Côney

Vu Wikipedia
Côney
De Côney zu Fontenoy-le-Château
riets de Canal des Vosges
Längt 55 km
Hydrographesche
Baseng
Rhône
Fläch vum Baseng 317 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Lion Faing
Dounoux
Héicht 423 m
Koordinaten 8° 07’ 13’’ N
      06° 25’ 55’’ O
Konfluenz
Leeft an Saône
Plaz Corre
Héicht 222 m
Koordinaten 47° 54’ 43’’ N
      05° 59’ 41’’ O
Geographie
Land Frankräich
Regioun Haute-Saône a Vogesen
Uertschaften Bains-les-Bains, Xertigny

De Côney ass e Floss am Oste vu Frankräich an e lénksen Niewefloss vun der Saône.

Obschonn en zum Baseng vum Rhône gehéiert, läit e sou no um Museldall, datt d'Réimer scho wëlles haten e Verbingungskanal ze bauen. Dee gouf awer eréischt Realitéit am 19. Joerhonnert, mat dem Canal de l'Est am Kader vum Programm Freycinet.

De Côney huet seng Quell um Flouer mat dem Numm Lion Faing, an der Gemeng Dounoux an de Vogesen, um Südosthank vun de Monts Faucilles.

E leeft duerno duerch Uriménil an Uzemain, wou e bei Les Forges op de Canal de l'Est stéisst. Vun do u leeft e parallel mat dësem no Süden, laanscht Fontenoy-le-Château, a bei Ambiévillers, wiesselt en an d'Haute-Saône fir südlech vu Corre, op der Plaz Sous Bémont, op enger Héicht vun 222 m an d'Saône ze lafen.

Seng Haaptnieweflëss komme vu lénks: de Cône, den Aître an de Bagnerot, dee vu Bains-les-Bains kënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Côney – Biller, Videoen oder Audiodateien