Indoeuropäesch Sproochen

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
eng Variant vum Stammbam vun den indoeuropäesche Sproochen

Mat méi wéi dräi Milliarde Sproochler vu ronn 400 Sproochen, sinn d'indoeuropäesch Sproochen, oder d'indogermanesch Sproochen déi gréisst Sproochefamill op der Welt no der Zuel vu Mammen- an L2-Sproochler, an déi fënneftgréisst Famill no der Zuel vu Sproochen an Dialekter[1]. No der europäescher Expansioun zanter dem 15. Joerhonnert gi s'op alle Kontinente geschwat[2].

D'indoeuropäesch Sprooche gehéieren zu der hypotetescher nostratescher Makrofamill[3]. Déi exakt Urheemecht vun den Indoeuropäer (Indogermanen) a vun hirer indoeuropäescher Ursprooch ass nach onbekannt, eng vun de warscheinlechen Urheemechte vun der Sproochefamill kann déi archeologesch Jamna-Kultur am Territoire vun der moderner Ukrain a vum moderne Südwest- a Südrussland ginn[4].

D'germanesch Sproochen, ënner anerem Lëtzebuergesch gehéieren och zu der indoeuropäescher Famill.

Klassifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Indoeuropäesch (indogermanesch) Sproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.ethnologue.com/statistics/family
  2. Michael Meier-Brügger. Indogermanische Sprachwissenschaft. 8. Auflage. Walter de Gruyter, Berlin 2002, E 301.
  3. Дыбо В. А., Терентьев В. А. Ностратические языки // Лингвистический энциклопедический словарь. — М.: Сов. энциклопедия, 1990. — С. 338—339.
  4. https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/25731166