Vogesen

Vu Wikipedia
Relief vun de Vogesen.

D'Vogesen (elsässesch: d'Vogese, fr.: Vosges [ voːʒ ]) sinn e Biergmassiv am Nordoste vu Frankräich.

Den héchste Punkt ass mat 1.424 m de Grand Ballon. Et gëtt nach 13 aner Bierger, déi iwwer 1.300 m héich sinn. De südlechen Deel vun de Vogesen läit am Parc naturel régional des Ballons des Vosges iwwerdeems déi nërdlech Vogesen (Sandsteen-Vogesen) Deel vum Parc naturel régional des Vosges du Nord sinn.

D'Departement Vosges gouf 1790 no hinne genannt. 1871-1919 goung tëscht dem Donon an dem Ballon d'Alsace déi däitsch-franséisch Grenz; haut ass et d'Limite vun der Alsace-Moselle mat der Bourgogne-Franche-Comté am Süden an der Regioun Grand Est um Rescht vun hirem Verlaf.

Topographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Vogese-Massiv huet en onsymetrescht Profil, mat kristallinem Gestengs am Süden a Sandsteen am Norden; engem Weste mat relativ liichtem Gefäll zum Loutrenger Plateau hin, an engem Osten, wou et géi an d'Elsässescht Flaachland (d'Rhäindall) erofgeet.

Déi kristallin Vogesen hunn eng Haaptketten aus Bierger a Form vun engem ëmgedréinte "J", un där verschidden Nieweketten hänken, déi d'Däller vum Anzuchsgebitt vun der Musel op loutrengescher Säit, a vun der Ill op der elsässescher, trennen. Am Norde vum Dall vun der Bruche ginn d'Sandsteen-Vogesen an eng hiwwelech Landschaft iwwer, déi nom Col de Saverne manner héich sinn, an déi op där anerer Säit vun der däitsch-franséischer Grenz am Norden an de Biergmassiv vum Pfälzerwald iwwerginn.

Flora a Fauna[änneren | Quelltext änneren]

D'Vogesen ginn duerch Nolebeem dominéiert, wéi och Bichen an Eechen. D'Molbier ass d'Embleem vun de Vogesen. Bei den Déiere gëllt den Auerhunn als Symboldéier, dësen ass awer bal ausgestuerwen. Beim Wëld sinn d'Routhirschen, d'Réi an d'Wëldschwäin geleefeg. Aner Aarte wéi de Steebock, de Lynx oder de Biber goufen, nodeems se ausgestuerwe waren, nees agefouert. Och de Wollef konnt 2006 nees observéiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vosges – Biller, Videoen oder Audiodateien