Brigade Piron

Vu Wikipedia

D'Brigade Piron offiziell 1. Belsch Brigade gouf am Zweete Weltkrich a Wales (Pays de Galles), Groussbritannien (Insel) vum Jean-Baptiste Piron zesummegestallt a stoung ënner dem ieweschte Kommando vun der kanadescher 6th Airborne Division vun der 1. Kanadescher Améi. Vum 28. August 1944 u stoung si awer dunn ënner dem Kommando vun der 49. Englescher Divisioun.

Wee vun der Brigade am Krich an duerno[änneren | Quelltext änneren]

D'Brigade huet aus ongeféier 4500 belschen a lëtzebuergeschen Zaldote bestanen, déi sech aus hire besate Länner no England duerchgeschloen haten. D'Brigade, déi net an den éischte Stonne vun der alliéierter Invasioun bedeelegt war, ass de 7. August 1944 zu Arromanches bei Courseulles gelant, an huet den 21. August zu Cabourg, den 22. August zu Deauville, de 24. August zu Trouville-sur-Mer an de 25. August zu Honfleur déi däitsch Truppe verdriwwen.

Duerno war d'Brigade un der Liberatioun vun der Belsch bedeelegt. Si ass den 3. September bei Rogny iwwer d'belsch-franséisch Grenz gaangen an huet een Dag méi spéit Bréissel vun den däitsche Besatzungstruppe gerengegt.

No e puer Deeg Congé fir hir Familljen ze besiche waren d'Zaldote vun der Brigade erëm beim Feldzuch an Holland dobäi. Hir zu Éieren huet déi kleng hollännesch Stad Thorn, well d'Brigade do d'Truppe vun der Wehrmacht verdriwwen huet, eng Bréck op den Numm Brigade Piron-Bréck gedeeft. Op der Brussels Bridge iwwer d'Zuid-Willemsvaart zu Bree erënnert e Panneau un d'Kämpf déi d'Brigade sech do mat den Däitschen de 25. September 1944 geliwwert huet.

Nom Krich war si de Stack vun der neigeschaafter Belscher Arméi . Si war laang an Däitschland stationéiert, an der Géigend vu Siegen a vu Lüdenscheid.

Spéider gouf s'op Bataillon de la Libération ëmgedeeft an ass haut an der Kasär zu Leopoldsbourg stationéiert.

Lëtzebuerger an der Brigade Piron[änneren | Quelltext änneren]

Offizéier[änneren | Quelltext änneren]

Ënneroffizéier[änneren | Quelltext änneren]

  • Metti Krier, (sergent-chef)
  • Will Doerfel, (sergent, chef de pièce), nom Krich Ënneroffizéier an der lëtzebuergescher Arméi
  • Jean-Pierre Pütz, (1er sergent, chef de pièce)
  • Emil Wagner, (sergent, chef de pièce)
  • Aloïs Goerend, (sergent, chef de pièce)

Zaldoten[änneren | Quelltext änneren]

  • Adamy Joseph, Matricule 4890, Artillery Battery
  • Altmann Pierre, Artillery Battery
  • Altzinger René
  • Backes Mathias, Matricule 5218, Artillery Battery
  • Albert Barthel, Kaperol, Matricule 4755, Artillery Battery
  • Paul Weis, (*1921), Matricule 4496, an der Artillery Battery als GPO Assistant, nom Krich ARBEDs Employé, Instrukter beim Roude Kräiz a spéideren Direkter am Schlass zu Kolpech
  • Paul Diederich, Matricule 0063, an den Arm. Cars Squadron - Services als Assist QM
  • Edmond Pepin, Matricule 5580, nom Krich Schoulmeeschter zu Osper, Beggen a Weimeschkierch
  • Robert Kayser, (Pseudonym, well virdrun Zwangsrekrutéiert: Durand) Matricule 4914; Artillery - Ligne; nom Krich Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi; 1967-1972 Kommandant um Härebierg; duerno, permanente Vertrieder vum Grand-Duché am Militäresche Conseil vun der NATO zu Bréissel-Evere.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Breyne, Roland: La Brigade Piron, Louvain-la-Neuve, Université Catholique de Louvain, Séminaires d'histoire contemporaine consacrés à la vie quotidienne pendant la Seconde Guerre mondiale en Brabant wallon, Hainaut et Namurois, 1985, 78 Säiten.
  • Huygebaert, Inge: Jean-Baptiste Piron, de man achter de Brigade, Koninklijke Militaire School Brussel. Alle Wapens Afdeling, 2004, 123 Blieder.
  • Demarets, Michael (Zeechnungen): Carnet de Campagne. La Brigade Piron en Normandie, Ostende, Éditions Erel, 1946, 56 Säiten.
  • Musschoot, Pierre, l'unité de ravitaillement de la « Brigade Piron. Un essai historique, Hamois-en-Condroz, Éditions Vezham, 1999, 35 Säiten.
  • Gelard, J., Lt-Col. BEM (e.r.): L'artillerie belge en Grande-Bretagne et dans les combats de la Libération (1941-1945) - First Belgian Field Battery (Regiment); Louvain-la-Neuve (Cabay) & Villers-la-Bonne-Eau (a.s.b.l. "Musée de la Parole au Pays de Bastogne"), 1986.
  • Jacques Dollar & Robert Kayser, Lt-Col. BEMS (e.r.): Histoire de la "Luxembourg Battery"; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie Centrale), 1982.
  • Wanty, Jacques: Combattre avec la Brigade Piron; Bréissel, Éd. J.-M. Collet, 1985.
  • Dewandre, Roger, Lt-Général (e.r.): Au galop de nos blindés 1940-1945; Bréissel, Éd. J.-M. Collet, 1981 (1991 zu Braine-l'Alleud als Täschebuch nei erauskomm).
  • Weber, Guy: Des hommes oubliés - Histoire et histoires de la Brigade Piron; Bréissel, Éditions Louis Musin, 1978.
  • Weber, Guy: Maurice Poncelet (1904-1985), le cerveau de la Brigade Piron, S.N.S.1., Datum onbekannt, 97 Blieder.
  • Edmond Pepin: Frontwechsel - Mein abenteuerlicher Weg zur Brigade Piron; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2006.
  • Wuyts, Louis: De ontscheping in Normandië. Een hel van tachtig eindeloze dagen. Frans Jacobs uit Peutie bevocht de Duitsers als soldaat van Brigade Piron, Zondagnieuws, 11. Juni 1984.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brigade Piron – Biller, Videoen oder Audiodateien