Valéry Giscard d'Estaing

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Giscard d'Estaing (1978)

De Valéry Marie René Giscard d'Estaing, gebuer den 2. Februar 1926 zu Koblenz, a Frankräich dacks just VGE genannt, ass e franséische Politiker (UDF). Hie war vun 1974 bis 1981 Staatspresident vu Frankräich.

Politesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet seng berufflech Carrière an der Inspection des finances ugefaangen, huet déi awer 1956 opginn, fir Deputéierten ze ginn. 1962 gouf hie Staatssekretär am Finanzministère. Kuerz duerno gouf hien ënner dem Premierminister Georges Pompidou selwer Finanzminister (bis 1966). Duerno war hien nees Deputéierten.

Enn vun den 1960er Joren huet seng Partei, de Parti républicain, sech gespléckt, an de Giscard gouf Leader vun de Républicains Indépendents, déi sech deelweis vum De Gaulle senger Politik distanzéiert hunn, absënns, wat eng méi enk Zesummenaarbecht an Europa betraff huet.

Nodeems de Georges Pompidous President gi war, gouf de Giscard nees Finanz- a Wirtschaftsminister an der Regierung vum Jacques Chaban-Delmas (1969 bis 1972) and duerno an där vum Pierre Messmer (1972 bis 1974).

President vu Frankräich (1974-81)[änneren | Quelltext änneren]

1974 huet hien am zweeten Tour d'Presidentschaftswale ganz knapps mat 50,81% vun de Stëmme géint de François Mitterrand gewonnen, a gouf mat 48 Joer Staatspresident.

Hien huet fir d'éischt de Jacques Chirac, dono, 1976, de Raymond Barre zu sengem Premierminister ernannt. A seng Amtszäit ass déi éischt Pëtrolskris 1973-74 gefall, mä och gesellschaftspolitesch Reformen, wéi d'Legislatioun iwwer Scheedung am géigesäitegen Accord, oder iwwer d'Ofdreiwung. Europapolitesch huet hie sech fir e méi enkt Zesummewuesse vun de Meberlänner agesat (ë. a. huet hien den Europäesche Conseil an d'Liewe geruff), woubäi en awer Frankräich weiderhin als Weltacteur gesouch. Um Enn vu sengem Mandat koum et zu engem Skandal, wéi bekannt gouf, datt den Diktator vun der Zentralafrikanescher Republik a spéidere Keeser Bokassa dem Giscard bei privaten oder Staatsbesich Diamante geschenkt huet.

Dat war mat ee vun de Grënn, firwat beim 2. Tour vun de Presidentschaftswale vun 1981 den 10. Mee, de François Mitterrand déi Kéier déi meescht Stëmme krut.

No der Zäit als President[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1986 bis 2004 war hie Member vum Conseil constitutionnel, a Conseiller général, resp. President vum Conseil régional vun der Auvergne. Vun 1989 bis 1993 war hien Deputéierten am Europäesche Parlament.

1994 huet hien e Roman publizéiert.

Beim Europäesche Sommet vu Laeken, 2001, gouf hien zum President vum Europäesche Konvent (Convention sur l'Avenir de l'Europe) ernannt, deen eng Europäesch Verfassung ausschaffe sollt, wat de 15. Juli 2003 geschouch. 2003 krut hien dofir de Karlspräis vun der Stad Oochen.

Nom Doud vum Léopold Sédar Senghor gouf hien den 11. Dezember 2003 an d'Académie française gewielt.

Publikationen[änneren | Quelltext änneren]

  • Démocratie francaise, Essay, 1976
  • Deux Français sur trois, Essay, 1984
  • Le pouvoir et la vie, Memoiren - Band I: La rencontre, 1988
  • Le pouvoir et la vie, Memoiren - Band II: L'affrontement, 1991
  • Le passage , Roman, 1994
  • Dans cinq ans, l'an 2000, 1995
  • Les Français, réflexion sur le destin d'un peuple, 2000
  • Giscard d'Estaing présente la Constitution pour l'Europe, 2003
  • Le pouvoir et la vie,Memoiren - Band III: Choisir, 2006
  • La princesse et le président, Roman, 2009
  • La victoire de la Grande Armée, Roman, 2010
  • Mathilda, Roman, 2011
  • Europa, la dernière chance de l'Europe, Essay, 2014

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Matthias Waechter: Helmut Schmidt und Valéry Giscard d'Estaing. Auf der Suche nach Stabilität in der Krise der 70er Jahre, Edition Temmen, Bremen 2011, ISBN 978-3-8378-2010-2
  • Georges Valance: VGE. Paris : Flammarion, 2011

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Valéry Giscard d'Estaing – Biller, Videoen oder Audiodateien