Chénas (AOC)

Vu Wikipedia

De Chénas ass ee vun den 10 Crusen aus de Wéngerte vum Beaujolais. Déi 10 Cruse si vun Norden no Süden: Saint-Amour, Juliénas, Chénas, Moulin-à-Vent, Fleurie, Chiroubles, Morgon, Regnié, Côte-de-Brouilly a Brouilly.

Et ass e roude Wäin deen aus Gamayriewe produzéiert gëtt. Mat 285 ha[1] ass et de klengste Wéngert am Beaujolais, an och deen, deen am mannste bekannt ass. Dobäi ass et deen, dee vun der Qualitéit hier am noosten un de Moulin-à-Vent der Kinnigin vun de Beaujolaisappelatiounen eru kënnt.

Et si räich a konzentréiert Wäiner, se hale sech awer net sou laang wéi de Juliénas, an de Moulin-à-Vent.

Déi bekanntst Produzente sinn: D'Genossenschaftskellerei Cave du Château de Chénas a follgend Proprietären: Domaine de Chênepierre, Domaine des Ducs an Domaine des Pierres.

Informatiounen iwwer d'Appelatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Numm: Chénas
  • Faarf: Rout
  • Dekreet vun der Apellatioun: 1936
  • Haaptriefzort: Gamay
  • Biedem: Leemeg Kallekbiedem
  • Fläch vum Wéngert: 285 ha
  • Gemengen déi zur Appelatioun gehéieren: Chénas an en Deel vun der Gemeng Chapelle-de-Guinchay.
  • Produktioun: 16.100 hl
Cruse vun der Appellatioun Beaujolais

Saint-Amour - Juliénas - Chénas - Moulin-à-Vent - Fleurie - Chiroubles - Morgon - Regnié - Côte-de-Brouilly - Brouilly.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Larousse du Vin