Georges Pompidou

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen um Artikel weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst w.e.g. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Georges Pompidou, ëm 1965

De Georges Jean Raymond Pompidou, gebuer de 5. Juli 1911 zu Montboudif, am Cantal, a gestuerwen den 2. Abrëll 1974 zu Paräis, war e franséische Politiker. Vun 1969 bis zu sengem Doud 1974 war hien den 19. President vun der franséischer Republik, den 2. vun der Fënnefter Republik.

Hien huet d'Élitenanstalt École normale supérieure an der Paräisser rue d'Ulm als agrégé absolvéiert, war eng Zäit Literaturprofesser zu Marseille (Lycée Saint-Charles) an zu Paräis (Lycée Henri IV), gouf da Partner bei der Banque Rothschild zu Paräis, ier e vum Generol Charles de Gaulle als Member vu sengem Kabinett opgeholl gouf. Am Abrëll 1962 huet hien de Michel Debré un der Spëtz vun der Regierung ofgeléisst. Domat koum, fir d'éischt an der franséischer Geschicht, de Regierungschef weder aus der Politik, nach aus de Kreeser vun de gewielte Vertrieder (Deputéiert, Senatoren, asw.), mee aus dem enke Krees vun de perséinleche Mataarbechter vum Staatschef. De Pompidou blouf Premierminister bis en am Juli 1968, nodeem en d'Crise vum Mee-Juni 1968 gemeeschtert hat, duerch de Maurice Couve de Murville (1907-1999) ersat gouf.

Nodeem de President Charles de Gaulle no engem verluerene Referendum am Abrëll 1969 demissionnéiert hat, gouf de Pompidou, de 15. Juni 1969, mat 58% vun de Stëmmen am 2. Tour géint de Senatspresident an Interimsstaatschef Alain Poher gewielt.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Anthologie de la poésie française; Paräis (Hachette), 1961; lafend am Livre de Poche rééditéiert.
  • Le noeud gordien; Paräis (Plon), 1974.
  • Entretiens et discours, an 2 Bänn; Paräis (Plon), 1975 (posthum); mat engem Virwuert vum Édouard Balladur.
  • Pour rétablir une vérité; Paräis (Flammarion), 1982 (posthum).
  • Lettres, notes et portraits - 1928-1974; Paräis (Robert Laffont), 2012 (posthum); mat engem Témoignage vu sengem Adoptivjong, dem Prof. Dr. Med. Alain Pompidou, an engem Virwuert vum Historiker a Biograph Éric Roussel. ISBN 978-2-221-12765-0

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Éric Roussel, Georges Pompidou 1911-1974, Biographie; Paräis (Lattès), 1994; 2004 am Täscheformat bei Tempus (Perrin) nei opgeluecht.
  • Serge Berstein & Jean-Pierre Rioux, La France de l'expansion, Bd. 2: L'apogée Pompidou 1969-1974; Paräis (Le Seuil), 1996.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Pompidou – Biller, Videoen oder Audiodateien