Charles de Gaulle

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Charles de Gaulle
General Charles de Gaulle in 1945.jpg
Portrait vun 1945
Gebuertsnumm Charles André Joseph de Gaulle Maillot
Gebuer 22. November 1890
Gestuerwen 9. November 1970
Colombey-les-Deux-Églises
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Offizéier, Staatsmann, Politiker, Militär
Partei Union des démocrates pour la République, Rassemblement du peuple français
Famill
Bestuet mat Yvonne de Gaulle
Papp Henri de Gaulle
Mamm Jeanne Maillot
Geschwëster Marie-Agnès de Gaulle, Jacques de Gaulle, Xavier de Gaulle, Pierre de Gaulle
Kanner Anne de Gaulle, Philippe de Gaulle, Élisabeth de Gaulle
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Charles de Gaulle, gebuer den 22. November 1890 zu Lille a gestuerwen den 9. November 1970 zu Colombey-les-Deux-Églises, war e franséische Generol a Staatsmann a vun 1959 bis 1969 den 18. President vun der franséischer Republik. Hie war de Grënner vun der Fënnefter Republik, an och där hiren éischte President. Hien ass och als Auteur, ë. a. vu Memoirë bekannt.

Famill, Jugend a Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Dem Charles de Gaulle seng Famill schengt dem Eric Roussel no, hir Wuerzelen deelweis a Wales (Pays de Galles) ze hunn[1]. De Julien Philippe de Gaulle, dem Charles de Gaulle säi Grousspapp an Historiker huet no senge genealogesche Fuerschunge festgehalen datt d'Famill eng normannesch Ofstamung hätt.[2]

Wéi och ëmmer, virun der Franséischer Revolutioun vu 1789 war ee gewëssene Jean-Baptiste de Gaulle, deemno véier Generatioune virum zukënftege Generol, Procureur am Paräisser Parlament. Do konnt säi Jong nach Affekot ginn, ier en ënner dem Napoléon nach just eng Plaz an der Feldpost vun der Grande Armée hat. Déi nächst Generatioun huet nach méi lues missen trëppelen, de Julien de Gaulle, deen 1801 zu Ménilmontant an der deemoleger Gemeng Belleville gebuer gi war, an deem seng Fra Joséphine Maillot, waren zwar intellektuell gebilt an hu vun historesch-literaresche Publikatioune gelieft, an hir dräi Jongen, Charles, Xavier an Henri, dem Charles de Gaulle säi Papp, hunn als Erwuessen en normaalt Liewe wéi deemools an der mëttlerer Bourgeoisie gewinnt, geféiert.

Qsicon Ueberarbeiten.png Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Vu Klengem un ass de Charles de Gaulle, selbstbewosst opgetrueden. Hien huet vill gelies an huet sech domat eng beandrockend literaresch an historesch Allgemengbildung geschaf, mä hie war och wéineg disziplinéiert an dat huet him am Endeffekt déi éischt Plazen ëmmer nees verspaart. Hien huet am grousse Ganzen d'Iwwerzeegunge vu sengen Elteren gedeelt, déi haten net vill fir déi laizistesch Republik iwwreg, hunn allerdéngs bezweifelt, datt de Capitaine Alfred Dreyfus wierklech schëlleg wier, och wa se sech net mam Aktivismus vun den Dreyfuards identifizéiere konnten.

Zimlech onerwaart, well et keng militäresch Traditioun an der Famill gouf, huet sech de Charles de Gaulle a Richtung Offizéieschscarrière orientéiert. 1906 nom Baccalauréat, huet e sech d'éischt a Mathématiques élémentaires-Coursen ageschriwwen, an zwar an enger kathoulescher Privatschoul zu Antoing an der Belsch. No enger Zäit als Internatsschüler koum de Charles de Gaulle dunn op Paräis zréck an huet sech an eng Classe préparatoire vum Collège Stanislas ageschriwwen, fir de Concours d'entrée vun der d'Militärschoul vu Saint-Cyr virzebreeden. Am September 1909 gouf de Charles de Gaulle zu Saint-Cyr ugeholl, an hien huet direkt ee fräiwëllegt Engagement vu siwe Joer an der Arméi ënnerschriwwen. Hie gouf dunn, no der Basisausbildung, 1910 als Élève-officier op Arras an d'33. Infanteriesregiment geschéckt, wou e mat sengem Wëssen a sengen Talenter, an och mat sengem Houfert a sengem Éiergäiz opgefall ass. 1912 huet hien d'Offizéieschschoul als 13. vu senger Promotioun ofgeschloss, wat ee gutt Klassement war. Obschonn hien allméiglech prestigiéis oder méi roueg Plazen ugebueden krut, z. B. an de Kolonien, huet hie beschloss, an d'33. Infanterieregiment op Arras zréckzegoen. An deem Ament war hie sech scho bewosst, datt et geschwënn zum Krich mam Däitsche Keeserräich géif kommen. Zu Arras war de Colonel Philippe Pétain säi Regimentschef.

Militäresch Carrière bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum Éischte Weltkrich gouf de Leitnant Charles de Gaulle zu Dinant an der Belsch schwéier blesséiert. Wéi e sech erholl hat, gouf en nees op d'Front geschéckt, déi Kéier an d'Champagne am Rang vun engem Capitaine. Den 10. Mäerz 1915 gouf en och do blesséisert an am Februar 1916, no bei Douaumont an der Argonne gouf en eng drëtt Kéier verwonnt an dobäi gefaange geholl. Hien huet e puermol versicht fortzelafen, an dofir hunn déi Däitsch hien am Fort VI vum Festungsrank vun der Landesfestung Ingolstadt agespaart. Seng Rechnung fir do fortzelafe war bal opgaangen. Hie war am Oktober zéng Deeg mat engem Kolleg dobaussen an ënnerwee no Frankräich, ier se nees gefaange goufen. Hien huet sech d'Zäit als Krichsgefaangene mat Liesen an Diskutéiere verdriwwen, mä vum Krich huet en direkt oder aktiv näischt méi matkritt. Den 21. November 1918, zéng Deeg nom Waffenstëllstand, koum de Capitaine de Gaulle fräi a konnt zréck a Frankräich goen.

Duerno huet hie sech am Abrëll 1919 fräiwëlleg fir eng Affektatioun bei der polnescher Arméi gemellt. Deemools huet Polen, als Staat dee réischt kuerz virdrun nees "operstane" war, sech géint déi sowjetesch Rout Arméi missen zur Wier setzen a seng Grenze verdeedegen, a verschidde friem Militärmissiounen hunn dobäi gehollef. De Ch. de Gaulle huet als Militärberoder och aktiv um Terrain eng Hand mat ugepaakt an nei Erfarunge gesammelt. Am Juni 1920 huet hien dann eng nei Affekatioun a Polen gefrot, a während sengem zweeten Openthalt huet hien de Léiergang fir héijer Offizéier op der polnescher Infanterieschoul dirigéiert. Enn 1920 koum en a Frankräich zréck, an den 1. Februar gouf e mat engem Geschichtscours op der Militärschoul vu Saint-Cyr beoptragt. Ëm déiselwecht Zäit gouf e mat der Yvonne Vendroux, engem Meedchen aus der gudder Bourgeoisie vu Calais bestuet. D'Koppel krut dräi Kanner, ee Jong, den zukënftegen Admirol Philippe de Gaulle), an zwee Meedercher.

Am Mee 1921 huet de Ch. de Gaulle de Concours gepackt, fir d'École supérieure de Guerre z'intégréieren. Mat der 33. Plaz war hien éischter gutt classéiert. Vu datt e sech scho laang eege Gedanke gemaach huet iwwer de Verlaf vum Éischte Weltkrich, iwwer déi nei Panzerwaff, iwwer d'Politik (besonnesch a Frankräich an an Däitschland) an iwwer d'Regelung vum Konflikt an de verschiddene Verträg, déi zu Versailles mat Däitschland, Saint-Germain-en-Laye mat Éisträich, Trianon mat Ungarn, Neuilly mat Bulgarien a Sèvres mat der Tierkei ausgehandelt gi waren, huet en zur Fieder gegraff an am Ufank vun 1924 schonn een éischt Buch ënner dem Titel La discorde chez l'ennemi publizéiert. Domat ass hien natierlech als Denker an als talentéierte Schrëftsteller ënner den Offizéier opgefall, mee well hien nach "nëmme" Stagiaire op der École supérieure de Guerre war, ass dat net ganz gutt bei der Hierarchie ukomm. Dat, an och seng generell Haltung, déi dacks als Iwerhieflechkeet betruecht gouf, erklärt, datt en zum Schluss vum zweejärege Léiergang, Mëtt 1924, nëmme mat der Mention "bien" d'Schoul verlooss huet. Dobäi war et sou, datt een eng Mention "très bien" huet missen hunn, fir sech Zougang an den État-major ze beschafen. De fréiere Chef vum Capitaine de Gaulle zu Arras, de Philippe Pétain, deen am Ufank vum Éischte Weltkrich reaktivéiert gi war an als Generol eng brilliant Carrière gemaach hat, ënner anerem viru Verdun, sou datt en um Enn zum Maréchal de France erhuewe gi war, war net mat der Schlussappréciatioun, déi säin dichtege Schützling kritt hat, averstan. Hien huet dofir gesuergt, datt do nogebessert gouf, an hien huet säi perséinleche Prestige genotzt, fir demonstrativ ee Konferenzzyklus ze presidéieren, deen de Ch. de Gaulle dunn op der École supérieure de Guerre ginn huet. A 1926 koum de Ch. de Gaulle an den État-major vun der franséischer Arméi, déi an Däitschland am Rhäinland stationnéiert war.

Am September 1927 gouf de Ch. de Gaulle dunn Kommandant am Grad vum Majouer als Chef vum Bataillon de Chasseurs Alpins am Saarland mat Garnisoun zu Tréier genannt. Mä hie war net wierklech zefridde mat där Affektatioun, well hien net vill fir d'Garnisounsliewen iwwreg hat an ëmmer gefillt huet, datt en zu Héijerem beruff wier.

De Ch. de Gaulle hätt am léifsten op der École supérieure de Guerre Schoul gehalen, mä säi Charakter, dee vu villen als schwiereg empfonnt gouf, huet himm ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Am Hierscht 1929 gouf en op Beirut, deemols am franséische Protektorat Libanon, an den État-major vun der 'Armée du Levant geschéckt. Den Noen Osten konnt de Ch. de Gaulle net besonnesch begeeschteren, well hien scho laang un den nächste Krich mat Däitschland geduecht huet, sou datt en am Geescht éischter an den Ardennen, an de Vogesen an um Rhäin war.

1931 gouf de Ch. de Gaulle an d'Sekretariat vum Conseil supérieur de la Défense nationale genannt a koum deemno zréck op Paräis. Ëm déiselwecht Zäit huet hie sech mam Philippe Pétain iwwerworf. De Marschall, deen aus Prestigegrënn[[Source?] an d' Académie française opgeholl gi war, huet sech mam Gedanke rëmgedroen, ee Buch ënner dem Titel Le soldat ze publizéieren. Doranner wollt hien eegen Iddiën zur Krichsféierung formuléieren, an och soss seng Meenung iwwer d'Roll vun der Arméi an der Gesellschaft ausdrécken. Well himm scho laang bewosst war, datt de Ch. de Gaulle - anescht wéi hien - eng exzellent Fieder hat, an himm dët oder dat ze verdanken hat, wollt e säi Schützling als Ghost writer benotzen. De Ch. de Gaulle war awer, aus berechtegtem Houfer, net bereet, ganz hannert der Ënnerschrëft vum Marschall ze verschwannen an huet verlaangt, datt deen, an engem Virwuert, seng "Schold" géif unerkennen, wat de Pétain awer op kee Fall wollt maachen. Et koum zu enger dauerhafter Verstëmmung tëschent dem Pétain a sengem fréiere Protégé, a kuerz duerno huet de Ch. de Gaulle dat, wat en am Fong scho fir de Pétain zu Pabeier bruecht hat, an engem eegene Buch, mam Titel Au fil de l'épée, publizéiert (1932). Spezialiste behaapten, dat et dat bescht vun deene véier Bicher ass, déi e virum Zweete Weltkrich publizéiert huet, och wann et kee grousse kommerziellen Erfolleg war. Nieft Iddiën, déi e wéineg iwwerspant konnte wierken, huet de Ch. de Gaulle an dësem Buch, souwéi och an anere Schrëftstécker oder Notten, eng remarkabel Gedankekoherenz a vill Pragmatismus un den Dag geluecht, an och schonn ugedeit, wéi hien an Zukunft géif handelen, wann en dann zum Zuch kéim: Mësstraue vis-à-vis vun alle kolonialen Entreprisen, virsichtegen Ëmgank mat den angelsächsesche Muechten (UK an USA), Wichtegkeet vun enger méiglecher Réckversëcherungsallianz mat Sowjetrussland géint Däitschland (d'Reichswehr ass deemols, nach virum Hitler senger Ernennung zum Reichskanzler, géint d'Bestëmmunge vum Versailler Vertrag héichgerüst, respektiv ausgebaut an an der Perspektiv vun engem méigleche Krich ausgebilt ginn).

Am Dezember 1933 gouf de Ch. de Gaulle zum Lieutenant-colonel genannt, an e puer Méint duerno, am Mee 1934, huet hie Vers l'armée de métier publizéiert, ee Buch an deem en ë. a. zur Schafung vun enger Panzerwaff vun honnertdausend Mann opgeruff huet. Zanter e puer Joer war dem Ch. de Gaulle d'Bedaitung vun de Panzer bewosst, sou wéi dat beim franséische Generol Jean Estienne (1860-1936), beim britische Generol John Frederick Charles Fuller (1878-1966), beim groussen engleschen Theoretiker Liddell Hart (1895-1970) oder beim däitsche Generol Heinz Guderian (1888-1954) méi oder wéinger och de Fall war. De Ch. de Gaulle huet iwregens net gezéckt, fir seng Iddiën ënner verschidde Journalisten, respektiv frëndlech Politiker bekannt ze maachen, fir d'Regierung dozou ze bréngen, effektiv eng schlagkräfteg Panzerwaff z'ëntwéckelen. Am Laf vum Joer 1935 huet de moderéiert rietse Politiker Paul Reynaud dem Ch. de Gaulle seng Usiichte virun der Assemblée nationale verdeedegt, mee a Franräich gouf et déi Zäit engersäits enorm vill Pazifismus, an anerersäits een héige militäresche Kommando, deen eng reng defensiv Haltung virgezunn huet: Frankräich sollt de Feind mat der Ligne Maginot ofschrecken, respektiv aus dem Land eraushalen. Et sollt bis 1936 daueren, bis dem Ministerpresident Léon Blum säi Verdedigungsminister, den Edouard Daladier, en éischte klengen Effort zugonschte vun de Panzer gemaach huet. A réischt nom "Anschluss", d. h. no der Annexioun vun Éisträich duerch Nazidäitschland am Mäerz 1938, huet d'franséisch Regierung endlech d'Schafung vun zwou Panzerdivisiounen décidéiert, mee déi konnten nëmme knapps virum Ufank vum Joer 1940 prett sinn, a si sollten am Zesummenhang mat der Maginot-Linn reng defensiv agesat ginn. Dobäi hat Nazidäitschland, dat den nationalistesche Generol Franco am Kader vum Spuenesche Biergerkrich ënnerstëtzt hat, scho laang gewise, wéi effizient de kombinéierten Asaz vu Panzer a Fliger konnt sinn.

De Generol Ch. de Gaulle, Chef vun der France libre während dem Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Den De Gaulle un der Muecht direkt no der Libératioun (1944-1946)[änneren | Quelltext änneren]

Den De Gaulle am Hannergronn (1946-1958)[änneren | Quelltext änneren]

Den De Gaulle als Grënner vun der V. Republik an als Staatspresident (1958-1969)[änneren | Quelltext änneren]

Publizéiert Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La discorde chez l'ennemi; Paräis (Berger-Levrault), 1924; neist Rééditioun: Paräis (Perrin), 2018. ISBN 978-2-262-07631-3
  • Le Fil de l'épée, Paräis, Librairie Berger-Levrault, 1932 [1971 vun den Éditions Plon, Paräis, rééditéiert].
  • Vers l'armée de métier, Paräis, Librairie Berger-Levrault, 1934 [1971 vum Verlag Plon nei opgeluecht].
  • Mémoires de Guerre (1. L'Appel ; Paräis, Plon, 1954. 2. L'Unité ; 1956. 3. Le Salut ; 1959.)
  • Mémoires d'Espoir (betreffen d'Period 1958-1962...): 1. Le Renouveau ; Paräis, Plon, 1970. 2. L'Effort ; 1971.

N.B.: de Band Mémoires, erauskomm zu Paräis, Éditions Gallimard (Bibliothèque de La Pléiade, Nr. 465, 1648 Säiten), 2000, regroupéiert dem Ch. de Gaulle seng Mémoires de Guerre, Mémoires d'Espoir an aner Schrëften ronderëm de Krich, de Schluss vun der 4. Republik an d'Grënnung vun der 5. Republik.

  • Lettres, Notes et Carnets (13 Bänn), Paräis, Plon, 1980-1985 [2010 beim Verlag Robert Laffont (Collection Bouquins), Paräis, 2010, an 3 décke Bänn nei opgeluecht].

Literatur iwwer den de Gaulle[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Lacouture, De Gaulle - 1. Le rebelle 1890-1944, Paräis, Éditions du Seuil, 1984; 2. Le politique 1944-1959, 1985; 3. Le souverain 1959-1970, 1986.
  • Jacques Dollar, Charles de Gaulle, symbole de la grandeur de la France, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1980; 128 Säiten.
  • Philippe de Gaulle, Mémoires accessoires 1921-1946; 2 Bänn; Paräis (Plon), 1997.
  • Max Gallo, De Gaulle; 4 Bänn; Paräis (Laffont), 1998.
  • Christine Clerc, Les de Gaulle - Une famille française, Paräis, NiL éditions, 2000 [2002 vun den Éditions J'ai lu am Täscheformat nei opgeluecht].
  • Julian Jackson, De Gaulle; London (Haus Publishing Limited), 2003. - 2004 op franséisch iwwersat zu Paräis (Alvik éditions) erauskomm: De Gaulle - Au-delà de la légende. ISBN 2-914833-18-0
  • (ënner der Leedung vun: Claire Andrieu, Philippe Braud, Guillaume Piketty) Dictionnaire De Gaulle, Paräis, Éditions Robert Laffont (collection Bouquins), 2006. ISBN 2-221-10280-0
  • Éric Roussel, De Gaulle, Paräis, Gallimard, folio biographies (Nr. 39), 2008. ISBN 978-2-07-034288-4
  • Michel Tauriac, Dictionnaire amoureux de De Gaulle, Paräis, Plon, 2010. ISBN 978-2-259-21040-9
  • Philippe Le Guillou, Stèles à De Gaulle, Paräis, Gallimard, folio (Nr. 5057), 2010. ISBN 978-2-07-043748-1
  • J. Touchard, Le gaullisme 1940-1969; Paräis (Seuil), 1978.
  • Jean-Louis Thiériot, De Gaulle, le dernier réformateur; Paräis (Tallandier), [Oktober] 2018; 204 Säiten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles de Gaulle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Éric Roussel, De Gaulle, Paräis, Gallimard, folio biographies (Nr. 39), 2008.
  2. La généalogie du Général de Gaulle