Académie française

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Institut de France, Sëtz vun der Académie française.

D'Académie française ass eng franséisch Institutioun fir d'Norméierung an d'Verbesserung vun der franséischer Sprooch. Eng vun de Missioune vun der Académie française ass d'Editioun vun engem permanent reaktualiséierten Dictionnaire vun der franséischer Sprooch. Mä si huet och Aufgaben an de Beräicher Grammaire, Rhetorik a Poetik. D'Académie française vergëtt eng ganz Rei vu Literaturpräisser, ë. a. de bekannte Grand prix du roman de l'Académie française.

Si gouf 1635 vum Armand Jean du Plessis, Kardinol de Richelieu (1585-1642) ënner dem Kinnek Louis XIII. gegrënnt. D'Académie besteet aus 40 Memberen, de sougenannten Immortels ("Onstierflechen"). 1980 ass mat der Schrëftstellerin Marguerite Yourcenar fir d'éischt Kéier eng Fra "ënner der Coupole", d. h. an d'Académie française opgeholl ginn.

D'Académie française gehéiert mëttlerweil, mat 4 aneren Académieën (Inscriptions et belles-lettres, Sciences, Beaux-Arts a Sciences morales et politiques), zum Institut de France, deen den 3. Brumaire, Joer IV vun der Republik, duerch d'Konventioun geschaf gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • André Damien, L'Institut de France ; Paräis (Presses universitaires de France, Kollektioun "Que sais-je?", Nr. 3454), 1999; 128 Säiten. ISBN 2-13-049749-7
  • Thierry Bodin & Philippe de Flers, L'Académie française au fil des lettres, de 1635 à nos jours (mat engem Virwuert vum Gabriel de Broglie); Paräis (Gallimard), 2010; 360 Säiten (ill.).
  • Hélène Carrère d'Encausse (de l'Académie française), Des siècles d'immortalité - L'Académie française 1635-... ; Paräis (Fayard), 2011; 405 Säiten. ISBN 978-2-213-66633-4