Le Bonhomme

Vu Wikipedia
Le Bonhomme
Vue an d'Uertschaft

Vue an d'Uertschaft
Vue an d'Uertschaft
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Territorial
Kollektivitéit
Collectivité européenne
d'Alsace
Departement Haut-Rhin
Arrondissement Colmar-Ribeauvillé
Kanton Sainte-Marie-aux-Mines
Postcode 68650
Gemengecode 68044
Koordinaten 48° 10’ 24’’ N
      07° 06’ 51’’ O
Fläch  2 198 ha
Bevëlkerung  743 (2018)

Le Bonhomme ass eng franséisch Gemeng am Departement Haut-Rhin, an der Collectivité européenne d'Alsace an der Regioun Grand Est.

D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Uertschaft leeft de klenge Floss Béhine.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptverkéiersachs a West-Ost Richtung ass d'Departementsstrooss D415 déi vu Westen aus dem Dall vun der Meurthe iwwer de Col du Bonhomme kënnt an dann duerch den Dall vun der Béhine iwwer Lapoutroie op Kaysersberg féiert. Vun Norde kënnt aus der Nopeschgemeng Sainte-Marie-aux-Mines d'D48 iwwer de Col des Bagenelles. D'D148 kënnt vun Norden aus der Nopeschgemeng La Croix-aux-Mines a leeft op der Westgrenz als Route des Crêtes bis op de Col du Bonhomme. Vun do leeft se weider no Süden op de Col du Louschbach an dann no Osten op de Col du Calvaire fir dann nees zeréck no Süden ze lafen an um Reichsberg an d'Nopeschdepartement ze komme fir do als D61 weiderzelafen.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Le Bonhomme war an der Päerdswelt bekannt well um Ecart La Graude vun Enn der 70er Joren déi éischt Appaloosaszuucht a Frankräich war an déi eenzeg déi Foundation Appaloosaen vun der Ulrich Ranch aus dem Wyoming als Stackmaterial hat.

Kuckt och[Quelltext änneren]