Marseille
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
![]() Den alen Hafe an d'Basilika Notre-Dame de la Garde | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | ![]() | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Marseille | ||||
Kanton | Chef-lieu vu 25 Kantonen | ||||
Postcode | 13001 - 13016 | ||||
Gemengecode | 13055 | ||||
Koordinaten | 43° 17’ 51’’ N 05° 22’ 38’’ O | ||||
Bevëlkerung | 873.076[1] (2021) |
Marseille ass eng Groussstad um Mëttelmier am Süde vu Frankräich. Si d'Haaptstad vum Departement Bouches-du-Rhône a vun der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. Marseille ass déi zweetgréisst franséisch Stad an déi mam gréissten Hafen am Land.
D'Awunner vu Marseille gi "Marseillais", respektiv "Marseillaises" genannt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Marseille gouf ëm d'Joer 600 v. Chr. als griichesch Kolonie Massalia (Μασσαλία) gegrënnt a vu Griichen aus Phokaia a Klengasien besiidelt. Domat ass d'Stad déi eelst a Frankräich an eng vun den eelste Stied an Europa, déi ouni Ënnerbriechung bewunnt sinn. Ufanks huet Marseille nach Massalia op Algriichesch an duerno Massilia op Latäin geheescht.[2]
Zënter der Antikitéit ass Marseille en Handelshafen. Besonnesch wärend der Zäit vum franséische Kolonialräich an virun allem am 19. Joerhonnert huet d'Stad e grousse wirtschaftlechen Opschwong erlieft an ass zu enger bléiender Industrie- an Handelsstad ausgewuess. Nach haut läit den alen Hafen am Häerz vun der Stad, an deem viru ronn sechs Joerhonnerten d'Produktioun vun der Marseiller Seef (savon de Marseille) ugefaangen huet.[2]
Iwwer der Alstad erhieft sech d'Basilika Notre-Dame-de-la-Garde, déi vun den Awunner och "Bonne-mère" genannt gëtt, eng romanesch-byzantinesch Kierch an d'Symbol vun der Stad. Als Ierfschaft vun där Vergaangenheet sinn de Grand Port Maritime de Marseille (GPMM) an d'maritim Wirtschaft wichtege Pole vun der regionaler an nationaler Aktivitéit, a Marseille ass nach ëmmer den éischte franséischen Hafen, den zweete Mëttelmierhafen an de fënneften europäeschen Hafen.
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]Mat iwwer 870.000 Awunnerinnen an Awunner ass Marseille déi zweetgréisst Stad a Frankräich. Zënter der Stad hirer Ufankszäit ass Marseille duerch seng Ëffnung zum Mëttelmier eng kosmopolitesch Stad, déi vum kulturellen a wirtschaftlechen Austausch mat Südeuropa, dem Noen Osten, Nordafrika an Asie gepräägt ass. An Europa huet d'Stad no London a Paräis déi drëttgréisst jüddesch Communautéit.[3] Vill Awunner kommen och aus afrikanesche Länner südlech vun der Sahara.
Déi Villfalt spigelt sech an der kultureller, sproochlecher a reliéiser Zesummesetzung vun der Bevëlkerung erëm. Marseille huet e vergläichsweis jonken Altersduerchschnëtt.[1] Tëscht de Stadquartiere ginn et däitlech sozial Ënnerscheeder. Verschidde Quartiere si vun Aarmut an héijer Aarbechtslosegkeet betraff, wärend anerer iwwerduerchschnëttlech Liewensstandarden opweisen. D'Stad Marseille ënnerhëlt verschidde Mesuren fir sozial Integratioun a Chancëgläichheet an der Beräicher Bildung an Aarbechtsmaart ze fërderen.[4]
Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]
D'Ekonomie vu Marseille ass villfälteg a spigelt d'Roll vun der Stad als historeschen Handelszentrum an Entrée op d'Mëttelmier widder. D'Stad huet sech ronderëm den ale griicheschen Hafen entwéckelt, besonnesch am Laf vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Deen Opschwong gouf doduerch begënschtegt, datt Frankräich sech als Kolonialmuecht etabléiert huet, a seng Handelsverbindunge mat Algerien an dem Orient staark gewuess sinn.[2] Mee d'Aktivitéite vun der Mieresschëfffaart hu sech progressiv no Norden an duerno an de Sechzeger Joren op eng nei Plaz zu Fos-sur-Mer verlagert.
Nieft dem Hafewiesen ass d'Stad och e bedeitende Standuert fir maritim Industrie, Logistik, Petrochimie an Energieversuergung. Zënter Ufank der 2000er huet Marseille och gezilt an den Ausbau vun neie Wirtschaftssecteuren investéiert, dorënner dem Tourismus, de Gesondheetssecteur an Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Besonnesch am Beräich vun der Digitaliséierung an der Fuerschung si vill Aarbechtsplazen entstanen.[5]
2023 hunn d'Touristen am Ganze 16,2 Milliounen Nuechten zu Marseille verbruecht.[6] Déi gréisst ëffentlech Universitéit ass d'Université d'Aix-Marseille, mat iwwer 80.000 Studenten.[7] Donieft ginn et awer och nach eng ganz Rei aner Etablissementer, wéi der Kedge Business School.
Gläichzäiteg steet Marseille viru wirtschaftlechen Erausfuerderungen, besonnesch a Bezuch op sozial Ongläichheeten a Chômage a bestëmmte Quartieren.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]Den Olympique de Marseille ass de gréisste Foussballclub an der Stad. E spillt am Stade Vélodrome, dem zweetgréisste vum Land. Eng aner grouss Sportinfrastruktur ass de Palais omnisports Marseille Grand Est, an deem et ënner anerem zwou Äispisten an e Skatepark gëtt
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
De groussen Hafe vu Marseille (GPMM).
-
De Stade Vélodrome wärend engem Match vum Olympique de Marseille.
-
De Campus "Saint Charles" vun der Universitéit Aix-Marseille.
-
D'Basilika Notre-Dame-de-la-Garde dominéiert d'Stad vum Hiwwel mam selwechten Numm aus.
-
Vue op d'Alstad.
-
De Palais Longchamp, e Schlass am 4. Arrondissement.
-
D'Plage vu Bonneveine.
-
Den Hafe vu Morgiou.
-
D'Calanques, e Biergmassif südlech vu Marseille.
-
De Fëschmaart am Alen Hafen.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kierch Notre-Dame-de-la-Garde
- D'Kathedral
- De Château d'If
- Den alen Hafen
- D'Canebière, déi bekanntst Geschäftsstrooss vu Marseille
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Bouches-du-Rhône
- Arrondissementer am Departement Bouches-du-Rhône
- Kantonen am Departement Bouches-du-Rhône
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Bouches-du-Rhône
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Marseille – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Statistik beim INSEE
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (fr) Découvrir Marseille: 2 600 ans d'histoire. marseille.fr. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ Être juif à Marseille : « Ici, je me sens libre de vivre ma religion » vum Antoine Lannuzel (4. Abrëll 2024)
- ↑ (fr) Julie Argouarc'h, Nicolas Chauvot, « Cities » européennes – À Marseille, une population jeune face aux défis de l’emploi. INSEE (3. Februar 2022). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Marseille ville numérique. marseille.fr. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Le toursime à Marseille - Les chiffres clés 2023. marseille-tourisme.com. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Présentation de l'université. univ-amu.fr (17 Juni 2025). Gekuckt den 22. Januar 2025.