Nicolas Birtz

Vu Wikipedia
Nicolas Birtz
Gebuer 17. Mäerz 1922
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 20. Mäerz 2006
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Partei LSAP


Den Nicolas (Nic) Birtz oder Birtze Néckel wéi en zu Diddeleng genannt gouf, gebuer de 17. Mäerz 1922 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 20. Mäerz 2006, war e lëtzebuergeschen LSAP Politiker a Sportsmann.

No sengem Studium am Kolléisch huet hien zu Diddeleng op der ARBED als Beamte geschafft.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Vu Jonktem un huet hie sech fir Foussball intresséiert an huet zu Diddeleng op der Stade gespillt.

Hie war 1948 als Foussballspiller op den Olympesche Spiller zu London dobäi[1] an huet an deem Joer, den 18. Juli, zu Saint-Quentin am Match géint Frankräich fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[2].

Hie war och ee vun den Aktiviste fir déi Diddelenger Foussballveräiner (Stade Diddeleng, US Diddeleng an CS Alliance Diddeleng) ze fusionéieren a gouf Éierepresident vum F91.

Resistenz[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich war hien an der Resistenz am Alweraje-Grupp an ass och dofir vun der Gestapo fir d'éischt op Hinzert an duerno op Natzweiler verschleeft ginn, vum August 1942 bis den 8. Mee 1945. Zu Natzweiler huet hien, wéi och aner Lëtzebuerger, an de Steebréch ëm d'Lager misse Steng klappe fir SS-Monumentalgebaier.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

1951 ass hien an d'LSAP agetrueden. Do war hie vun 1957 bis 1961 an der Kontrollkomissioun a vun 1960 bis 1976 President vun der LASP-Sektioun Diddleng. 1951 war hien am Oktober fir d'éischt als Kandidat bei de Gemengewalen dobäi. Hie gouf gewielt a war duerno vum 1. Januar 1952 bis den 31. Dezember 1963 Gemengerot, duerno, vum 1. Januar 1964 bis den 21. Mee 1973, Schäffen. Den 22. Mee 1973 gouf hie Buergermeeschter vun Diddeleng an ass dat bliwwe bis de 24. Dezember 1984. Vun 1960 bis 1976 war hien ausserdeem am Kommitee vun der Federatioun vun de Gemengréit.

De 14. Februar 1985 gouf den Nicolas Birtz Éierebuergermeeschter vun Diddeleng.

Bei de Chamberwale vun 1974 gouf hie gewielt a war Deputéierte vun 1974 bis 1979. Bei deene vun 1979 gouf hien net direkt gewielt, ass awer dunn am August 1980 fir d'Lydie Schmit, déi demissionéiert hat, nogeréckelt a war dunn nees an der Chamber bis 1989.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Nicolas Birtz: S. 33).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Nic Birtz op der Websäit vun der AssociationLuxembourgeoise des Olympiens Gearchiveerd op 2012-02-11. Gekuckt de(n) 2011-11-13.
  2. D'Lännermatcher vum Nicolas Birtz op der Websäit vun European Football