Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dat haitegt Islännesch geet op dat Alislännesch zeréck, dat am Héich- a Spéitmëttelalter geschwat a geschriwwe gouf. Déi éischt islännesch Siidler koume gréisstendeels vun der südwestlecher Küst vun Norwegen, wouduerch sech Alislännesch an Alnorwegesch nëmme marginal ënnerscheeden.
D'islännescht Alphabet huet 32 Buschtawen, déi gréisstendeels deene vum Laténgeschen Alphabet entspriechen. Déi regulär Vokalen (mam y, awer ouni æ an ö) gëtt et och an enger zweeter Form, mat engem Accent.
Hver maður er borinn frjáls og jafn öðrum að virðingu og réttindum. Menn eru gæddir vitsmunum og samvizku, og ber þeim að breyta bróðurlega hverjum við annan.
All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.