Island

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Lýðveldið Ísland

islännesche Fändel

islännesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: keng
Offiziell Sprooch: Islännesch
Haaptstad: Reykjavík
 • Awunner: 117 898 (3. Abrëll 2008)
 • Koordinaten: 64°08'N, 21°56'W
Staatsform:
 • President: Guðni Th. Jóhannesson
 • Ministerpresidentin: Katrín Jakobsdóttir
Fläch: 103 000 km² (104.)
 • Dovu Waasser: 2,7 % %
Bevëlkerung: 313 376 (1. Januar 2008) (169.)
 • Bevëlkerungsdicht: 2,9/km²
Nationalfeierdag: 17. Juni
Nationalhymn: Ó Guð Vors Lands Lauschtert
Wärung: Krónur
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .is
Internationalen
Telefonsprefix
:
+354

Island ass en Inselstaat am Norde vum europäesche Kontinent, an no England deen zweetgréissten Inselstaat vun Europa.

Island läit am Nordatlantik a bësse südlech vum nërdleche Polarkrees.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Island gouf den 1. Januar 1918 souverän, blouf awer a Personalunioun mat der dänescher Kroun. De 17. Juni 1944 huet et déi Unioun gekënnegt an d'Republik ausgeruff. Am Parlament, dem Althing, sinn 63 Deputéierten. All véier Joer gëtt gewielt.

Island hat besonnesch staark ënner der Finanzkris 2007/2008 ze leiden. An deem Zesummenhank war och d'Demande ze gesinn, der Europäescher Unioun bäizetrieden, déi de 16. Juli 2009 vum Althing guttgeheescht gouf. Am Mee 2013 huet déi nei konservativ-liberal Regierung ënner dem Premier Sigmundur Gunnlaugsson ugekënnegt, d'Bäitrëttsverhandlungen ze stoppen an e Referendum z'organiséieren, ob d'Bevëlkerung fir e Bäitrëtt wier. Den 12. Mäerz 2015 huet d'Parlament decidéiert, d'Demande op EU-Memberschaft zeréckzezéien. E Referendum gouf et bis ewell nach keen.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Dem Statistesche Büro vun Island no[1] hunn den 3. Abrëll 2008 313.376 Leit op der Insel gelieft, dovu waren der 291.942 Islänner.

Am Géigesaz zu villen anere westleche Staaten ass d'Bevëlkerungszuel an Island, wéi och zu Lëtzebuerg, an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn, an an de leschte 5 Joer ass déi souguer nach méi séier eropgaangen. Den Trend gëtt ënnerstëtzt duerch den Ustig vum Auslännerundeel, dee sech selwer duerchschnëttlech ëm zirka 1,5 % all Joer tëscht 1950–1990 an ëm 3,5 % am Joer 2003 vergréissert huet.

2008 si 6,83 Prozent vun der islännescher Bevëlkerung Auslänner. Et sinn dat ënner anerem 2,7 % Polen, 0,3 % Dänen, 0,2 % Philippinoen a 0,3 Däitscher.

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Eng 93 % vun der Bevëlkerung lieft a Stied. Déi gréisst sinn:

D'Awunnerzuel bezitt sech jeeweils op den 3. Abrëll 2008 an déi ganz Gemeng (Municipality)

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 www.statice.is


Commons: Iceland – Biller, Videoen oder Audiodateien