Courseulles-sur-Mer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Courseulles-sur-Mer
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason region fr Normandie.svg Normandie
Departement Blason département fr Calvados.svg Calvados
Arrondissement Caen
Kanton Courseulles-sur-Mer
Postcode 14470
Gemengecode 14191
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 20’ 01’’ N
     00° 27’ 23’’ W
Fläch  7,92 ha
Bevëlkerung  3 886 (1999)

Courseulles-sur-Mer ass eng franséisch Gemeng am Departement Calvados an der Basse-Normandie.

Communautéit[änneren | Quelltext änneren]

Courseulles-sur-Mer gehéiert zu der Communauté de communes "Bessin Seules et Mer" an där 12 Gemengen zesummegeschloss sinn an der Géigend vu Courseulles an Arromanches.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1957 huet d'Uertschaft Courseulles geheescht an duerno gouf se a Courseulles-sur-Mer ëmgedeeft.

Plazen a Monumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • Centre Juno Beach, e kulturellen Centre iwwer de Kanada, deen eenzege Kanadesche Musée op de Plagë vum Debarquement mat dem Juno Park an de Jardins de la Mer
  • Den Aquarium Maison de la Mer
  • De Musée vu Courseulles
  • D'Gare vu Courseulles
  • D'Pied vun der Fräiheet (Sentiers de la Liberté), Trëppelpied iwwer d'Sitë vum alliéierten Debarquement.

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Debarquement vun den alliéierten Truppen de 6. Juni 1944 op Juno Beach. De Generol De Gaulle ass och mat de franséischen Truppen 1944 do gelant.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Courseulles-sur-Mer – Biller, Videoen oder Audiodateien