Saint-Amour (AOC)

Vu Wikipedia

De Saint-Amour ass ee vun den 10 Crusen aus de Wéngerte vum Beaujolais. Déi 10 Cruse si vun Norden no Süden: Saint-Amour, Juliénas, Chénas, Moulin-à-Vent, Fleurie, Chiroubles, Morgon, Regnié, Côte-de-Brouilly a Brouilly.

Saint-Amour ass den nërdlechste Wéngert vum Beaujolais, an ee vun de klengsten. Déi meescht Parzelle léien op niddregen Hiwwelen mat Ost-Süd-Ost Expositioun, op enger Héicht vu ronn 250 Meter. D'Wéngerte leien ëm d'Uertschaft Saint-Amour-Bellevue. En ettlech Wënzer maachen och wäisse Wäin aus Chardonnay, deen ënner dem Numm Saint-Véran verkaaft gëtt.

De Wäin ass liicht, delikat fruitéiert, an e ka jonk gedronk ginn. Am beschten ass en awer mat 2 bis 3 Joer.

Informatiounen iwwer d'Appellatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Dekreet vun der Appellatioun: 8. Februar 1946
  • Erlaabt Riefzorten: Gamay, et ka bis 2015 15 % Pinot noir drënner sinn.
  • Biedem:Leemeg Kallekbiedem
  • Fläch vum Wéngert: 317 ha
  • Produktioun: 18.200 hℓ.
  • Maximalrendement um Hektar: 58 hℓ
Cruse vun der Appellatioun Beaujolais

Saint-Amour - Juliénas - Chénas - Moulin-à-Vent - Fleurie - Chiroubles - Morgon - Regnié - Côte-de-Brouilly - Brouilly.