Op den Inhalt sprangen

Beaujolais (Wäibaugebitt)

Vu Wikipedia
D'Wéngerten am Beaujolais

De Beaujolais ass e Wäibaugebitt deem seng gréisst Parti am Departement Rhône läit. Just déi nërdlechst Spëtz dovu läit an der Saône-et-Loire.

Am Norde stéisst et un d'Wéngerte vum Mâconnais. Offiziell gehéiert de Beaujolais nach zu der Regioun vun de Burgunderwäiner, mä ausser datt d'Wéngerten net wäit vun der Côte-d'Ôr ewechleien, an datt deenen zwou Géigenden hire Wäi gréisstendeels vun de selwechten Händler op de Maart bruecht ginn, hu se net vill mateneen ze dinn.

D'Wéngerte vum Beaujolais fänken am Norden an der Gemeng Saint-Amour un, a zéie sech op enger Längt vu ronn 50 Kilometer laanscht de rietsen Uwänner vun der Saône, déi d'Grenz no Osten, bis op L'Arbresle mécht. Am Weste gëtt Grenz vun enger Biergkette gemaach, déi d'Däller vun der Saône an der Loire trennt. D'Wéngerte ginn an de Bierghänk bis op eng Héicht vu 500 Meter erop.

Den Numm Beaujolais kënnt vun der Stad Beaujeu déi am Mëttelalter eng grouss Roll gespillt huet. Haut si Villefranche-sur-Saône a Belleville déi Stied, déi déi wichtegst Roll spillen.

De Beaujolais huet fënnef AOCen:

D'Appelatiounen, Cru a Grand-Cru, gëlle fir all d'Wéngerten aus de Gemengen, déi déi AOC däerfe benotzen, am Géigesaz zur Bourgogne wou déi Appelatioun nëmmen all Kéier fir ee bestëmmte Wéngert gëllt. Et sinn déi eenzeg Wäiner aus dem Beaujolais déi ee bis zu 7 Joer al gi ka loossen.

De gréissten Deel vun de Beaujolaiswäiner si rout Wäiner, bis op eng kleng Parti am Norden, déi wäisse Wäin aus Chardonnay mécht, awer meeschtens ënner der AOC Saint-Véran verkaaft gëtt, déi zum Mâconnais gehéiert.

Fir de roude Wäi gëtt d'Gamayrief gezillt, a fir de Wäissen ass et de Chardonnay. De Pinot noir ass erlaabt, gëtt awer praktesch net méi benotzt, a vun 2015 un däerf en net méi benotzt ginn.

Déi bekanntst Händler am Beaujolais sinn de Georges Duboeuf vu Romanèche-Thorins, deen an der ganzer Welt verkeeft, Trenel & Fils eng Familljenentreprise vu Charnay-les-Mâcon a Pierre Féraud, eng kleng Entreprise, déi sech op Qualitéitswäiner spezialiséiert huet.

An de leschte Jore gouf de Beaujolais besonnesch bekannt wéinst dem Beaujolais Nouveau, fir dee praktesch d'Hallschent vun der Produktioun gebraucht gëtt.

Commons: Beaujolais (Wäin) – Biller, Videoen oder Audiodateien