Minuskel

Vu Wikipedia

D'Minuskele si Klengbuschtawen. Si passen an e Véierlinneschema. An dësem kënnen d'Minuskelen och eng Uewerlängt (z. B. b, d, f, h, k, l) oder eng Ënnerlängt hunn (z. B. g, j, p, q, y). Minuskel ass och eng Bezeechnung fir eng a Minuskel geschriwwen Handschrëft, heefeg fir eng entspriechend Bibelhandschrëft.

Majuskel a Minuskel

Wuerturspronk[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung Minuskel ass aus dem laténgesche Wuert minusculus ofgeleet, wat (nees ofgeleet ass vu minus = méi kleng, wéineger) sou vill bedeit wéi éischter kleng.

Si staamt aus dem Mëttellaténgeschen, méiglecherweis aus dem Joer 1000 n. Chr.

D'Géigendeel vu Minuskel ass Majuskel resp. Versal.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Herbert Hunger: Antikes und mittelalterliches Buch- und Schriftwesen. In: Die Textüberlieferung der antiken Literatur und der Bibel. dtv, München 1975, ISBN 3-423-04485-3