Quincié-en-Beaujolais
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
Quincié aus der Loft gesinn an Direktioun Nordwesten. Lénks uewen d'Kopp mat de Bëscher vu Le Grand Saint-Cyr Lénks uewen d'Kopp mat de Bëscher vu Le Grand Saint-Cyr | |||||
| Land | |||||
| Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Villefranche-sur-Saône | ||||
| Kanton | Belleville | ||||
| Postcode | 69430 | ||||
| Gemengecode | 69162 | ||||
| Koordinaten | 46° 07’ 11’’ N 04° 37’ 02’’ O | ||||
| Fläch | 2 205 ha | ||||
| Bevëlkerung | 1 121 (1999) | ||||
Quincié-en-Beaujolais ass eng franséisch Gemeng am Beaujolais, am Departement Rhône, an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.
D'Uertschaft läit zesumme mat den Uertschaften Saint-Vincent, Saint-Nizier a Le Grand Saint-Cyr an engem Dräieck dee vu Wéngerte gebilt gëtt, déi am Ganzen eng Fläch vu ronn 750 ha hunn, an op deenen e groussen Deel vun de Cruse vun der Appellation Brouilly wiisst.
Duerch d'Gemeng leeft d'Ardière déi ongeféier 10 km weider ëstlech tëscht Taponas a Belleville an d'Saône leeft. D'Héicht vun der Gemeng variéiert tëscht 236 a 729 Meter.
Am Oste läit knapps 500 Meter vun der Gemengegrenz, mat enger Héicht vu 484 Meter eng eenzel Kopp am Dall vun der Saône, de Mont Brouilly.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Rhône
- Arrondissementer am Departement Rhône
- Kantonen am Departement Rhône
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Rhône