Op den Inhalt sprangen

Jean-Marc Ayrault

Vu Wikipedia
Jean-Marc Ayrault
Gebuer 25. Januar 1950
Maulévrier
Alter 76 Joer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Nantes Université,
Julius-Maximilians-Universitéit
Aktivitéit Politiker
Partei Parti socialiste
Fonctioun Premierminister vu Frankräich, Deputéierten, Member vum Conseil général
Auszeechnungen Grand-croix de l'ordre national du Mérite, Chevalier grand-croix vum Ordre du Mérite vun der italieenescher Republik, Commandeur vun der Légion d'honneur
Famill
Bestuet mat Brigitte Ayrault
Websäit http://jmayrault.fr

De Jean-Marc Ayrault, gebuer de 25. Januar 1950 zu Maulévrier, Departement Maine-et-Loire[1] ass e franséische Politiker (PS).

Den Ayrault war vun 1989 bis 2012 Buergermeeschter vun Nantes a vun 1986 bis 2012 Deputéierten an der Assemblée nationale wou e vun 1997 bis 2012 Fraktiounspresident vun der Groupe socialiste war. Vu Mee 2012 bis Mäerz 2014 war hien, ënner dem President François Hollande, Premierminister vun der Franséischer Republik. Vum 11. Februar 2016 bis den 10. Mee 2017 war hien Ausseminister.

Vun 1973 bis zu senger Wal an d'Parlament war de Jean-Marc Ayrault Däitschprofesser zu Saint-Herbelain. Do war hien och vun 1977 bis 1989, wéi en op Nantes geplënnert ass, Buergermeeschter.

Hien ass zanter 1971 bestuet an huet zwou Duechteren.

 Commons: Jean-Marc Ayrault – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Jean-Marc Ayrault, « le réformiste décomplexé », Le Monde 15. Mee 2012