KZ Natzweiler-Struthof

Vu Wikipedia
Entrée vum Lager Struthof
De Struthof haut

D'KZ Natzweiler-Struthof war e Konzentratiounslager (KZ / KL)[1] no bei Natzwiller am Elsass, ongeféier 55 km westlech vu Stroossbuerg, op enger Kopp vun de Vogesen op enger Héicht vun 800 m.

D'Haaptlager ass dat eenzegt Konzentratiounslager op franséischem Territoire a louch deemools am annexéierten Elsass. D'Netz vun den Niewelageren, op den zwou Säite vum Rhäin huet aus ronn 70 méi klenge Lagere bestanen. Eent dovu war z. B. dat zu Thil, direkt hannert der lëtzebuergescher Grenz. Vun de ronn 52.000 op Natzweiler Deportéiert, hunn der ongeféier 35.000 d'Haaptlager ni ze gesi kritt.

Dës Plaz war vum Hitler sengem Architekt, dem Albert Speer wéinst dem rosa Granit deen do am Buedem läit erausgesicht ginn, deen hie gebraucht huet fir seng Monumental-Gebaier. Et goufen awer och medezinesch Experimenter vun de Professere vun der Reichsuniversität Straßburg do gemaach.

Lëtzebuerger déi zu Natzweiler waren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kayser, Steve (éd.), 2008. Amicale Natzweiler-Struthof 1966-2008. Mehr als 40 Jahre Erinnerungsarbeit. Plus de 40 ans de travail de mémoire. imprimerie saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-8796-686-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Natzweiler-Struthof concentration camp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. KZ ass déi méi bekannt Ofkierzung wougéint an de meeschten däitschen Archive KL als Ofkierzung steet (Quell:Websäit vum Lager)