Op den Inhalt sprangen

Germanesch Sproochen

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel soll eng Iwwersiicht iwwer d'germanesch Sproochen ubidden. Déi däitsch Sprooch selwer gëtt an engem eegenen Artikel behandelt.
D'germanesch Sproochen

D'germanesch Sprooche sinn eng Branche vun der indoeuropäescher Sproochefamill. Si bestinn aus ronn 20 Sprooche mat ongeféier 500 Millioune Mammesproochler.

E charakteristesche Phenomeen vun alle germanesche Sproochen ass d'Verännerung am Konsonantismus vun der germanescher Lautverrécklung – eppes, dat et an aneren indoeuropäesche Sproochen net gëtt.

Entwécklung vum Däitschen

[änneren | Quelltext änneren]
Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
Zousätzleche Grond: schlecht Sprooch; Sätz net ze verstoen

D'Ausglidderung an d'Konstituéierung vun der däitscher Sprooch aus dem Germanesche kéint am beschten als dräifache sproochgeschichtleche Virgank verstan ginn:[1] Déi zouhuelend Differenzéierung vum Spéitgemenggermaneschen iwwer d'Südgermanescht zum Elbgermaneschen an, a méi klengem Mooss, zum Rhäin-Wesergermaneschen, op deenen déi fréimëttelalterlech Stammestdialekter berouen. D'Integratioun am fränkesche Räichsverband zum Alhéichdäitschen. Déi schrëft- oder héichsproochlech Iwwerschichtung op héichdäitscher (méi genee: ostmëtteldäitscher a südostdäitscher) Grondlag, woubäi och d'Nidderdäitscht der däitscher Sprooch definitiv ageverleift gouf, obwuel eng Beeinflussung vum Héichdäitschen hier zënter alhéichdäitscher Zäit festzestellen ass.

Lieweg germanesch Sproochen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Englesch (English, weltwäit 360–400 Millioune Mammesproochler)
  • Däitsch (Deutsch, ronn 90 Millioune Mammesproochler gréisstendeels an den däitschsproochege Länner)
  • Hollännesch (Nederlands, ronn 23 Millioune Mammesproochler an den hollänneschsproochege Länner)
  • Bairesch (Boaresch, ronn 12 Millioune Mammesproochler an Däitschland, an Éisträich an an Italien)
  • Schweedesch (Svenska, ronn 9,1 Millioune Mammesproochler a Schweden an a Finnland)
  • Afrikaans (Afrikaans, ronn 7,1 Milliounen a Südafrika an an Namibien)
  • Dänesch (Dansk, ronn 5,5 Milliounen an Dänemark, Grönland, op Färöer an an Däitschland)
  • Norwegesch (Norsk, ronn 5 Milliounen an Norwegen)
  • Jiddesch (ייִדיש, manner wéi 1,5 Milliounen an Europa, Israel, an den USA an a Russland)
  • Limburgesch (Limburgs, ronn 1,3 Milliounen an Holland an an der Belsch)
  • Nidderdäitsch (Plattdüütsch, 1–2 Milliounen an Däitschland, Holland, Dänemark an an Nord- a Südamerika)
  • Westfrisesch (Frysk, ronn 470.000 Mammesproochler an Holland)
  • Lëtzebuergesch (ronn 390.000 Mammesproochler zu Lëtzebuerg an an der Belsch)
  • Islännesch (Íslenska, ronn 331.000 Mammesproochler an Island)
  • Scots (Scots, ronn 125.000 Mammesproochler a Groussbritannien)
  • Färöesch (Føroyskt, ronn 66.000 Mammesproochler op Färöer)
  • Nordfrisesch (Nordfriisk, ronn 10.000 Mammesproochler an Däitschland)
  • Elvdalesch (Övdalską, ronn 2.400 Mammesproochler a Schweden)
  • Fersentalesch (Bersntoler Sproch / Mòcheno, manner wéi 1.900 Mammesproochler an Italien)
  • Saterlandfrisesch (Seeltersk, den eenzege liewegen Ostfriseschen Dialekt mat ronn 1.000 Mammesproochler an Däitschland)
  • Zimbresch (Zimbar / Tzimbar / Zimbrisch / Tàuć, ronn 400 Mammesproochler an Italien)
  • Wilamowiceësch (Wymysiöeryś, 70–100 Mammesproochler a Polen)

Gesamtgermanesch Nomina

[änneren | Quelltext änneren]

Folgend Nomina sinn a bal alle germanesche Sprooche vertrueden a kënnen och fir d'Ur-Indogermanesch rekonstruéiert ginn:

Däitsch Alhéich-
däitsch
Lëtze-
buergesch
Lim-
burgesch
Hollän-
nesch
Alhollän-
nesch
Al-
sächsesch
Englesch Al-
englesch
Schwe-
desch
Islän-
desch
Alnor-
desch
Gotesch (Ur-)Ger-
manesch
Ur-Indo-
germanesch
Vaterfater ((Papp)) vader/papvaderfaderfadarfatherfæderfarfaðirfaðirfadar*fađer*pətér
Muttermuoter Mamm mooder/mammoedermuodermodarmothermodormormóðirmóðir*mōđer*mater
Bruderbruoder Brudder broorbroe(de)rbruotherbrođarbrotherbrođarbrorbróðirbróðirbroþar*brōþer*bhrater
Schwesterswester Schwester zös(ter)zus(ter)susterswestarsistersweostorsystersystirsystirswistar*swester*suesor
Tochtertohter Duechter dochterdochterdohterdohtardaughterdohtardotterdóttirdóttirdauhtar*duχter*dhugəter
Sohnsunu Bouf zoeënzoonsunosunusonsunusonsonursunrsunus*sunuz*suənu
Herzherza Häerz hertharthertahertaheartheortehjärtahjartahjartahairto*χertōn*kerd
Knieknio Knéi kni-jknieknikniokneecneoknäknéknékniu*knewa*genu
Fußfuoz Fouss voot/poeëtvoetfuotfōtfootfotfotfóturfótrfotus*fōt-*pod
Aue2ouwi - gêrmooiouwiewwieweeowuæraweþi*awi*owi
Kuhkuo Kou kowkoekuokocowcukokýrkýr*k(w)ou*gwou
Elchelaho, eliho Elch elandelandeloelahoelkeolh, eolkälgelgurelgr *elhaz, *algiz*h₁élḱis, *h₁ólḱis
Mähremeriha Mier maermerriemarchimergemaremere, mieremärr[2]merr*marhijō*marḱ-
Schweinswin Schwäin zwiênzwijnswīnswinswineswinsvinsvínsvínswein*swina*sus/suino
Hundhunt Hond hoôndhondhundahundhound3hundhundhundurhundrhunds*χundaz*kuon
Wasserwazzar Waasser waterwaterwatarwatarwaterwætervattenvatnvatnvato*watōr*wódr̥
Feuerfiur Feier veurvuurfuirfiurfirefyrfyr[3]fúrr*fōr, *fuïr*péh₂ur
((Bam))4 (Bam) boum(boom)(bom)triotreetreo(w)trädtrétrétriu*trevam*deru
((Rad)), (Well) Well raadwielwēlwheelhweolhjulhjólhvél*hwehwlą*kʷékʷlo-

2 neihéichdäitsch Aue = Mudderschof (vereelst, regional)
3 neuenglesch hound = Juegdhond
4 vergläich awer déi lescht Silb a Flie-der, Holun-der Et gëtt awer och e puer germanesch Nomina, déi net aus dem Ur-Indogermaneschen ierf ze schénge sinn:[4]

Däitsch Alhéich-
däitsch
Lëtze-
buergesch
Lim-
burgesch
Hollän-
nesch
Alhollän-
nesch
Al-
sächsesch
Al-
englesch
Eng-
lesch
Schwe-
desch
Is-
ländesch
Al-
nordesch
Go-
tesch
(Ur-)
Germanesch
Pflug pfluog Plou ploeg ploeg pluog plōg plōh plough, plow plog plógur plógr *plōgaz, *plōguz
Hand hant Hand hând hand ande hond hand hand hand hönd hönd handus *χanduz
  1. Stefan Sonderegger: Grundzüge deutscher Sprachgeschichte. Diachronie des Sprachsystems. Band 1: Einführung, Genealogie, Konstanten. Walter de Gruyter, Berlin 1979 (Nodrock 2011), S. 118–128.
  2. Svensk etymologisk ordbok (1922), S. 503
  3. haut „Liichttuerm“, historesch kuckt Svensk etymologisk ordbok (1922) S. 164 3. fyr … fyr och flamma („Feier a Flam“)
  4. Kluge. Etymologisches Wörterbuch der deutschen Sprache, 24. Aufl. S. 679: Pflug – Bezeigung a Beleeaglag widdersproochlech. Langobardesch plovum; Plinius huet e verbesserte Plou mam Numm plaumorātum am gallesche Rätien ernimmt.