Côte-de-Brouilly

Vu Wikipedia
E Côte de Brouilly vun 2005.

D'Côte de Brouilly ass ee vun den 10 Crusen aus de Wéngerte vum Beaujolais. Déi 10 Cruse si vun Norden no Süden: Saint-Amour, Juliénas, Chénas, Moulin-à-Vent, Fleurie, Chiroubles, Morgon, Regnié, Côte-de-Brouilly a Brouilly.

D'Wéngerte vun der Côte-de-Brouilly verdeele sech ronderëm den ënneschten Deel vum 484 Meter héije Mont Brouilly, e fréiere Vulkan, am Weste vu Belleville a gi selwer ronderëm ageschloss vun de Wéngerte vun der AOC Brouilly.

Am grousse Ganze ginn d'Wäiner vun der Côte-de-Brouilly als besser ugesinn wéi de Brouilly, schonn eleng doduerch well s'aus bessere Lage kommen. Si si méi räich an hu méi Charakter. Well d'Drauwe gutt zeideg ginn, hu se méi Zocker, a kréien doduerch méi en héjen Alkoholgehalt.

E Côte-de-Brouilly drénkt sech am beschte wann en 1-3 Joer al ass.

Déi bekanntst Produzente sinn: Dominique Lacondemine, Domaine Large, a Claude Geoffray fir de Château Thivin a Château du Grand Vernay.

Informatiounen iwwer d'Appelatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Numm: Côte-de-Brouilly
  • Faarf: Rout
  • Dekreet vun der Apellatioun: 1938
  • Erlaabt Riefzorten: Gamay
  • Biedem: Porphyrleeën
  • Fläch vum Wéngert: 325 ha
  • Gemengen déi zur Appelatioun gehéieren: Odenas, Saint-Lager, Cercié, Quincié-en-Beaujolais.
  • Produktioun: 18.700
De Mont Brouilly vu Weste gesinn. Riets d'Uertschaft Brouilly a lénks Le Pré-du-Bief
Cruse vun der Appellatioun Beaujolais

Saint-Amour - Juliénas - Chénas - Moulin-à-Vent - Fleurie - Chiroubles - Morgon - Regnié - Côte-de-Brouilly - Brouilly.