Édouard Balladur

Vu Wikipedia
Édouard Balladur
Gebuer 2. Mee 1929
Izmir
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Thiers,
École nationale d'administration,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Paul-Cézanne
Aktivitéit Ekonomist, Politiker
Partei Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République

Den Édouard Balladur, gebuer den 2. Mee 1929 zu Smyrna an der Tierkei, ass e franséische Politiker an Auteur. Hie war zwee Joer laang (1993-1995) Premierminister am President François Mitterrand senger Regierung am Kontext vun enger sougenannter Cohabitation.

Biographie

Originnen

Den Numm Balladur, sou wéi aner europäesch Nimm, fënnt een zanter dem 18. Joerhonnert am osmanesch-tierkeschen Noen Osten. Ënner dem Édouard Balladur senge Virfahre fënnt een z. B. den Emmanuel Balladur (1762-1847), dee Generalvikar vun der Erzdiözes Smyrna war. Vill réimesch-kathoulesch Händlerfamiljen aus Südfrankräich (Provence), Italien, asw. hunn deemools eege Communautéiten, mat konsularesche Vertrieder, am kulturell griichesch geprägten Noen Oste gebilt. D'Membere vun der Famill Balladur, déi 1796 duerch en Dekreet ("Firman") vum Sultan Selim III. als franséisch Sujeten unerkannt goufen, hunn ëmmer eng wichteg Roll an der Verdeedegung vun de franséischen Intresse géintiwwer Konstantinopel gespillt.

Dem Édouard Balladur säi Papp, de Pierre Balladur, deen et bis zum Direkter vun der Osmanescher Bank bruecht huet, hat eng Émilie Latour bestuet, déi a Griicheland an enger Famill aus dem franséische Midi gebuer gi war. Iwwerhaapt gëtt et vill provenzalesch Nimm am Stammbam vun der Balladur-Famill.

Jugend a Studium

Den Édouard Balladur, sechst a jéngst Kand vun der Famill, koum am Alter vu fënnef Joer op Marseille, wéi säi Papp decidéiert hat seng Famill ze rapatriéieren. Hie goung do bei de Frères des Écoles chrétiennes deemools École Saint-Bruno an d'Primärschoul. Säi Secondaire huet hien am Lycée Thiers gemaach. Wann net den Zweete Weltkrich amgaang gewiescht wier, hätte seng fromm Elteren hie léiwer bei de Jesuitten zu Avignon gesinn. Mee de jonken Édouard war egal wéi en exzellente Schüler. Hie wier gär Dokter ginn, mee seng Gesondheet - hien hat eng tuberkuléis Primo-Infektioun erlidden - huet e schliisslech, no engem Joer an engem Biergsanatorium, op d'Droitsfakultéit vun Aix-en-Provence geféiert. Nom éischte Joer huet hien d'Provence fir Paräis verlooss, wou e sech am Institut d'études politiques de Paris ageschriwwen huet. Hie war ee fläissege Student, an niewebäi war en um sozial-kathouleschen Terrain aktiv, wou en eng Équipe vu jonken Aarbechter betreit huet.

Militärdéngscht

Den Édouard Balladur huet säi Militärdéngscht an der Kavallerie am 1er régiment de Spahis gemaach wou hien 1953 als Reservoffizéieschkadett an Algerie geschéckt gouf.

Staatsdéngscht

No sengem Militärdéngscht ass de Balladur op d'École nationale d'administration gaangen a konnt nom Schlussexamen vun der Promotion France-Afrique, an den ëffentlechen Déngscht goen. Als 5. vu senger Promotioun hat hien d'Wiel an hien huet fir de Conseil d'État optéiert wou en 1957 Auditeur an - no enger Zäit (1962-1963) als Beroder vum Generaldirekter vun der RTF (Radio-télévision française) - 1963 Maître des Requêtes gouf. 1964 gouf den Édouard Balladur an de Cabinet vum Premierminister Georges Pompidou beruff.

Den 28. August 1957 huet den Édouard Balladur d'Marie-Josèphe Delacour zu Saint-Amour, an hirer Heemechtsgéigend dem Beaujolais, bestuet.

Politesch Karriär

An der Foulée vum Mee 68 war den Édouard Balladur, wéi iwwregens de Jacques Chirac, enk an der Negociatioun vun de sougenannten Accords de Grenelle agebonnen, an deenen, op Initiativ vun der Regierung, de Patronat an d'Gewerkschafte sech méi no koumen.

Den Édouard Balladur souz deemools a verschiddene Verwaltungsréit, dorënner dee vum ORTF (Radio an TV) a vum Office national des forêts, an huet bis 1981 d'Société pour la construction et l'exploitation du Mont-Blanc presidéiert.

Wéi de Georges Pompidou President vun der franséischer Republik gouf, gouf den Édouard Balladur Secrétaire général adjoint de la Présidence de la République un der Säit vum Michel Jobert, deen Titulaire vum Poste war. Vum 5. Mee 1973 u war de Balladur selwer Generalsekretär vun der Presidence. Do huet hien diskreet eng wichteg Roll un der Spëtz vum Staat gespillt, praktesch wéi e Vizepresident, well de President Pompidou schwéier krank war an d'Dossieren nëmme bedéngt selwer opschaffe konnt.

Nom Doud vum President Pompidou (Abrëll 1974) an no der Wal vum Valéry Giscard d'Estaing als neie President vun der Republik goung de Balladur zeréck an de Conseil d'État. Vun 1977 u war hien awer wärend e puer Joer am Privatsektor aktiv: hien huet d'Générale de service informatique dirigéiert, eng Filial vun der Compagnie générale d'électricité, an 1980 gouf e Président-directeur général vun der Compagnie européenne d'accumulateurs.

Wéi 1986 d'Gauche d'Majoritéit an der Assemblée nationale (Frankräich)Assemblée nationale verluer huet, koum et, mat der Regierung Chirac (RPR), zu der éischter Cohabitatioun. An der neier Regierung war den Édouard Balladur, als Ministre d'État, zoustänneg fir d'Ekonomie a fir d'Finanzen, an zwar bis zum Enn vum President Mitterrand sengem éischte Septennat 1988.

Tëscht 1986 an 1993, an nees tëscht 1995 an 2007, war de Balladur Deputéierte vu Paräis. Um lokale Plang souz hien tëscht 1989 an 2008 am Gemengerot vun der Stad Paräis.

1993, wärend dem Mitterrand sengem zweete Septennat, huet d'Gauche nees eng Kéier d'Majoritéit verluer, an et koum zu enger zweeter Cohabitatioun mat der Regierung Balladur. Um Enn vum Mitterrand sengem zweete Mandat als President vun der Republik huet de Balladur, laang vu gudde Sondagë gedroen, seng Kandidatur bei de Presidentschaftswale gestallt, gouf awer am éischten Tour nëmmen drëtten a war domat éliminéiert. Schliisslech gouf de Jacques Chirac neien a fënnefte President vun der Fënnefter Republik.

Publikatiounen (Auswiel)

  • L'Arbre de Mai; Paräis (Atelier Marcel Jullian), 1979.
  • Je crois en l'homme plus qu'en l'État; Paräis (Flammarion), 1987.
  • Dictionnaire de la réforme; Paräis (Fayard), 1992.
  • Deux ans à Matignon; Paräis (Plon), 1995.
  • Caractère de la France; Paräis (Plon), 1997.
  • Le pouvoir ne se partage pas; Paräis (Fayard), 2009. - Iwwer d'Cohabitatiounen an der V. Republik.
  • (Mam Alain Duhamel zesummen), Grandeur, déclin et destin de la Ve République - Un dialogue; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2017.

Auszeechnungen a Präisser

  • 1987: Prix du ministre des Finances de l'année, décerné par le FMI (= Fond monétaire international).

Literatur

  • Claire Chazal, Balladur; Paräis (Flammarion), 1993.
  • Alain Duhamel, Une histoire personnelle de la Ve République; Paräis (Plon), 2014.
  • César Armand & Romain Bongibault, Dans l'ombre des présidents - Au coeur du pouvoir: Les secrétaires généraux de l'Élysée; Paräis (Fayard), 2016; vgl. d'Ss. 20, 58-59, 101, 172-173, 191, 201 an 203.

Um Spaweck

Commons: Édouard Balladur – Biller, Videoen oder Audiodateien