Beaujolais

Vu Wikipedia
De Beaujolais op enger Frankräichkaart
De Beaujolais op enger Detailkaart mat den aktuellen Departementer
Wéngerte bei Beaujeu

De Beaujolais ass eng fréier franséisch Provënz, mat als Haaptstad Beaujeu, déi hir och den Numm ginn huet.

Et ass eng Hiwwellandschaft, déi nërdlech vu Lyon am Massif central louch, zum gréissten Deel um Gebitt vum Norde vum haitegen Departement Rhône mä och südlech am Departement Saône-et-Loire. Gréisst Uertschaften am Beaujolais sinn no haitegen (2012) Awunnerzuelen, Villefranche-sur-Saône (36.241), Tarare (10.401) a Belleville (8.045).

D'Regioun ass international bekannt fir hir laang Wäibau-Traditioun, a méi rezent fir de Beaujolais nouveau.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]