Färöer

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
DenmarkStub2.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Dänemark ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Føroyar (fo)
Færøerne (dk)

Färöesche Fändel

Färöescht Wopen

Detailer

Detailer
Faroe Islands in its region.svg
Offiziell Sprooch: Färöesch[1]
Haaptstad: Tórshavn
 • Koordinaten: 62° 0’ 42’’ N
06° 43’ 03’’ W
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnigin: Margrethe II.
 • Premierminister: Aksel V. Johannesen
Fläch: 1.395,74[2] km²
Bevëlkerung: 49.864 (01.01.2017)[3]
 • Bevëlkerungsdicht: 36,22[2]/km²
Onofhängegkeet: zanter 1948
Nationalfeierdag: 29. Juli
Nationalhymn: Mítt alfagra land
Währung: Dänesch Kroun (DKK)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .fo
Internationalen
Telefonsprefix
:
+298
Map of the Faroe Islands en.svg

D'Färöer – och Färöer-Inselen (Føroyar (fo), Færøerne (dk), d'„Schofsinselen“) ass eng autonom Inselgrupp déi zum Kinnekräich Dänemark gehéiert. Se läit am Nordatlantik, tëscht de Briteschen Inselen, Norwegen an Island. Déi 18 Insele goufen am Mëttelalter entdeckt a bewunnt a sinn haut - mat Ausnam vun der klengster, Lítla Dímun - all permanent bewunnt.

Déi knapp 50.000 Inselbewunner – d'Färöer oder Färinger – gesinn sech net als Dänen, mä als eegestännegt Vollek, dat vun de Wikinger op de Färöer ofstaamt. Si schwätze Färöesch, eng Sprooch, déi aus dem Alwestnordesche staamt an zur Islännescher an der Norwegesche Sproochgrupp gehéiert.

Nom Traité vu Fámjin aus dem Joer 2005 sinn d'Färöer, grad ewéi d'Grönlänner, eng gläichberechtegt Natioun bannent dem Kinnekräich Dänemark. Hir Insele si schonn zanter 1948 gréisstendeels autonom an hu mam Løgting eent vun den eelsten Parlamenter vun der Welt. Et schéckt reegelméisseg zwéin Deputéiert an d'dänescht Folketing an ass och mat zwéin Delegéierten am Nordesche Rot vertrueden.

Anescht wéi Dänemark gehéieren d'Färöer awer net zur Europäescher Unioun an op Grond vum Art. 4 Abs. 1 vum europäeschen Zollkodex[4] och net zum Zollgebitt vun der Unioun. Dowéinst zielen all d'Verträg iwwert d'EU oder hir Aarbechtsweis op de Färöer net. Well se awer zur Paneuropa-Mëttelmier-Zon[5] gehéieren, hunn d'EU-Bierger hei zimlech déiselwecht Rechter wéi am Europäesche Wirtschaftsraum. Zanter dem 1. November 2006 sinn d'Färöer an enger Zollunioun mat Island. Schonn zanter 1985 schaffen Island, Grönland an d'Färöer am Westnordesche Conseil zesummen.

Bis an d'19. Joerhonnert war d'Schofszuucht déi gréisst ekonomesch Aktivitéit an d'färöesch Woll den Haaptexportartikel. Haut dominéieren op de Färöer d'Fëscherei an déi domat verbonnen Ekonomie. Zanter der Mëtt vun den 1990er Jore gëtt am Mier ëm d'Inselen no Pëtrol gesicht; all Proufbuerunge si bis elo awer feelgeschloen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Färöer leien op 62° nërdlecher Breet a 7° westlecher Längt am Nordatlantik tëscht Schottland (mat den Hebriden am Süden, Shetland an Orkney am Südosten), Norwegen am Osten an Island am Nordwesten. Weider nërdlech läit déi norwegesch Insel Jan Mayen am Polarmier.

Den Archipel mat sengen 18 Inselen, 11 Holmen a 750 Schäre bilt eng Fläch vun 1.395,74 km². D'Färöer bilden en Dräieck, dat am Süde spatz ausleeft. Se sinn - vun Enniberg am Norde bis Sumbiarsteinur am Süden 118 km laang, a vu Mykineshólmur am Weste bis Fugloy am Oste 75 km breet. D'Küst déi rësseg ass an dacks vertikal aus dem Mier erop geet, erstreckt sech iwwer 1.289 Kilometer. Déi duerchschnëttlech Héicht läit bei 300 Meter iwwer dem Mier.

Bei kloer Siicht kann ee vum vum héchste Bierg, dem Slættaratindur (882 m) aus, iwwer all d'Insele kucken. Mam Kap Enniberg hunn d'Färöer déi héchst Kliff vun der Welt (754 m), déi vertikal aus dem Mier eraus kënnt.

Kee Punkt op de Färöer ass méi wéi fënnef Kilometer vum Mier ewech. Bal all d'Uertschafte vun der Färöer leien a geschützten, natierlechen Häfen, a Fjorden a Buchten. An den Däller an op der Héicht ass et dacks suppeg an duerch d'Land fléisse vill méi oder manner grouss Baachen, déi dacks als Waasserfall oder direkt an d'Mier fléissen.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Färöer hunn e vulkaneschen Urspronk an am Paleogen entstanen. Se sinn ongeféier 60 Millioune Joer al (dräimol sou al, wéi Island). Déi eenzeg Thermalquell Varmakelda erënnert un déi Zäit. D'Insele bestinn aus Basalt, dee sech a charakteristesche Stufe mat haarden Tuffschichten ofwiesselt. Tëscht der Zäit an där déi ënnescht a mëttelst Basaltschicht entstanen ass, gouf et eng laang Paus, an där sech eng staark Vegetatioun entwéckelt hat. Duerch eng nei vulkanesch Aktivitéit, ass déi Flora awer erëm futti gemaacht ginn. Bei Hvalba gëtt et Steekuel, déi vun de fréiere Bëscher staamt. Bei Tvøroyri an op Mykines gëtt et interessant vulkanesch Gestengs.

Während den Äiszäiten am Neogen waren d'Färöer ganz vu risege Gletschere bedeckt, wat zur haiteger Form vun den Insele mat hire Fjorden, Sunden an Däller gefouert huet.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Durchschnëttstemperaturen an -nidderschléi zu Tórshavn[6]
Jan Feb Mäe Abr Mee Jun Jul Aug Sep Okt Nov Dez
Max. Temperatur (°C) 5,3 5,5 5,9 7,2 9,2 11,4 12,6 12,8 11,2 9,3 6,6 5,8 ø 8,6
Min. Temperatur (°C) 1,2 1,5 1,5 2,7 4,9 7,1 8,4 8,5 7,0 5,4 2,6 1,6 ø 4,4
Temperatur (°C) 3,4 3,6 3,8 5,0 7,0 9,1 10,3 10,5 9,1 7,4 4,6 3,7 ø 6,5
Nidderschlag (mm) 133 95 132 88 70 61 70 83 128 155 127 142 Σ 1.284
Sonnestonnen (h/d) 0,5 1,3 2,3 3,6 4,0 4,2 3,6 3,1 2,6 1,6 0,7 0,2 ø 2,3
Reendeeg (d) 22 17 21 16 12 12 13 13 18 22 21 22 Σ 209
Waassertemperatur (°C) 5,6 5,4 5,5 6,3 7,5 9,1 10,1 10,6 10,0 8,8 7,5 6,3 ø 7,7

D'Wieder op de Färöer ass maritim, fiicht an aussergewéinlech wiesselhaft. Dat heescht, datt op deemselwechten Dag d'Sonn schéngen a gläich duerno décken Niwwel opzéie kann an datt d'Wieder op verschiddene Plazen op dem Archipel ganz ënnerschiddlech si kann.

D'Färöer leien zwar beim 62. Breedegrad, mä well d'Klima vum Golfstroum beaflosst gëtt, sinn d'Temperaturen am Allgemenge relativ mëll. D'Duerchschnëttstemperatur am Summer läit bei 10 °C, am Wanter bei knapp 4 °C. D'Häfe sinn d'ganzt Joer iwwer äisfräi, an am Wanter bleift de Schnéi deen heiansdo fält, net laang leien.

D'Luucht ass meeschtens kloer an et bléist dacks e frësche Wand, dee meeschtens aus dem Südweste kënnt. Och wann een sech op Stuerm a Reen astelle muss, sou ginn et awer nëmme seelen Deeg op deenen et de ganzen Dag reent. Heiansdo blosen tropesch Wierbelstierm iwwer den Archipel, sou wéi z. B. 1966 den Hurrikan „Faith“, mat enger Wandvitesse vun 160 km/h.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Färöer an hirer Truecht
D'Uertschaft Kvívík ëm 1900
D'Westküste vun den Insele sinn dacks géi an net zougänglech iwwerdeems d'Land a Richtung Osten hi flaach fält. Déi meescht Färöer wunnen do an de Buchten. Bléck vun der Kliff Beinisvørð a Richtung Norden.

Ethnesch Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2006 ware vun de ronn 49.000 Awunner vun de Färöer 98 % Reichsbürger, also Färöer, Dänen oder Grönlänner. Vum Gebuertsuert hier kann ee folgend Hierkonft vun den Awunner ofleeden: Op de Färöer gebuer sinn 91,7 %, an Dänemark 5,8 % an a Grönland 0,3 %. Zesumme mat e puer agebiergerte Leit stellen déi dräi Gruppen d'Reichsbürger duer.

Déi gréisste Grupp vun Auslänner sinn d'Islänner mat 0,4 %, duerno kommen d'Norweger an d'Polen mat jee 0,2 %. Am ganze liewen op de Färöer Leit aus 77 Länner.

Fir vun dësen Zuelen op d'färöesch Mammesproochler ze schléissen, ass aus zwee Grënn net méiglech: éischtens liewe ganz vill färöesch Mammesproochler an Dänemark, vun deenen der eng gutt Partie do gebuer sinn a méi spéit an hirem Liewe mat hiren Elteren oder als Erwuessener op d'Färöer zréck kommen. Zweetens gëtt et al agesiess dänesch Familljen op de Färöer, déi doheem Dänesch schwätzen.

Demographesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Awunner vun de Färöer waren iresch Mönchen, déi a klengen Eremitgruppe gelieft hunn. Doduerch datt d'Wikinger sech do néier gelooss hunn, ass eng nenneswäert Populatioun entstanen, déi sech bei ongeféier 4.000 Awunner agependelt huet a bis an d'18. Joerhonnert ni iwwer 5.000 geklommen ass. Ëm 1349/1350 ass ongeféier d'Hallschent vun der Bevëlkerung un der Pescht gestuerwen. Eng weider Immigratiounswell aus Skandinavien konnt d'Reduzéierung vun der Bevëlkerung awer lues a lues nees ausgläichen. Eréischt mam Opkomme vun der Héichséifëscherei (an domat der Onofhängegkeet vun der schwiereger Landwirtschaft) an dem allgemenge Fortschrëtt am Gesondheetswiese koum e zu engem rasante Bevëlkerungswuesstem op de Färöer. Vum Enn vum 18. Joerhonnert un huet sech d'Bevëlkerung bannent 200 Joer verzéngfacht. Ufanks vun den 1990er Jore koum et zu enger schwéierer Wirtschaftskris an domat zu enger Emigratioun, déi sech awer an de Joren duerno nees mat der Immigratioun ausgeglach huet. Mat 48.000 Awunner am Joer 2004 war d'Bevëlkerung dunn nees ongeféier um Stand wéi am Ufank vun der Kris uganks vun den 1990er Joer. Am Abrëll 2015 hat d'Bevëlkerung mat 48.795 Awunner en neien Héchststand erreecht, an am August 2015 hu fir d'éischt an der Geschicht vun der Färöer méi wéi 49.000 Leit op den 18 fielsegen Inselen am Nordatlantik gelieft.

D'Färöer sinn eent vu deene Länner vun der Äerd, an deenen et méi männlech wéi weiblech Awunner gëtt. Vun de 49.864 Awunner sinn 51,60 % Männer (25.728),  deenen 48,40 % Fraen (24.136) géintiwwer stinn[3].

Bevëlkerung op den 1. Januar[3]
1987 1997 2007 2017
Total 46.240 43.747 48.268 49.864
Männer 24.187 52,31% 22.553 51,55% 25.081 51,96% 25.728 51,60%
Fraen 22.053 47,69% 21.194 48,45% 23.187 48,04% 24.136 48,40%

Déi geschate Liewenserwaardung louch 2016 bei 80,4 Joer (77,8 Joer bei de Männer an 83,1 Joer bei de Fraen)[7].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Färöer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. The Government of the Faroe Islands op www.government.fo, gekuckt de 14. Oktober 2017
  2. 2,0 2,1 Laenderdaten.info gekuckt den 13. Oktober 2017
  3. 3,0 3,1 3,2 Population by sex, age and village/city op hagstova.fo, Statistics Faroe Islands, gekuckt de 16. Oktober 2017
  4. Verordnung (EU) Nr. 952/2013 des Europäischen Parlaments und des Rates vom 9. Oktober 2013 zur Festlegung des Zollkodex der Union
  5. Paneuropa-Mittelmeer-Kumulierung und PEM-Übereinkommen op ec.europa.eu, gekuckt de 14. Oktober 2017
  6. Wiederstatistik op dmi.dk vum Danish Meteorological Institute (DMI)
  7. The World Factbook op cia.org, gekuckt de 16. Oktober 2017