles Hamer säi Krimi Sherlock Holmes au Luxembourg (Sankt-Paulus, 1983).
  • Qui a peur des Saxons? Note à propos du toponyme Sassenheim (Suessem) / Sanem; in: Galerie, Jg. 10 (Déifferdeng, 1992), Heft Nr.1; Ss. 41-43.
  • La petite cour littéraire de la marquise du Pont d'Oye. Un aspect méconnu de la vie culturelle dans le Duché de Luxembourg au Siècle des Lumières; in: Revue luxembourgeoise de Littérature générale et comparée, Lëtzebuerg, 1992; Ss. 67-77.
  • De la <<curtis Machera>> à la ville-marché de Grevenmacher. Un exemple particulier de développement urbain dans le Luxembourg médiéval (XIIe-XIVe siècles); in: Hémecht, Jg. 45 (1993); Ss. 5-30.
  • Du Grand-Duché de Belgique mort-né [1790] au Grand-Duché de Luxembourg partagé [1839/'43] - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle; in: récré 10; Dikrech, APESS-Verlag, 1994; Ss. 169-188.
  • Europe chez le généalogiste - Réflexions et références à propos de la dimension européenne dans l'enseignement; in: récré 11; Dikrech, APESS-Verlag, 1995; Ss. 163-175.
  • Note sur la valeur d'usage du dénombrement thérésien pour l'étude des catégories socio-professionnelles dans le duché de Luxembourg. Le cas des professions médicales et paramédicales vers 1770; in: récré 12; Dikrech, APESS-Verlag, 1996; Ss. 99-106.
  • Entre Trèves et Luxembourg: (Greven-)Macher - De la 'curtis' archiépiscopale à la ville-neuve comtale; in: Actes des 7es Journées archéologiques de Luxembourg (juillet 1995) ; Bulletin des Antiquités luxembourgeoises 26, Ss. 6-36; Lëtzebuerg 1997.
  • De la <<civilisation>> luxembourgeoise en général et de son enseignement en particulier; in: récré 13; Dikrech, APESS-Verlag, 1997; Ss. 149-158.
  • Abécédaire de pédagogie contemporaine (extraits) ; in: annALes - d'annALe vum Staadter [sic] Kolléisch, 04 / 2010-2011; Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 2011; Ss. 344-349; ISBN 978-99959-631-3-2
  • Clio, quo vadis? - Quelques considérations sur l'histoire (recherche et enseignement) au Grand-Duché au début du XXIe siècle; in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Stater Kolléisch, Nr. 11/2017-2018; Lëtzebuerg (Kolléisch & Print Solutions), erauskomm am Mee 2019; Ss. 404-407 (Ill., Referenzen).
  • Les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe, une famille en phase avec les évolutions de son temps ; in: Biografie - Itinerari - Migrazioni / Biographies - Itinéraires - Migrations. Scambi industriali italo-lussemburghesi nelle attività minerarie e siderurgiche in Piemonte e Val d'Aosta tra XIX e XX secolo / Échanges industriels italo-luxembourgeois dans les activités minières et sidérurgiques au Piémont et dans la Vallée d'Aoste entre XIXe et XXe siècle. [= Actes de la Journée internationale d'études, Luxembourg, 3 décembre 2011]; Torino / Turin (Centro Studi Piemontesi), [Dezember] 2013; Ss. 95-108 (ill., Bibliogr.). - ISBN 978-88-8262-207-7
  • Le Père Joseph (Auguste) Gredt (1863-1940), un << learned Benedictine philosopher-scientist >>  ; in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Nr. 1 / 2013; Ss. 93-104 (ill., Bibliographie).
  • Les frères Alphonse, Paul et Félix Gredt - Trois autres anciens de l'Athénée; in: annALes - d'annALe vum Staadter [sic] Kolléisch, 07 / 2013-2014; Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 2014; Ss. 384-389 (4 Ill.; Bibliogr.); ISBN 978-99959-631-6-3
  • Un esprit libre au "siècle de l'histoire": le Luxembourgeois Jean-Jacques Altmeyer (1804-1877), promoteur de l'U.L.B., de l'école historique belge et du progrès social; in: récré / Ausbléck, Nr. 29; APESS-Verlag, (Mäerz) 2016; Ss. 151-209 (ill., Bibliogr.). ISBN 978-2-87979-129-6
  • À l'occasion d'un bicentenaire (1817-2017): L'Athénée, établissement phare de la vie éducative et culturelle du Luxembourg; in: ons stad, Nr. 116, 2017; Ss. 36-37 (ill.).
  • 1940-1945: "Nous n'avons pas tous été des héros", "Les Luxembourgeois n'ont pas tous été des résistants"... Réflexions à propos d'affirmations dans l'air du temps; in: Récré, Nr. 30 (Mäerz 2019); Ss. 57-73.
  • Pour une juste présentation du passé. Réflexions suscitées par la lecture d'articles d'historiens publiés dans la presse; in: Récré, Nr. 31; APESS-Verlag, (Mä) 2021; Ss. 55-70 (Bibliogr.).
  • Le Luxembourg en Europe: une histoire d'heurs et de malheurs, de risques encourus, de paradoxes et d'occasions saisies; in: Récré, Nr. 32; APESS-Verlag, (Juli) 2022; Ss. 73-103 (ill., Bibliogr.).

Bicher (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Gouvernants et gouvernés face aux épidémies dans le Luxembourg au XVIIIe siècle; (= Band XCI vun der Bichersérie <<Anciens Pays et Assemblées d'États / Standen en Landen>>); B-Heule/Kortrijk (Courtrai), 1990. ISBN 90-6768-161-X. Vgl. dozou: p.c., Nos ancêtres au quotidien; in: d'Letzeburger Land, 37. Jgg., Nr. 27 (6. Juli 1990), S. 13 (Rubrik: Kulturspiegel); an z. B. och Ann F. La Berge, in: The American Historical Review, Vol. 96, No. 5 (Dec., 1991), p. 1562.
  • Quelque part entre Vienne et Londres... - Le Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à 1867; Sankt-Paulus-Verlag, Lëtzebuerg, 1990. ISBN 2-87963-077-0
  • Irgendwo zwischen Wien und London... - Das Grossherzogtum Luxemburg von 1815 bis 1867; (däitsch Iwwersetzung vun der Marlyse Pauly); Sankt-Paulus-Verlag, Lëtzebuerg, 1990. ISBN 2-87963-076-2
  • (Co-Auteur), L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993 (= 400 Joer Kolléisch, Bd. II); Lëtzebuerg (éditions Saint-Paul), 2003. - 18 Kuerzbiographien.
  • (Coordinateur vun der Publikatioun & Co-Auteur), De Kolléisch 2017, 2 Bänn (257 + 310 Säiten) an een USB-Stick; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions Luxembourg), [Sept.] 2018. - Ee Virwuert an aacht Beiträg, dovun dräi an Zesummenaarbecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]