Bussang

Vu Wikipedia
Bussang
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Le Thillot
Postcode 88540
Gemengecode 88081
Koordinaten 47° 53’ 11’’ N
      06° 51’ 15’’ O
Fläch  2 763 ha
Bevëlkerung  1 439 (2014)

Bussang ass eng franséisch Gemeng am Departement Vosges an der Regioun Grand Est.

D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bussang läit um südëstleche Wutz vu Loutrengen op der Grenz mam Elsass um Fouss vum Drumont. Ronderëm leien en ettlech héich Koppe wéi d'Tête des Neuf Bois (1.231 m), d'Tête de Fellering (1.222 m), den Drumont (1.200 m), d'Tête de la Bouloie (1.166 m) an d'Tête des Corbeaux (1.093 m). Remiremont läit op 34 km a bis op Thann sinn et et iwwer de Col de Bussang 26 km. Eng kleng Strooss féiert iwwer de Col du Page op Ventron

Quell vun der Musel[änneren | Quelltext änneren]

E Buer op der Héicht vu 731 Meter no beim Col de Bussang gëtt als déi offiziell Quell vun der Musel duergestallt. Eigentlech entsteet d'Musel awer aus dem Zesummelaf vu méi Baachen déi op de Koppe ronderëm, dacks op Héichten iwwer dausend Meter entsprangen.

De Buer deen d'Quell vun der Musel markéiert

Kuckt och[Quelltext änneren]