Schengener Ofkommes

Vu Wikipedia

D'Schengener Ofkommes (och bekannt als Accorde vu Schengen) ass en Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 [1] vu fënnef EU-Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg), um Schëff M.S. Marie-Astrid, dat op der Musel am Dräilännereck viru Schengen louch, ënnerschriwwe gouf.

D'Zil war, Grenzkontrolle fir Wueren a Persounen tëscht de Schengen-Staaten ofzeschafen an d'Kontrolle vun de baussenzege Grenzen ze stäerken an ze harmoniséieren. D'Schengener Ofkommes gouf am Ufank baussent de Strukture vun der EU geschaf, well net all EU-Staate bereet waren matzemaachen.

Donkelblo: EU-Membere vum Schengener Ofkommes
Hellblo: Net-EU-Membere vum Schengen-Raum
Gréng: Staaten, déi kooperéieren (IRL); Beige: nach net a Kraaft (RO, BG, CY)
Den Traité

Memberschaft an Ëmsetzung[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Juni 1990 hunn Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner e weidert Dokument ënnerschriwwen, déi sougenannt Schengener Konventioun, déi déi 'technesch' Detailer reegelt.

Zu dëse Länner sinn no an no nach anerer derbäikomm:

Duerch e Protokoll am Traité vun Amsterdam gouf d'Schengener Ofkommes an den 'Acquis' vun der Europäescher Unioun iwwerholl, an dofir sinn déi zéng Länner, déi am Mee 2004 bäigetruede sinn, automatesch Memberen. D'Vereenegt Kinnekräich (a wéinst den oppene Grenzen tëscht Nordirland an der Republik Irland och déi leschtgenannten) maachen awer bis op Weideres net mat. De 16. Oktober 2004 huet d'Net-EU-Land Schwäiz ënnerschriwwen, dem Schengen-Raum bäizetrieden. Et ass den 12. Dezember 2008 fir de Landverkéier a Kraaft getrueden. Enn Mäerz 2009 mam Summerfluchplang koum de Loftverkéier debäi.

Déi praktesch Ëmsetzung geschouch no an no, mat siwe Länner am Juni 1995 (déi fënnef éischt plus Spuenien a Portugal). 1997 koumen Éisträich an Italien no. A Griicheland sollt d'Konventioun zwar vun 1997 u gëllen, praktesch war dat awer eréischt vun 2000 un de Fall. Déi Skandinavesch Länner, déi virdrun och schonn eng Struktur ënnereneen haten, déi bal d'selwecht war, hunn d'Schengener Ofkommes de 25. Mäerz 2001 ëmgesat.

An den zéng neien EU-Memberstaate vum Bäitrëtt vun 2004, ausser Zypern, ass de Schengen-Raum den 21. Dezember 2007 (fir Land- a Miergrenzen) an den 30. Mäerz 2008 (fir Loftgrenzen) a Kraaft getrueden. Fir Zypern, Rumänien a Bulgarie steet nach keen Datum fest. Kroatien ass 2023 bäigetrueden; den 1. Januar fir Landgrenzen an de 26. Mäerz fir de Fluchverkéier.

Wat steet dran?[änneren | Quelltext änneren]

De Prinzip vum Schengener Ofkommes ass d'ongehënnert Zirkulatioun vu Persounen a Wueren tëscht de Memberstaaten, ouni op der Grenz kontrolléiert ze ginn. Dat heescht am Géigenzuch, datt d'Schenge-Staaten hir baussenzeg Kontrolle koordinéieren.

D'Schengener Ofkommes gesäit och fir, datt Informatiounen iwwer Leit, déi sech net (méi) an engem Schengen-Land ophalen däerfen, oder vun der Police gesicht ginn, mat deenen anere Schengen-Länner gedeelt ginn, an dat mat Hëllef vum sougenannte Schengener Informatiounssystem (SIS).

Land Bäitrëtt zum Traité Ofschafe vun de Grenzkontrollen
(kursiv = viraussiichtlech)
Ausser Kraaft gesat Bemierkungen
Flag of Andorra.svg Andorra - 26. Mäerz 1995 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrollen mat de Nopeschlänner Spuenien a Frankräich.
Flag of Belgium (civil).svg Belsch 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Vum 10. bis 30. Januar 2000 bei Geleeënheet vun enger Amnestie fir Persounen ouni Openthaltserlabnis. Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2000.
Flag of Bulgaria.svg Bulgarien 1. Januar 2007 fréistens 2012
Flag of Denmark.svg Dänemark 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Och Grönland an d'Färöer, als Deel vun der Nordescher Passuniounn, si Member vum Schengener Traité.
Flag of Germany.svg Däitschland 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Virun a wärend der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006. Wärend dem G8-Sommet zu Heiligendamm 2007. Mat dem Bäitrëtt vun der DDR zur Bundesrepublik den 3. Oktober 1990 gëllt de Schengener Traité och um Territoire vun der fréierer DDR.
Flag of Estonia.svg Estland 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Finland.svg Finnland 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001
Flag of France.svg Frankräich 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Ouni d'Départements outre-mer
Flag of Greece.svg Griicheland 6. November 1992 26. Mäerz 2000 Formal a Kraaft schonn 1997, wéinst de Sécherheetsbedenke vun aneren EU-Länner faktesch Ëmsetzung eréischt 2000.
Flag of Ireland.svg Irland 29. Mee 2000 - Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfollgung a polizeilech Zesummenaarbecht. D'Passkontrolle bleiwe bestoen.
Flag of Iceland.svg Island 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité.
Flag of Italy.svg Italien 17. November 1990 26. Oktober 1997 Virun a wärend dem G8-Sommet zu Genua 2001.
Civil ensign of Croatia.svg Kroatien 1. Januar 2023
Lettland Lettland 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Liechtenstein.svg Liechtenstein - 22. Dezember 2011
Flag of Lithuania.svg Litauen 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995
Flag of Malta.svg Malta 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Monaco.svg Monaco - 26. Mäerz 1995 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Frankräich.
Flag of the Netherlands.svg Holland 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2000.
Flag of Norway.svg Norwegen 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité.
Flag of Austria.svg Éisträich 28. Abrëll 1995 1. Dezember 1997 Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2008.
Flag of Poland.svg Polen 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Portugal.svg Portugal 25. Juni 1991 26. Mäerz 1995 Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2004.
Flag of Romania.svg Rumänien 1. Januar 2007 fréistens 2012
Flag of San Marino.svg San Marino - 26. Oktober 1997 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien.
Flag of Sweden.svg Schweden 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001
CHECHE Schwäiz 16. Oktober 2004 12. Dezember 2008 Nëmmen Ofschafe vun de Persounekontrollen. D'Kontroll vun de Wuere bleift bestoen, well d'Schwäiz net an der EU-Zollunioun ass.
Flag of Slovakia.svg Slowakei 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Slovenia.svg Slowenien 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Spain.svg Spuenien 25. Juni 1991 26. Mäerz 1995
Flag of the Czech Republic.svg Tschechesch Republik 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of Hungary.svg Ungarn 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Flag of the Vatican City.svg Vatikanstad - 26. Oktober 1997 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien.
Flag of the United Kingdom (3-5).svg Vereenegt Kinnekräich 29. Mee 2000 - Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfollgung a polizeilech Zesummenaarbecht. D'Passkontrolle bleiwe bestoen.
Flag of Cyprus.svg Zypern 1. Mee 2004

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cedric Sangaletti, 2008. Schengen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 221-226. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schengener Ofkommes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.ena.lu/ Text vum Okommes vun 1985