Afrikaans
Ausgesinn
| Afrikaans Afrikaans | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an: | Südafrika, Namibien, Botswana |
| Regioun: | Afrika |
| Gëtt geschwat vun: | 7.2 Milliounen (Mammesprooch), 11.4 Millounen (Zweetsprooch)[1] |
| Klassement: | ? |
| Klassifikatioun no Sproochefamill: | Indoeuropäesch |
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun: | Südafrika |
| Reglementéiert vun: | Die Taalkommissie |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | af |
| ISO 639-2 | afr |
| ISO 639-3 | afr |
Afrikaans ass eng nidderfränkesch Sprooch déi haaptsächlech a Südafrika an an Namibie geschwat gëtt. Afrikaans huet sech aus hollänneschen Dialekten entwéckelt[2]. D'Hollännesch Sprooch gouf vun den Hollänner déi sech a Südafrika ugesidelt hunn, matgebruecht. Afrikaans huet sech wärend dem 18. Joerhonnert vun den europäeschen Dialekten distanzéiert, a gouf 1925 vun der südafrikanescher Regierung als eege Sprooch unerkannt[3]. Hautesdags ass Afrikaans standardiséiert, d'Grammatik an d'Orthographie gi vun der "Taalkommissie" reglementéiert.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Victor Webb, Language in South Africa: The role of language in national transformation, reconstruction and development. John Benjamins Publishing Company (08.08.2002). Gekuckt den 13.04.2022.
- ↑ (en) Nancy L. Clark, South Africa : the rise and fall of apartheid (2016). Gekuckt den 13.04.2022.
- ↑ (en) Richard B. Baldauf, Robert B. Kaplan, Language Policy and Planning in Botswana, Malawi, Mozambique and South Africa: Some Common Issues. Multilingual Matters (27.08.2004). Gekuckt den 13.04.2022.