Monts Faucilles

Vu Wikipedia

D'Monts Faucilles sinn en Serie vu Koppen déi an engem Bou tëscht dem Plateau de Langres an de Vogese leien.

Si leien um südwestlechen Deel vun der Haute-Marne, an an de Vogesen an deem Deel dee La Vôge genannt gëtt.

Si besti gréisstendeels aus Kalleksteen an aus Sandsteen a si maachen de Scheet tëscht de Flëss déi an d'Nordséi lafen, an deenen déi an d'Mëttelmier lafen. Net wäit vun hirer héchster Plaz, dem Ménamont, op 467 m, entsprangen d'Saône, en Niewefloss vum Rhône, an de Madon deen zum Baseng vum Rhäin gehéiert.

Bekannt Colle sinn de Col du Poirier (433 m), de Col des Clochettes (415 m), an de Col du Haut de Salins (403 m).

Déi hiwweleg Géigend huet et mat sech bruecht datt, wéi an den 1830er Joren de Canal de l'Est gebaut gouf, vill Schleisen an Däicher hu misse gebaut ginn.

Laanscht d'Mont Faucilles leien en ettlech Thermalstatioune wéi Bourbonne-les-Bains, Martigny-les-Bains, Contrexéville, Vittel, Bains-les-Bains a Plombières-les-Bains.