Parc naturel régional des Ballons des Vosges

Vu Wikipedia
Vue vum Storkenkopf erof
Logo
Plang
Landschaft vum Plateau des Mille Étangs.


De Parc naturel régional des Ballons des Vosges ass e regionalen Naturpark a Frankräich. E gouf am Juni 1989 op Initiativ vun den dräi fréiere Regiounen Elsass, Loutrengen a Franche-Comté gegrënnt a vereent 198 Gemenge(Stand November 2020) mat ronn 240.000 Awunner[1]. Den Naturpark ass 3000 km² grouss a läit a 4 Departementer: Haut-Rhin, Haute-Saône, Vosges an Territoire de Belfort, an domat a an de Regioune Grand Est a Bourgogne-Franche-Comté. D'Administratioun vum Park ass zu Munster.

Geografesch erstreckt de Park sech iwwer de Süde vum Vogesen-Massiv, den Hautes Vosges, vum Dall vu Sainte-Marie-aux-Mines bis viru Belfort a bis bei Luxeuil-les-Bains. Am Norde geet de Park iwwer an de Parc naturel régional Vosges du Nord. Am Park leie 14 Bierger, Ballons genannt, déi méi wéi 1100 Meter héich sinn.

Landschaft[änneren | Quelltext änneren]

Héchst Bierger (Ballons):

De Plateau des Mille Étangs besteet aus Weieren, déi an der leschter Äiszäit entstane sinn an am Nordoste vum Departement Haute-Saône leien.


Fauna a Flora[änneren | Quelltext änneren]

Patrimoine[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le Parc en chiffres Gearchiveerd op 2021-09-23. Gekuckt de(n) 2021-03-26.