Robert Kayser

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Jean Alphonse Robert ('Bob') Kayser, gebuer den 10. September 1921 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Abrëll 1998 zu Bréissel, war en Offizéier, BEM ('Breveté d'État-Major'), vun der Lëtzebuerger Arméi (bis 1976); duerno war hien am Déngscht vun den Affaires étrangères vu Lëtzebuerg (1983-1992) zu Stockholm, respektiv zu Wien.

Hie war mat enger franséischer Offizéieschduechter bestuet an hat fënnef Kanner.

Formatioun a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

1940: "Matura" am Kolléisch "Mariahilf" vu Schwyz (CH) wou hien Internatsschüler war.

1940-42: 1-2 Semesteren op der Technescher Universitéit vu Karlsruhe (Maschinnebau); dunn, gezwongenerweis, "Reichsarbeitsdienst".

Oktober 1942: an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert; zu Küstrin (haut Polen) zum Panzergrenadéier ausgebilt.

1943-45: de Bob Kayser hat d'Chance, an Italien un d'Front geschéckt ze ginn. Beim Volturno-Floss, an der Géigend vun Neapel, dréckt hie vun der Wehrmacht un a kënnt bei d'Amerikaner. Iwwer en Transitlager an Algerien kënnt hien dunn an England wou hie sech fräiwëlleg an d'"Brigade Piron" mellt. De Rescht vum Krich erlieft hien an de Reie vun der "Luxembourg Battery", déi eng vun den dräi Artillerie-Batterië vun der "Brigade Piron" gebilt huet.

Am Mee 1944 gouf de Bob Kayser an eng OCTU (Officer Cadet Training Unit) ugeholl, konnt awer säi Studium do eréischt am Februar 1945, no senger Bedeelegung un de Kämpf an der Normandie an un der Campagne vu Frankräich-Belsch-Holland, ophuelen. No senger Formatioun an der OCTU gouf hien als Offizéieschaspirant an déi jonk Lëtzebuerger Arméi integréiert.

1946-47: Studien op der ETH vun Zürich (Weiderbildung op der Sektioun vun de militäresche Wëssenschaften) a verschidden aner Léiergäng a Stagen (ë. a. en All Arms Tactical Course am Formatiounszentrum vun der britescher Rhäinarméi bei Paderborn). Duerno verbréngt de Läitnant Bob Kayser zéng Méint beim 2. lëtzebuergesche Batailloun zu Béibreg, ënner dem Kommando vum Majouer Albrecht. Hie kënnt dunn an den État-Major an d'Stad a gëtt uganks Mäerz 1949, als Vertrieder vum Grand-Duché, an den integréierten alliéierten État-Major geschéckt, deen nom Bréisseler Pakt zu Fontainebleau (F) installéiert gi war, a vum britesche Feldmarschall Bernard L. Montgomery dirigéiert gouf. Zu Fontainebleau hat hien dacks Kontakt mam Generol a spéidere 'Maréchal de France' Jean de Lattre de Tassigny a mam Generol André Navereau.

16. Juni 1950: Bestietnes mat der Louise Ducros vu Fontainebleau, Duechter vun engem franséischen Artilleriescommandant ("Chef d'Escadron") dee laang op der École d'application de l'artillerie dozéiert hat.

Oktober 1950: zréck an der Stad kritt de Bob Kayser eng Affektatioun am 4. Büro (Logistik).

9. Mee 1951: Ernennung zum Éischte Läitnant (lieutenant en 1er).

1954: Field Grade Officer Course vu fënnef Méint an der Infanterie-Schoul zu Fort Benning, Georgia (USA). Zréck zu Lëtzebuerg kënnt de Bob an den 3. Büro (Instruktioun, Organisatioun an Operatiounen). Gëtt zum Kapitän ernannt.

1957: kommandéiert dat 6. Batailloun vun der Lëtzebuerger Arméi.

1958-60: Studium op der 'École supérieure de Guerre' vu Paräis (72. Promotioun); 'Breveté d'Études militaires supérieures'.

1961: Commandant en second vum Centre d'Instruction de l'Armée um Härebierg zu Dikrech.

Enn 1962 gëtt de Majouer Bob Kayser un de 'Commandement du Territoire' am Sennenger Schlass affektéiert ('Bataillon d'intervention mobile').

Vum Dezember 1965 un ass hie militäresche Conseiller am Arméisministère ënner dem deemolege Minister Marcel Fischbach.

1967-72: no der Ofschafung vum obligatoresche Militärdéngscht an der Reorganisatioun vun der Arméi (ënner dem Lt-Colonel 'Miko' Mayer als de facto Chef d'État-Major) gëtt de Majouer Bob Kayser Kommandant vum 'Centre d'Instruction de l'Armée' um Härebierg (Dikrech).

Enn 1972-September 1976: de Bob Kayser gëtt Permanente Lëtzebuerger Vertrieder am Militäresche Komitee vun der NATO, zu Bréissel, an Nationale Militäresche Vertrieder vu Lëtzebuerg am SHAPE (Supreme Headquarters Allied Powers Europe), zu Casteau bei Mons, an och Militäresche Conseiller vun der Permanenter Delegatioun vum Grand-Duché am Nordatlantik-Rot (Bréissel).

1976: de Bob Kayser gëtt als Lt-Colonel pensionéiert.

Enn 1983 gëtt de Lt-Colonel (BEM) honoraire Bob Kayser vun der Regierung (Colette Flesch, Ausseministesch) op Stockholm geschéckt, an zwar als Chef adjoint vun der lëtzebuergescher Delegatioun bei der KSZE (Konferenz fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa). Dobäi handelt et sech ëm eng Suite vum Helsinki-Prozess.

1986: no dräi Joer zu Stockholm gëtt de Bob Kayser mat deene selwechte Funktiounen op Wien fir eng nei KSZE-Ronn geschéckt. Do bleift hie gutt fënnef Joer ir hie sech definitiv aus dem aktive Liewen zréckzitt. Säi Liewensowend verbréngt hien tëscht Lëtzebuerg a Bréissel.

De Bob Kayser hat eng ganz Rëtsch vu lëtzebuergeschen an auslännesche Krichsdekoratiounen, Uerden an aner Medailen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La Contre-Offensive des Ardennes (dite aussi de Von Rundstedt); mat engem Virwuert vum Generol de Lattre de Tassigny ; Lëtzebuerg (Imprimerie Bourg-Bourger), ouni Datum (1950?); 26 S..
  • (mam Jacques Dollar): Histoire de la "Luxembourg Battery"; mat engem Virwuert vum Generol Jacques Massu ; erausgi mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Force publique a vum Conseil national de la Résistance; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie centrale), 1982; 200 Säiten.
  • La "Luxembourg Battery" dans le cadre général des événements de 1944; in: Luxemburger Wort, Jg. 135 (1982), Nr. 290 => Ausgab vum 16. Dezember 1982, S. 15, 5 Kaarten.
  • Avant d'entrer dans la danse...: la "Luxembourg Battery" dans l'attente du débarquement; in: Luxemburger Marienkalender, Jg. 114 (1995), Ss. 48-54, ill., Bibliogr..

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Koch-Kent, Sie boten Trotz (1939-1945) - Luxemburger im Freiheitskampf; Lëtzebuerg (Imprimerie Hermann), 1974; vgl. Ss. 310-320.
  • Guy Weber (Lt-Colonel), Évadés - Voyageurs sans passeport; Bréissel, Louis Musin éditeur, 1979; vgl. Ss. 28-29.
  • (vl), Ein Kapitel Resistenzgeschichte - Das Buch: Histoire de la "Luxembourg Battery" von Jacques Dollar und Robert Kayser wurde vorgestellt; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 16. Oktober 1982.
  • L'"Histoire de la 'Luxembourg Battery'" présentée à la caserne du Herrenberg; in: Le Républicain lorrain, Ausgab vum 20. Oktober 1982
  • Jacques Dollar, Le Général de Lattre de Tassigny et le Luxembourg; Sonnerdrock vun engem Artikel, deen de 6. Mee 1999 an de Kultursäite vun der Dageszeitung 'La Voix du Luxembourg' erauskoum.