Saône
(Virugeleet vu(n) Saône (Floss))
![]() D'Saône | |
Längt | 473 km |
---|---|
Duerchnëttsdebit | 473,0 m³/s |
Hydrographesche Baseng | Rhône |
Fläch vum Baseng | 29.950 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | bei Vioménil |
Héicht | 405 |
Koordinaten |
48° 5’ 32’’ N 06° 10’ 47’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Rhône → Mëttelmier |
Plaz | Lyon |
Héicht | 161,8 |
Koordinaten |
45° 43’ 42’’ N 04° 49’ 07’’ O |
Geographie | |
Land | Frankräich |
Uertschaften |
Lyon, Chalon-sur-Saône, Mâcon, Villefranche-sur-Saône, Tournus |
D'Saône ass e Floss am Oste vu Frankräich, deen duerch d'Regiounen Grand Est, Bourgogne-Franche-Comté an Auvergne-Rhône-Alpes leeft. Si huet hir Quell bei Vioménil, westlech vun de Vogesen, a leeft dann a südwestlecher bis südlecher Richtung, fir no 473 Kilometer zu Lyon vu riets an de Rhône ze lafen.
Op hirem Wee leeft d'Saône duerch d'Departementer Vosges, Haute-Saône, Côte d'Or, Saône-et-Loire a Rhône.
Uertschaften um Floss[änneren | Quelltext änneren]
Nieweflëss (flossof gesinn)[änneren | Quelltext änneren]
Lénks
Riets
Tëscht Corre an hirer Mëndung an de Rhone ass d'Saône op 407 km kanaliséiert a fir Schëffer zougänglech. Am Ganze gëtt et 26 Schleisen. D'Saône ass souzesoen de Réckstrank vum franséische Waasserstroossereseau. Wichteg Kanäl sinn u si ugeschloss, déi se mat anere Flossbasenge verbannen:
- Canal de Pont-de-Vaux (P.K. 97,5) (de Kilometrage ass a Kanalkilometeren uginn)
- Seille (P.K. 106,0)
- Canal du Centre (P.K 144,5)
- Doubs (P.K 167,0)
- Canal de Bourgogne (P.K 201,5)
- Canal du Rhône au Rhin (südlechen Deel) (P.K. 206,0)
- Canal entre Champagne et Bourgogne (P.K. 240,0)
- Canal des Vosges (P.K 367,0);
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Saône – Biller, Videoen oder Audiodateien |