Col de Bussang

Vu Wikipedia
Vue op d'Strooss op der elsässer Säit

De Col de Bussang ass e vun de meescht befuerene Collen an de Vogesen. E verbënnt iwwer d'Nationale 66 déi zwou Gemenge Bussang an Urbès.

Fréier gouf et um Col e Scheedtunnel. En ass haut nach nieft der neier Strooss déi méi héich iwwer de Col féiert ze gesinn. D'Douanesgebaier déi dobäi stounge sinn an der Tëschenzäit ewechgerappt.

An den 1930er Jore war op der Eisebunnsstreck Épinal-Bussang en iwwer aacht Kilometer laangen Tunnel geplangt ginn, fir déi Streck mat där vu Lutterbach op Kruth ze verbannen. Nodeem op der Elsässer Säit scho 4 Kilometer gegruef waren, gouf de Plang opginn. An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Wehrmacht d'Entrée vum Tunnel mat engem Blockhaus befestegt, an den Tunnel selwer gouf als Waffefabréck gebraucht, an där haaptsächlech Prisonéier vum Struthof hu misse schaffen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tunnel vun Urbès.