Gemengewalen (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Walziedel fir d'Gemengewalen 2017 an der Stad Lëtzebuerg

Ënner Gemengewalen versteet een d'Wale fir de Gemengerot ze wielen. Zu Lëtzebuerg sinn déi Walen all 6 Joer.

D'Modalitéite vun de Gemengewale sinn am Walgesetz vum 18. Februar 2003 festgeluecht.

D'Zuel vun de Gemengeréit (d. h. de Membere vum Gemengerot) hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of:

  • Gemeng ënner 999 Awunner: 7 Memberen
  • Gemeng mat 1.000 - 2.999 Awunner: 9 Memberen
  • Gemeng mat 3.000 - 5.999 Awunner: 11 Memberen
  • Gemeng mat 6.000 - 9.999 Awunner: 13 Memberen
  • Gemeng mat 10.000 - 14.999 Awunner: 15 Memberen
  • Gemeng mat 15.000 - 19.999 Awunner: 17 Memberen
  • Gemeng mat iwwer 20.000 Awunner: 19 Memberen
  • d'Stad Lëtzebuerg huet 27 Gemengerotsmemberen.

Doran abegraff sinn de Buergermeeschter an d'Schäffen (Collège des bourgmestre et échevins - Schäfferot genannt). Jee no Gréisst vun der Gemeng gëtt et, nieft dem Buergermeeschter, 2 Schäffen (Gemenge mat manner wéi 10.000 Awunner), 3 (tëscht 10.000 an 19.999 Awunner) oder 4 (méi wéi 20.000). D'Stad Lëtzebuerg huet der 6.

Gewielt gëtt nom Majorz- (Gemengen ënner 3.000 Awunner) oder Proporzsystem.

Well d'Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst, ass d'Zuel vun de Proporzgemengen a knappss 20 Joer vu 27 (1993) iwwer 37 (2005) op 46 (2017) eropgaangen. 80% vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg lieft an enger Proporzgemeng.[1]

Fir däerfen ze wielen, muss een 18 Joer al sinn, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, an do, wann een net Lëtzebuerger ass, op d'mannst 5 Joer an engem Stéck regulär gewunnt hunn. Fir Lëtzebuerger ënner 75 Joer besteet Walflicht, bei Net-Lëtzebuerger eréischt dann, nodeem se sech an d'Wielerlëschten agedroen hunn.

Passiivt Walrecht, also d'Recht sech wielen ze loossen, hunn all Bierger vun der Europäescher Unioun d'Lëtzebuerger natierlech abegraff, iwwer 18 Joer, déi zanter méi wéi 6 Méint an der Gemeng, an där se kandidéieren, ugemellt sinn. Wéi beim Recht, ze Wielen, muss ee seng biergerlech Rechter hunn.

Bréifwal ass, ënner bestëmmte Konditiounen, méiglech.

Gemengewalen 2017[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 waren 285.335 Wieler ageschriwwen.[2] Dovun hu sech der 18.468 per Bréifwal bedeelegt. 251.437 Wieler haten d'Lëtzebuerger Nationalitéit; dobei koumen 33.898 Auslänner, déi am Land wunnen,a sech sech op d'Wallëschten androe gelooss haten.

3.575 Kandidate stoungen am Ganzen zur Auswiel, dat ware 1.274 Dammen an 2.301 Hären. 3.307 Kandidate ware Lëtzebuerger, 268 haten eng aner Nationlitéit.

Et gouf 666 Walbüroen. Et goufen am ganzen 248.885 Walziedelen an d'Urn geheit. Dovunner waren der 228.904 gülteg, 19.981 ongülteg oder wäiss. Bei déi gülteg dobei koumen 17.206 Bulletinen, déi per Bréifwal ageschéckt goufen.

Am ganze waren 3.311.210 Stëmme méiglech, ofgi goufen der awer just 2.814.832.

1.289.334 - 45.8% - ware Lëschtestëmmen (d.h., wou all Stëmmen un eng an déiselwecht Lëscht goungen), 958.204 - 54.2% - goufen eenzel an enger oder méi Lëschten 'erausgesicht'.

46 vun den 105 Gemenge ware Proporzgemengen. D'Sëtzverdeelung, zesummegerechent, gesouch an deene Gemenge sou aus:

Partei CSV DP gréng LSAP aner
Total Sëtzer 209 108 77 155 51
% 30.4 18.2 16.4 24.0 11.0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerger Land, 12. Aug. 2011, S.3.
  2. All Zuelen: Resultater op rtl.lu.