Félix Faure

Vu Wikipedia
Félix Faure
Gebuer 30. Januar 1841
Paräis
Gestuerwen 16. Februar 1899
Paräis
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker

De Félix Faure, gebuer den 30. Januar 1841 zu Paräis an och do de 16. Februar 1899 gestuerwen, war e franséische Geschäftsmann a Politiker. Hie war vun 1895 bis zu sengem Doud President vun der Drëtter Franséischer Republik.

De Faure koum aus einfache Verhältnesser, huet et awer als Proprietär vun der Handelsfirma Felix Faure & Co. zu Le Havre zu engem appréciabele Wuelstand bruecht. Den 21. August 1881 gouf hien an d'Deputéiertechamber gewielt. Méi spéit war hien am Ausseministère responsabel fir d'Kolonien an d'Marinn, éier en 1894 fir ee Joer Marinneminister gouf.

De 17. Januar 1895 gouf en, nom Récktrëtt vum Jean Casimir-Périer, als President vu Frankräich gewielt. A seng Amtszäit ass d'Affär Dreyfus gefall. Et war hien, un deen den Émile Zola säin oppene Bréif "J'accuse !", deen an der Zeitung L'Aurore publizéiert gouf, geriicht hat. De Faure war dergéint, datt dem Dreyfus säi Prozess, nodeems entlaaschtend Indizie bekannt goufen, nees opgerullt sollt ginn.

Wéi de Faure President war, koum et och zu enger Crise tëschent Frankräich an dem Vereenegte Kinnekräich. Frankräich wollt all d'Gebidder tëschent Dakar (Senegal), am Weste vun Afrika, an Dschibuti am Osten ënner seng Kontroll bréngen; d'Brite wollten awer zur selwechter Zäit all d'Gebidder tëschent Alexandria (N-Egypten) a Kapstad (Cape-Town, a S-Afrika) ënner hir Kontroll kréien. Zu Fachoda um Uewernil, wou d'Fransousen als Éischt ukomm ware, koum et bal zu engem Clash, dee séier zu engem Krich hätt kënnen ausarten. Dobäi hate béid Staate mat der Suez-Kanal-Gesellschaft scho wichteg gemeinsam Intressen an der Géigend! Fir aus där absurder Situatioun erauszekommen, a well deemools Däitschland ëmmer méi als Gefor souwuel fir Frankräich wéi fir dat Vereenegt Kinnekräich erkannt gouf (vgl.: Kolonialpolitik, Entwécklung vun der däitscher Krichsmarine, asw.), hunn d'Fransousen, déi duerch d'Proximitéit mat Däitschland méi direkt a Gefor waren, noginn, de Britten d'Prioritéit an Ueweregypten, respektiv dem Sudan iwwerlooss, an no an no, ënner dem Félix Faure sengen Nofollger, eng Allianz mat de Britten opgebaut, d'"Entente cordiale", déi am Kontext vum Éischte Weltkrich och voll zum droe koum.

Ëm dem Faure säin Doud, am Palais de l'Elysée, gëtt et munnech Geschichten, déi mat Genoss weidergezielt goufen. Hie soll "an den Äerm vu" senger Maîtresse Marguerite Steinheil, der Fra vum bekannten elsässesche Moler Adolphe Steinheil, un engem Hiereschlag gestuerwe sinn, deen entweeder vun engem ze staarken Aphrodisiaque verursaacht gi war, oder awer duerch eng ze hefteg Reaktioun op eng Fellatioun (wat der Steinheil de Spëtznumm la Pompe Funèbre abruecht huet).[1] Et besteet allerdéngs ee Rapport vum Dr. med. Lannelongue, wou certifiéiert gëtt, datt dem Félix Faure säin Doud näischt mat der Presenz vun der Mme Steinheil ze dinn huet, an datt alles, wat am Vollek erzielt gouf, reng béisaarteg war[2].

E Lycée zu Beauvais an eng Paräisser Metrostatioun goufen nom Faure genannt.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Journal inédit; Paräis (Équateurs), 2009.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Claude Pasteur, L'Elysée: Histoire secrète et indiscrète des origines à nos jours; Paräis (Tallandier), 2002.
  • Patrice Duhamel & Jacques Santamaria, L'Élysée - Coulisses et secrets d'un palais; Paräis (Plon), 2012; Ss. 157-160.
  • Sylvie Lausberg, Madame S, Biographie vun der Madamm Marguerite Steinheil, née Japy; Paräis (Slatkine & Cie), 2019. - Neioplo am Täschebuchformat: Editioun 'Mon poche'; Orléans, 2022.
  • Arthur Conte, L'épopée coloniale de la France; Paräis (Plon), 1992.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Félix Faure – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. La mort heureuse de Félix Faure
  2. Claude Pasteur, an der Literatur