Diakritescht Zeechen

Vu Wikipedia
Buschtaf A mat e puer Diakritika

Diakritesch Zeechen (och Diakritikum, Pl. Diakritika, aus dem Griicheschen διακρίνειν „auserneenhalen“) si kleng Zeechen, déi op oder ënner engem Buschtaf ubruecht sinn, wéi z. B. Punkten, Kreepercher, Strécher oder Kreesser. Si kënnen entweeder d'Betounung uweisen, oder awer d'Aussprooch vun engem Buschtaf änneren, resp. a Kombinatioun mat engem Buschtaf fir e Laut gebraucht ginn, fir deen et keen eegene Buschtaf gëtt.

Hire Gebrauch ka sech vu Sprooch zu Sprooch änneren (z. B. markéiert den Accent aigu a bestëmmte Sproochen e betounte Vokal, woubäi en an aneren d'Qualitéit vun der Aussprooch ännert (vgl. z. B. am Franséischen "regarde" vs. "regardé"). Jee no der Sprooch gi (verschidde) Buschtawe mat diakriteschen Zeechen als eege Buschtawen ugesinn oder och net.

Lëscht vun den Diakritika (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Numm vum Zeechen Zeechen Beispill Beschreiwung / Erklärung
Accent aigu (Akut)
◌́
Áá Ćć Éé Íí Ĺĺ Ńń Óó Ŕŕ Śś Úú Ýý Źź Kuerze Stréch vun ënnen lénks no uewe riets, iwwer oder virum Buschtaf. E charakteriséiert eng speziell Aussprooch vum Buschtaf oder d'Betounung vum Wuert.

D'symmetrescht Géigestéck ass den Accent grave.

Duebelen Accent aigu
◌̋
Őő Űű Kuerzen duebele Stréch vun ënnen lénks no uewe riets, iwwer dem Buschtaf, besonnesch am Ongreschen. E charakteriséiert eng méi laang Aussprooch wéi déi kuerz Vokaler Ö, ö an Ü, ü.

D'symmetrescht Géigestéck ass de Duebelen accent grave.

Accent circonflexe
◌̂
Ââ Êê Ĝĝ Ĥĥ Îî Ĵĵ Ôô Ŝŝ Ûû Ŵŵ Ŷŷ No ënnen oppene spatze Wénkel (Daach) iwwer engem Buschtaf deen engem ëmgedréinten Hatschek entsprécht. E charakteriséiert eng speziell Aussprooch oder d'Betounung vum Buschtaf.
Accent grave (Gravis)
◌̀
Ăă Ĕĕ Ğğ Ĭĭ Ŏŏ Ŭŭ Weist am Italieeneschen a Katalaneschen déi betounte Silb, am Franséischen déngt en entweeder dozou, fir Wierder auserneen ze halen (vgl. ou vs. ; a vs. à) oder fir eng ënnerschiddlech Betounung unzeweisen: (berger vs. bergère).
Duebelen accent grave
◌̏
⁠ȅ⁠
Brève (Brevis)
◌̆
Ăă Ĕĕ Ğğ Ĭĭ Ŏŏ Ŭŭ No uewen oppene Hallefkrees iwwer engem Buschtaf. Anescht wéi den Hatschek deen änlech ausgesäit, ass se ronn, net spatz.

Se charakteriséiert eng speziell Aussprooch oder d'Betounung vum Buschtaf, absënns am Rumäneschen, Tierkeschen, Koreaneschen, Vietnameseschen oder Esperanto.

Brève ënnendrënner
◌̮
i̯y̯ɪ̯ʏ̯ ɨ̯ʉ̯ɯ̯u̯ ʊ̯e̯ø̯ɘ̯ ɵ̯ɤ̯o̯ɛ̯ œ̯ɜ̯ə̯ɞ̯ ʌ̯ɔ̯æ̯ɶ̯ a̯ɐ̯ɑ̯ɒ̯ No ënnen oppene Hallefkrees ënner engem Buschtaf. Se gëtt haaptsächlech an der Transliteratioun vun der Ägyptescher an de Semittesche Sprooche gebraucht.
Cedille
◌̧
ç, ş Klenge kromme Krop deen enger Fënnef gläicht an an der Mëtt ënnert engem Buschtaf hänkt fir unzeweisen, datt deen eng besonnesch Aussprooch huet.
Cedille driwwer
◌̛
ģ Am Lettesche gëtt d'Cedille beim klenge g driwwer geschriwwen: Ģ awer ģ.
Har
◌̛
Ơơ Ưư Diakritescht Zeechen um rietsen ieweschten Wupp vum Buschtaf o oder u. Den ơ an ư weisen am Vietnameeseschen eng speziell Aussproch vum o an u un.
Hatschek (Háček)
◌̌
Ǎǎ Čč Ďď Ěě Ǧǧ Ȟȟ Ǐǐ J̌ǰ Ǩǩ Ľľ Ňň Ǒǒ Řř Šš Ťť Ǔǔ Ǚǚ Žž Ǯǯ No uewen oppene spatze Wénkel (ëmgedréinten Daach) iwwer engem Buschtaf deen engem ëmgedréinten Accent circonflexe entsprécht. Am Tschecheschen, Slowakeschen a Sloweeneschen gëtt e gebraucht fir en Zischlaut z'indiquéieren.

Anescht wéi d'Brêve déi änlech ausgesäit, ass e ronn, net spatz.

Komma ënnendrënner
◌̦
Ķķ Ļļ Ņņ Ŗŗ Șș Țț Gëtt z. B. am Rumänesche ënner dem s an t gebraucht fir unzeweisen, datt den ș wéi e lëtzebuergeschen sch an den ț wéi en ts ausgeschwat ginn.
Koronis
◌̓
D'Koronis ass en Diakritikum aus der algriichescher Schrëft. Se weist eng Krasis (Zesummenzéie vun engem Vokal oder Diphthong) un a gëtt iwwer de Vokal vum zweeten Deel gesat. D'Koronis gläicht dem Spiritus lenis oder dem Apostroph.
Kréngel (Kroužek)
◌̊
Åå Ůů Klenge Krees (◌̊) an der Mëtt iwwer engem Buschtaf (net ze verwiesselen mat Grad-Zeeechen (°)). De Kréngel huet jee no Sprooch verschidde Bedeitungen: am Tschecheschen gëtt den ů als [] ausgeschwat iwwerdeems am Däneschen, Norwegeschen a Schweedeschen den Åå dem Laut [] entsprécht.
Makron (Queeschstréch)
◌̄
Āā Ēē Īī N̄n̄ Ōō Ūū Ǖǖ Ȳȳ De Makron gëtt ë. a. am Letteschen, Litaueschen, Hawaieschen, Māori an an der laténgescher Transkriptioun vum Japaneschen, Chineeseschen, Arabeschen, Perseschen a südasiatesche Sprooche gebraucht. En huet jee no Sprooch verschidde Bedeitungen.
Makron (ënnendrënner)
◌̱
Ṉṉ Ṟṟ Horizontale Stréch ënner engem Buschtaf. E Gëtt an den europäeschen Sproochen net gebraucht, ma just an der Transliteratioun vun enger Rëtsch aussereuropäesche Sproochen.
Ogonek (Nasalkrop)
◌̨
Ąą Ęę Įį Ǫǫ Ųų Den Ogonek (polnesch fir „klenge Schwanz“) gëtt ë. a. an der polnescher a litauescher Sprooch gebraucht. Am Polneschen gëtt et den Ąą an den Ęę déi dann als Nasallaut geschwat ginn. D'Litauesch Buschtawe mam Ogonek bedeiten e méi laange Vokal.
Punkt (driwwer)
◌̇
Ȧȧ Ḃḃ Ċċ Ḋḋ Ėė Ḟḟ Ġġ Ḣḣ

İ Ṁṁ Ṅṅ Ȯȯ Ṗṗ Ṙṙ Ṡṡ Ṫṫ

Ẇẇ Ẋẋ Ẏẏ Żż

Den Iwwerpunkt, e Punkt iwwer engem Buschtaf, gëtt als diakritescht Zeechen an den europäesche Sprooche bal net gebraucht, mat Ausnam vum i a j, bei deenen e meeschtens net als sollechen ugesi gëtt. Et gëtt do dernieft den Ċċ a Ġġ am Malteseschen an Ireschen (al Orthografie), Ėė am Litaueschen, İi am Tierkeschen an Żż am Polneschen a Malteseschen.
Punkt (ënnendrënner)
◌̣
Ạạ Ḅḅ Ḍḍ Ḥḥ Ịị Ḳḳ Ḷḷ Ṃṃ

Ṇṇ Ọọ Ợợ Ṛṛ Ṣṣ Ṭṭ Ụụ Ựự Ṿṿ Ẉẉ Ỵỵ Ẓẓ

Den Ënnerpunkt ass e Punkt ënnert engem Buschtaf a gëtt als diakritescht Zeechen haaptsächlech an aussereuropäesche Sproochen oder an der Transliteratioun gebraucht. An Europa gëtt den Ënnerpunkt just a verschiddenen Dialekter vum des Asturesche gebraucht.
Schréistréch
◌̷
Øø Łł De Schréistréch als diakritescht Zeechen bedeit eng besonnesch Aussprooch vun engem Buschtaf. Als Besipill sief den Øø am Däneschen an den Łł am Polneschen, Sorbeschen an an der latäiniséierter Versioun vum Wäissrusseschen (Łacinka) genannt.
Spiritus asper
◌̔
Ἁἁ Ἑἑ Ἡἡ Ἱἱ Ὁὁ Ὑὑ Ὡὡ Ῥῥ Der Spiritus asper ass en Diakritikum aus der algriichescher Schrëft. E gëtt gebraucht fir ze weisen, datt de Vokal ageotemt (aspiréiert) gëtt; d'Aussprooch ass da wéi mat engem h virdrun.

Bei de Minuskele steet de Spiritus asper driwwer, bei de Majuskelen lénks virum Vokal.

Spiritus lenis
◌̓
Ἀἀ Ἐἐ Ἠἠ Ἰἰ Ὀὀ Ὠὐ ὠ Der Spiritus lenis gëtt et an der algriichescher Schrëft a bedeit, datt e Vokal ouni h virdrun ausgeschwat gëtt. Bei de Minuskele steet de Spiritus lenis driwwer, bei de Majuskelen lénks virum Vokal.
Tild
◌̃
Ãã Ĩĩ Ññ Õõ D'Tild ass en diakritescht Zeechen iwwer engem Buschtaf. Am Portugisesche gëtt d'Tild iwwer de Vokaler Aa an Oo gebraucht, fir unzeweisen, datt déi nasaléiert (duerch d'Nues) ausgeschwat ginn (Ãã Õõ). Am Spuenesche gëtt den Ññ gebraucht fir unzeweisen, datt dee wéi [ɲ] ausgeschwat gëtt.
Tild (ënnendrënner)
◌̰
D'Tild ënnendrënner gëtt am Internationale Phoneteschen Alphabet (IPA) gebraucht.
Treema
◌̈
Ää Ëë Ïï Öö Üü Ÿÿ Den Treema ass en horizontalen Doppelpunkt iwwer engem Buschtaf a weist a verschiddene Sproochen un, datt Vokaler getrennt ausgeschwat ginn (z. B. am Griicheschen, Franséischen oder Hollänneschen oder Lëtzebuergeschen) (Beispiller: fr: Noël, lb: leeën). ë. a. am Däitschen, Schweedeschen an am Tierkesche weist den Treema en eegene Laut un (Ëmlaut): de: Äste, über, Vögel; tr: kültür, döner).
Treema (ënnendrënner)
◌̤
Ṳṳ Den Uu mat engem Treema ënnendrënner (Ṳṳ) gëtt an der Transkriptioun vu Min Dong, enger chineesescher Sprooch gebraucht. Fir datt nach diakritesch Zeechen fir d'Markéiere vum Toun kënne gesat ginn, ass den Treema drënner.

Am Lëtzebuergeschen[änneren | Quelltext änneren]

Am Lëtzebuergesche sinn am Prinzip just den Accent aigu an den Treema gebräichlech. Ausname si Wierder aus dem Franséischen, déi tel-quel iwwerholl ginn; déi kënnen dann no de Reegele vun der franséischer Orthographie och en Accent grave, Accent circonflexe oder eng Cédille hunn (e Garçon, e Saumon-fumés-Schnittchen, e Ministère).

Den Accent aigu ass do, fir d'Diphtongen /ei/ an /éi/ z'ënnerscheeden (leien, léien), oder d'Tounqualitéit vum kuerzen /e/ ze verdäitlechen (vgl. Dreck vs. dréck(en)).

Den Treema fënnt een um /ë/ (Lëschtestëmm) an /ä/ (Gärfässer), seelen och um /ö/ (blöd).

  • Um /ë/ huet en d'Roll, e betounte Schwa-toun [ə] ze markéieren (Rëmeleng). Ausserdeem déngt en dozou, bei dräi /e/ hannereneen unzeweisen, wéi déi zwou Silben auszeschwätze sinn (Eeër, leeën, gëeent, zweeeeëg).
  • Den /ä/ kënnt an den Diphtongen /äi/ an /äe/ zum Asaz (bläien, Äis, bläeren, Äerd). Ausserdeem gëtt domat, wéi am Däitschen, den A-Ëmlaut erëmginn (Apel - Äppel).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diakritescht Zeechen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8